· 

D'52-Stonnewoch

Wéi d’UEL d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckdréine wollt

Den 11. September 2025 geet als besonneschen Dag an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung an. De Patronatsverband UEL hat wëlles, d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckzedréinen. RTL huet bericht: D'Aarbechtszäit kéint geschwënn 52 Stonne pro Woch sinn.

Dank der mathematescher Leeschtung vum LCGB-President Patrick Dury, konnten d’Pläng vun der UEL matzäiten duerchkuckt ginn. Mat enger einfacher Equatioun aus de Fuerderunge vun den Patronen no enger jäerlecher Referenzperiod fir d'Berechnung vun den Aarbechtsstonnen an enger Reduktioun vun de Rouzäiten léisst sech nämlech folgendes ofleeden:

Maximal Flexibilitéit + manner Pausen = 52 Stonne schaffen

Et liicht jidderengem an: wat d'Rouzäit méi kuerz, wat d'Aarbechtszäit méi laang ass.

Ma den Dag drop koum schonn den Dementi vun der UEL. An deen huet sech unhéiere wéi bei engem klenge Kand, dat mat vollbeschmiertem Schockelasmond erwëscht gouf an awer behaapt: “Ech war et net, ech hunn de Kuch guer net ugepaakt”. "Mir hunn ni d’52-Stonnewoch gefrot!" behaapt d’UEL. Natierlech net. Wéi kann een och nëmmen op esou Gedanke kommen. Kloer: d'UEL freet net laang, se hëlt sech einfach, wat se wëllt.

Déi ganz Diskussiounen ronderëm d’Work-Life-Balance, Aarbechtszäitverkierzung an dem Ruff no méi Fräizäit ass dem UEL-President Michel Reckinger scho laang en Dar am A. A senger Fräizäit geet de Michel Reckinger am léifste fëschen, an do hätt hie gär seng Rou. Net auszedenken, wann déi gewéinlech Leit méi Fräizäit hätten. Da wär et nämlech eriwwer mat der Rou, well sech dann  all déi beim Waasser tummelen, déi normalerweis op hirer Aarbecht wären. Dofir ass de Michel Reckinger och immens frou, näischt mam soziale Fligel vun der CSV ze dinn ze hunn. Zanter 100 Joer geet et mat der Aarbechtszäit just nach biergof. An dobäi hat alles sou gutt ugefaangen – virun 100 Joer. Firwat also net zréck an déi gutt al Zäit goen?

▲ De Michel Reckinger beim Fëschen - op der grénger Wiss. Gefaangen huet hien deen Dag näischt. (Foto: BIL, aus BIL Stories)
▲ De Michel Reckinger beim Fëschen - op der grénger Wiss. Gefaangen huet hien deen Dag näischt. (Foto: BIL, aus BIL Stories)

Historique vun der Aarbechtszäit zu Lëtzebuerg*:

05.03.1928 48-Stonnewoch (Industrie)
20.04.1962 44-Stonnewoch (Empl. privés) 
09.12.1970 44- Stonnewoch (Aarbechter)
12.11.1971 40- Stonnewoch (Empl. privés)
01.01.1975 40- Stonnewoch (Aarbechter)
11.09.2025 52 Stonnewoch fir jiddereen (UEL)

Mam Wand, deen d’UEL an de Seegelen huet, surft de Michel Reckinger mam neie Luc op der selwechter Wellelängt. D’Gesetz iwwert d’Kollektivverträg géifen se am léifsten iwwer Bord geheien. De Sozialdialog? Totalschued. D'Gewerkschaften? Just lästeg an iwwerflësseg wéi e Kréiena. D'Léisung? Kuscheldelegéierten, déi engem aus der Hand friessen, amplaz vu motivéierten a gutt forméierte Gewerkschaftsvertrieder – e Plang, deen esou nidderträchteg war, datt souguer de Machiavelli applaudiéiert hätt. A sengem Wierk “Il Principe“ vu 1513 liwwert de Machiavelli den Herrscher eng Gebrauchsanweisung, wéi si sech uleeë musse fir Muecht ze kréien, se ze behalen an auszebauen, an dat alles ouni Rücksicht op moralesch Prinzipien ze huelen. Mee leider ass de Plang vun UEL a Regierung net opgaangen. Den 28. Juni 2025 huet d’Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB iwwer 25.000 Leit mobiliséiert, fir dem neie Luc an der UEL ze weisen, wou de Bock d'Lach huet an datt de gewënschte Sozialofbau net einfach akzeptéiert gëtt.

De Michel Reckinger, dee nach virun der Gewerkschaftsmanif ganz mediewierksam fir deen Dag ee gemeinsame Spadséiergang mam neie Luc am Bësch annoncéiert hat, huet misste feststellen, datt de Bësch eidel war. De Premier wollt léiwer doheem bleiwen fir sech iwwert de Masseprotest vum Proletariat via Live-Ticker um Lafenden ze halen. Oder fir seng Rouzäit ze genéissen. Well déi vun de Ministeren steet jo bekanntlech net zur Diskussioun.

Ma d'UEL an d’Regierung wollten trotz der erfollegräicher Protestaktioun vun der Gewerkschaften net einfach opginn. Den 9. Juli 2025, zéng Deeg nom grousse Volleksopstand, koum et zu enger Réunioun tëscht der UEL, de Gewerkschaften an der Regierung. Et sollt eng Mammutsëtzung vu 14 Stonne ginn. Geplangt war ee kulinarescht Massaker, bei deem d'Gewerkschaften sollte brutschele gelooss gi bis se mëll sinn. 

Um Menü stounge folgend Gäng:

  • Entrée: Pensiounsreform à la Reckinger
  • Haaptplat: Sonndesaarbecht a Ladenöffnungszäite mat neoliberaler Zooss
  • Dessert: 52-Stonnewoch flambéiert

 

Den 10. Juli, um Frittefest vun der CSV, huet den neie Luc sech iwwert d’Gewerkschafte lëschteg gemaach a gesot: "Ech hu versicht, si esou laang am Sall ze halen, datt si géinge Jo zu alles soen. Dat ass mir net ganz gelongen, mee si si mir op d'mannst do bliwwen. An dat - mengen ech - ass schonn e groussen Erfolleg. Mee si hu ganz schlecht ausgesinn. Dat heescht, déi sinn och net gewinnt, Iwwerstonnen ze maachen."

D'Gewerkschaften bloufe standhaft. Keen Dessert, keen Deal. D'Revolutioun gouf net ofgesot - se gouf op e spéideren Datum verréckelt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0