Den 11. September 2025 geet als besonneschen Dag an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung an. De Patronatsverband UEL hat wëlles, d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckzedréinen. RTL huet bericht: D'Aarbechtszäit kéint geschwënn 52 Stonne pro Woch sinn.
D'Rentemauer kënnt. Scho 35 Joer laang. A mir knalle poulriichtriicht dran – zumindest wann een de Politiker gleeft. Well d'Mënschen ëmmer méi al ginn, wär de System net méi ze finanzéieren, kréie mer agetriichtert. Ma stëmmt dat iwwerhaapt? Gi mer wierklech ëmmer méi al? Elo mellt sech d'Wëssenschaft zu Wuert, an déi seet: Nee.
Zu Lëtzebuerg, dem Land vun de guttgenierten a gemittleche Bierger, riskéiert de soziale Fridden an d'Schlidderen ze geroden. Den 28. Juni 2025 sinn iwwer 25.000 Leit aus hirem üblech Train-Train ausgebrach a sinn aus Protest duerch d'Stad marschéiert. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB haten zur Demonstratioun opgeruff, an hire Message war sou wéineg ze iwwersinn wéi der CSV hire Logo um Projet iwwert d'Pensiounsreform.
"Lëtzebuerg wëll Entscheedungen iwwer d'Verdeedegungsausgaben am Aklang mat den aneren 31 NATO-Memberstaaten treffen", sot de Luc Frieden op der Pressekonferenz nom Ministerrot vum 13. Juni 2025. Scho virum Sommet waren d'NATO-Memberstaaten sech eens, de Bäitrag op 5 Prozent vum PIB (Bruttoinlandsprodukt) ze erhéijen.