Artikel mit dem Tag "Walen"



1X gewielt, 3X weiderverierft
Gestëppels · 06. Juli 2025
D'Lëtzebuerger Demokratie funktionéiert net duerch Walen, mee duerch Ierfschaft – zumindest bei der CSV. Déi politesch Carrière fänkt bei der Daf un, wärend de Monni, d'Tatta oder de Schwoer dem Nowuess d'Plaz an der Chamber waarm halen. Bei der CSV zielt d'Devis: 1X gewielt, 3X weiderverierft – Mandatekarussell am Familljekrees.

#Satir | Ween am Glashaus sëtzt...
Iwwert den Tellerrand · 06. November 2024
"Hien ass ee veruertdeelte Stroftäter, huet och nach weider Prozesser géint sech lafen, hie litt – dat schéngt awer alles net esou wichteg?", sou RTL haut de Moien nodeem d'Victoire vum Donald Trump sech ugekënnegt huet.

#Satir - Xavier Bettel: si tacuisses, philosophus mansisses
Gestëppels · 08. Juli 2024
De Lëtzebuerger Ausseminister mëscht sech an d'Interna vu Frankräich an, a schwätzt de Fransousen eng Gambia-Koalitioun "vun der Mëtt", no Lëtzebuerger Modell, op.

#Satir - CSV an DP ouni Majoritéit
Gestëppels · 11. Juni 2024
Eis Press an eis Politiker vergläichen d'Resultat vun den Europawalen 2024 gären mat deene vun 2019. Dobei wëllt den normal stierfleche Bierger awer virun allem wëssen, ob et eng Verschiebung vum Kräfteverhältnis am Verglach zu de Chamberswalen am Oktober 2023 gouf. An do ginn et eng Partie Iwwerraschungen.