D'Chamber huet decidéiert: D'Aarbechtskonditioune bei der Arméi solle verbessert ginn. Dat ass kee Witz, och wann et esou kléngt. An enger Welt, an där et iwwerall knuppt an d'Diplomatie iwwerflësseg ginn ass, muss d'Arméi hir Roll iwwerhuelen. Och zu Lëtzebuerg gëtt sech d'Fro gestallt: Wéi kënne mer d'Arméi méi attraktiv maachen? Eng Satir iwwer de Sënn vun der Arméi a vum Krich.
Den 13. Juli 2025 si méi Leit bei d'Lëtzebuerger Arméi gepilgert wéi der und der Muttergottesoktav an under Sprangpressessioun zesummen deelgeholl hunn. Mam Poséieren op Panzeren a politescher PR gouf d'national Verteedegung déi nei Liturgie. Minister mat Maschinnegewierer, Resilienz fir unzepaken, a matzendran d'Mettwurscht als helleg Hostie. Déi nei Doktrinn: marschéieren, grinsen, ersetzen.
Den Dokter Hans Christoph Atzpodien, Generaldirekter vum "Bundesverband der Deutschen Sicherheits- und Verteidigungsindustrie", huet de 5. Mäerz 2025 de revolutionäre Programm "Autos zu Rüstung" virgestallt.
1967 gouf d'Wehrflicht ofgeschaaft. Elo plangt d'Regierung se 2024 nees anzeféieren. D'Arméiministesch Yuriko Backes huet dat e puer Mol an der Press annoncéiert. Den Arméi-Generol Steve Thull huet sech haut an engem RTL-Interview besuergt gewisen, datt et ouni d'Neesaféierung vum obligatoresche Militärdéngscht net genuch Leit géife ginn, fir déi Gefalen un der Front ze ersetzen.