Hei gëtt net kandidéiert, hei gëtt verierft
D'Lëtzebuerger Demokratie funktionéiert net duerch Walen, mee duerch Ierfschaft – zumindest bei der CSV. D'politesch Carrière fänkt bei der Daf un, wärend de Monni, d'Tatta oder de Schwoer dem Nowuess d'Plaz an der Chamber waarm halen. Bei der CSV zielt d'Devis: 1X gewielt, 3X weiderverierft – Mandatekarussell am Familljekrees.
Den Editorial am Wort vum 4. Juli 2025 war alt nees eng Sonndespriedegt – dës Kéier mat der zentraler Fro: Familljen an der Chamber? Et géing ëm Gerechtegkeet, ëm Fairness, ëm Politikerdynastien an ëm Interessekonflikter, déi verfassungsméisseg erlaabt wären. Bravo. Mee wärend d'Chefredaktesch d'Familljekombinnen opzielt, ignoréiert si den eigentleche Knackpunkt, deen am Grand-Duché kruzial ass: Bezéiungen, Bekanntschaften a guttsortéiert Visitekäertercher – net d'Loyalitéit zu der Verfassung.
Well d'Fro ass net eleng déi, ob et Familljendynastien an der Politik ginn, mee wien dovu profitéiert a wien zoufälleg am Wort-Leitartikel vergiess gouf. D'CSV, zum Beispill, eng politesch Urzäitkreatur a Stammbamgesellschaft par excellence, gouf am Leitartikel sou diskret behandelt wéi eng Parteispend beim Vin d'honneur. Kee Spautz, kee Wolter, kee Wiseler, keen Hansen, kee Kemp, kee Margue, kee Mischo an sou weider ginn an hirem Artikel ernimmt. D'Wort-Chefredaktesch klappt léiwer op d'ADR an d'LSAP. Dobei iwwersäit si, wéi déif d’CSV am System verwuerzelt ass.
Déi richteg Verbindungen
Zu Lëtzebuerg geet et nämlech net duer, just de richtege Familljennumm ze hunn. Nee, et brauch een de komplette Package:
- Déi richteg Affekotenétude,
- Déi richteg Berodungsfirma, am beschten eng vun de véier Berodungsapostelen, de Big Four
- Déi richteg Positioun am Conseil d'administration,
- Déi richteg Allianze beim Éirewäin.
Am beschten ass, et huet ee schonn am Schülerparlament geléiert, wéi een sech an d'Ministerbüroen eraschläicht – ouni sech jeemols dem Wieler ze stellen.
Den CSV-Staat
Een, dee mengt, datt et bei der CSV just de Papp ass, deen d'Mandat un de Fils weidergëtt, kennt de "programme élargi" net. Am Joer 2021 huet déi sougenannte "Frëndeskrees-Affair" opgedeckt, wéi den deemolege Parteipresident eng Parallelstruktur nieft der Partei opgebaut hat, déi hie ganz harmlos als Veräin ugemellt an hir de Numm "CSV Frëndeskrees" ginn huet.
D'Affär huet net nëmmen déi däischter Säit vun engem Parteipresident opgedeckt – mee och de Prinzip vun der lëtzebuerger Politik selwer: Déi, déi net am Frëndeskrees sinn, bleiwen dobaussen. D'Affär "Frëndeskrees" war méi wéi just e juristeschen Incident – si huet gewisen, wéi Muechtstrukturen, Parteifinanzen a perséinlech Netzwierker zu Lëtzebuerg matenee verbonne sinn. Den Numm vun der ASBL "CSV-Frëndeskrees" steet fir déi Politik, déi net am Parteiprogramm steet, déi hannert de Kulisse gedriwwe gëtt, a vill Leit hunn se als Symbol vum sougenannte CSV-Staat gesinn.
Wärend d'Ëffentlechkeet iwwer Familljendynastien diskutéiert, spillt sech dat grousst Spill hannert zouenen Dieren of.
Den "C" gouf entdogmatiséiert
Natierlech ernimmt d'Wort-Editorialistin de Begrëff vum "Panaschieren", eisen nationalen Joker fir d'Demokratie. Awer d'Tatsaach, datt de Panachage-System net onbedéngt nei Käpp ervirbréngt, mee éischter déi "populär" vum Radio, aus der Märei oder dem Sport, bleift onkritesch am Niwwel verstoppt.
An dann ass do nach dee gudden aalen "C" am Numm vun der CSV. Laut dem neie Luc steet den "C" "net fir Relioun, mee fir ons Wäerter". Den "C" gouf also entdogmatiséiert a steet elo fir Wäerter, déi geneesou flexibel a verhandelbar sinn, wéi eng Plaz op der CSV-Lëscht. Fir d'Kierchefabrik-Fraktioun bei Laun ze halen, gouf de fréiere Paschtouer Galles kuerzerhand op d'Walplakater gesat. Deen huet, nodeem e gewielt war, d'Bibel an d'Barmhäerzegkeet séier nees fale gelooss an ass, wéi all déi aner, zum treie Parteizaldot mutéiert. E wierklech chrëschtlecht-sozialt Wonner.
Mir brauche Familljeclanen um Krautmaart
"Familljeclanen eraus aus der Chamber?“ Ass sech d'Wort-Editorialistin bewosst, wat si do fuerdert? Ouni kloer strukturéiert Politikerdynastien missten mer jo da Politiker no Talent wielen. Mee, wee wëll da schonn eng Chamber voller Deputéierten, déi hir Riede selwer schreiwen?
Familljeclanen brénge Stabilitéit an déi politesch Aarbecht: De Papp huet nach ëmmer déi original Walurn vun 1989 am Keller. De Fils huet schonn als Kand geléiert, wéi ee bei Interviewe laacht, ouni eppes ze soen. D'Tatta sëtzt strategesch niewent der Parteikees. An de Schwoer bekëmmert sech ëm d'parlamentaresch Froen, déi virdru am Gruppen-Chat op WhatsApp zirkuléiert sinn an ugeholl goufen.
D'Leitartiklerin vergläicht de politesche System mat engem Familljeclub, ernimmt awer d'Netzwierk vun ekonomesch verankerter Beruffspolitik mat kengem Wuert. Et gëtt iwwer Stammbeem diskutéiert, wärend hanner zouenen Diere schon déi nächst Mandater verdeelt ginn.
Konklusioun? Lëtzebuerg ass net nëmmen ee Ministaat, mä e Miniplanéitesystem mat fixen Trajectoiren. Ween net déi richteg Coordonnéeën huet, bleift an der politescher Atmosphär hänken. Hei gëtt net gewielt, mee familljerechtlech zougedeelt.
Wort-Leitartikel vum 4. Juli 2025
Kommentar schreiben