D'Arméi méi attraktiv maachen.
D'Chamber huet decidéiert: D'Aarbechtskonditioune bei der Arméi solle verbessert ginn. Dat ass kee Witz, och wann et esou kléngt. An enger Welt, an där et iwwerall knuppt an d'Diplomatie iwwerflësseg ginn ass, muss d'Arméi hir Roll iwwerhuelen. Och zu Lëtzebuerg gëtt sech d'Fro gestallt: Wéi kënne mer d'Arméi méi attraktiv maachen?

Attraktiv. Fir de Krich. Fir de "Worst Scenario". Fir de "Misär" an den Doud, wéi den DP-Deputéierte Marc Hansen et esou schéi poetesch ausgedréckt huet. Wann een esou schwätzt, brauch een eigentlech keng Satir méi – dat ass Realsatir op héchstem Niveau.
530 Euro méi – fir eng Carrière, déi mat engem Staatsbegriefnis ophält
D’Verbesserunge kléngen esou:
- méi héich Indemnitéiten,
- méi héich Kompensatiounen (fir dat ze kompenséieren, wat d’Arméi net op hirer Websäit schreift),
- an de Basissold gëtt ëm 530 € de Mount eropgesat, fir endlech mam onqualifizéierte Mindestloun (2.703,74 €) gläichzezéien.
Fir ze liewen ze mann, fir ze stierwen ze vill.
Dat kléngt impressionnant. Dat kléngt generéis. Eng Upassung, déi awer näischt drun ännert, datt dës Carrière am schlëmmste Fall net mat enger Pensioun, mee mat engem militäresche Begriefnes ophält.
Eng Carrière an der Arméi geet eben séier biergop. Ganz séier. Direkt an den Himmel.
Personalstrategie: “Komm bei eis – mir preparéieren dech op de Worst Case!”
An engem normale Beruff géif een esou eng Campagne net duerch d’Ressources humaines kréien.
"Mir bidden eng attraktiv Pai, vill Kompensatiounen – an am Eeschtfall stierfs de. Interesséiert?
👉 Klick hei fir ze kandidéieren."
Mee bei der Arméi geet dat duerch. An RTL bericht doriwwer an engem journalistesch-drëchenen Toun, sou wéi wann et ëm déi nei Pausereegelung bei der Post géif goen.
D'Politik wëll d’Arméi méi attraktiv maachen, well den Ennemi jo bekanntlech scho virun der Dier steet an d'Welt scheinbar ëmmer méi onsécher mécht. Dat heescht am Kloertext: Wat d'Gefor méi grouss, wat d'Offer méi lackeleg muss ginn.
Dat ass wéi wann de Bëschbrand ëmmer méi grouss gëtt, an d'Léisung dora besteet, d'Pomjeeë besser ze bezuelen, amplaz ze verhënneren, datt et iwwerhaapt brennt.
Eng Arméi, déi an en A400M passt
D’Diskussioun iwwer d’Attraktivitéit gëtt nach méi absurd, wann een sech der Gréisst vun der Lëtzebuerger Arméi bewosst ass. Offiziell sinn et ronn 1.200 Leit. Zielt een d'Logistik, d'IT, d'Administratioun, d'Militärmusek an déi zwee Zaldoten beim Palais ewech, da bleiwe ëm déi 300 "combat ready" Zaldoten. Déi loosse sech bequem an den A400M drécken. Dee flitt zwar ënner lëtzebuergeschem Fändel, mee e steet zu Melsbroek an der Belsch.
Eng Arméi, déi an ee Fliger passt, soll also elo mam Mindestloun méi attraktiv ginn.
"Trendy": e Wuert, dat keen an d’Kasär lackelt
Am September 2025 hat de neie Luc d’Arméi als "trendy" bezeechent, wéi den NATO-Generalsekretär Rutte op Besuch war. Et war eng kommunikativ Hoffnung, déi sech leider séier als optimistesch Fantasie erausgestallt huet: amplaz vun de gebrauchte 650 Rekruten hunn sech der nëmme ganzer 56 gemellt. Dat ass net emol eng hallef Kompanie, an et weist, datt "trendy" net duergeet, wann d’Job Description "Worst Scenario", also Krich, ass.
Déi nei Gesetzesprojeten sinn also näischt anescht wéi d'Phase 2 vun der gescheiterter Rekrutéierungscampagne. Nodeems de Marketing näischt bruecht huet, probéiert een et elo mat Suen. Et ass déi logesch Iwwerleeung an engem Land, dat ëmmer mengt, alles mat Suen ze léisen.
D’Fro bleift: Wéi vill "Attraktivitéit" brauch et, fir de Krich als Aarbechtsplaz ze verkafen? Wéi vill "Attraktivitéit" brauch et, fir eng Generatioun ze iwwerzeegen, datt de Mindestloun eng raisonnabel Géigeleeschtung ass fir e Fin de carrière mat engem militäresche Begriefnes?



Kommentar schreiben