D'Arméiministesch Yuriko Backes post sech am Summerrack bei camoufléierte Jugendlechen um Boot Camp vun der Arméi. E satiresche Kommentar iwwer PR-Inszenéierung, schappeg Rekrutéierung an d'Fro, wat 15-Järeger wuel mat der Ministesch iwwer "zukünfteg Projeten" ze diskutéieren hunn.
D'Chamber huet decidéiert: D'Aarbechtskonditioune bei der Arméi solle verbessert ginn. Dat ass kee Witz, och wann et esou kléngt. An enger Welt, an där et iwwerall knuppt an d'Diplomatie iwwerflësseg ginn ass, muss d'Arméi hir Roll iwwerhuelen. Och zu Lëtzebuerg gëtt sech d'Fro gestallt: Wéi kënne mer d'Arméi méi attraktiv maachen? Eng Satir iwwer de Sënn vun der Arméi a vum Krich.
Eng Satir iwwer d’Lëtzebuerger Arméi, déi trotz intensiver Reklammenoffensiv just 52 Rekruten fonnt huet an elo op EU Personal setzt. Eng Analyse voller Ironie vun engem Land, dat seng Arméi mat "Just in Time Delivery" aus der Groussregioun opfëlle wëll.