· 

#Satir - CSV an DP ouni Majoritéit

CSV verléiert iwwer 6 Prozent

Eis Press an eis Politiker vergläichen d'Resultat vun den Europawalen 2024 gären mat deene vun 2019. Dobei wëllt den normal stierfleche Bierger awer virun allem wëssen, ob et Verschiebungen am Kräfteverhältnis par rapport zu de Chamberswalen vum Oktober 2023 gi sinn. An do ginn et eng Partie Iwwerraschungen.

▲ D'CSV verléiert am Verglach zu de Chamberswalen iwwer 6 Prozent. D'Majoritéit mat der DP wär futsch.
▲ D'CSV verléiert am Verglach zu de Chamberswalen iwwer 6 Prozent. D'Majoritéit mat der DP wär futsch.

Mir vu Luxembourg Jungle kucke méi wäit wéi eis staatstrei Press an eis Politiker, déi net midd ginn, schlau Sätz vun sech ze ginn, mat deenen se d'Europawale kommentéieren. Mir vergläichen och mol gären Äppel mat Bieren. Amplaz d'Walresultat vun den Europawalen vum 9. Juni 2024 mat deene vun 2019 ze vergläichen, hu mir se mat de Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 verglach.

Vill Leit wëlle wëssen, wéi dann d'Regierungsparteien allgemeng par rapport zum Oktober vum leschte Joer do stinn, mee dat traut keen sech ze soen an oft héiert een d'Ausried, Europawalen kéint een net mat de Legislativwalen vergläichen, dat wären zwee Puer Schong, wou dat eent näischt mat deem aneren ze dinn hätt. Komescherweis héiert een déi Erklärungen nëmme vun eise Lëtzebuerger Politiker, am Ausland gesinn se dat anescht. A Frankräich huet de President Macron, opgrond vum katastrophale Walresultat vu senger Partei bei den Europawalen, Neiwalen vum Parlament fir den 30. Juni ausgeruff, an der Belsch huet de liberale Premierminister De Croo säi Récktrëtt agereecht an an Däitschland sinn d'Koalitiounsparteien ganz nervös, refüséieren awer, zréckzetrieden.

Zréck op Lëtzebuerg: Konnten CSV an DP d'lescht Joer am Hierscht no de Chamberwalen nach eng Majoritéit zesummekréien, wär dat aacht Méint drop, no den Europawalen vum 9. Juni 2024, net méi méiglech. Wärend d'DP ronn en halwe Prozent am Verglach zum Oktober abéisst, ass de Verloscht bei der CSV mam neie #Luc vill méi markant: e läit bei -6,3 Prozent. Domat wär d'Majoritéit vun CSV an DP futsch, well zesumme kommen si nach just op 41,2 Prozent.

An dëser Grafik gesäit een d'Gewënner an d'Verloschter vun de Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, am Verglach mat de Chamberwalen vum Oktober 2023.

Parteien am Verglach (graphique) par Hubert Hollerich

D'LSAP leet ëm iwwer 3% bäi, d'DP verléiert liicht ëm ronn 0,5%, déi Gréng erkrabbelen sech a géife, grad wéi d'LSAP, 3 Prozent zouleeën. Déi Lénk verléiere weider (-0,8%) an och d'Piraten stelle fest, dass och si just mat Waasser kachen, si géifen nämlech bal 2% verléieren. Wéi an deene meeschte EU-Staaten, gewannen och zu Lëtzebuerg déi Riets. Aus Roserei iwwert d'Regierungspolitik hu vill Wieler d'ADR gestäerkt (+2,5%). De gréisste Verléierer ass allerdéngs d'CSV, si béisst bei den Europawalen 6,3% am Verglach zu de Chamberwalen an. Et gesäit also sou aus, wéi wann de #Luc schonn no aacht Méint un der Muecht seng bescht Zäit hanneru sech hätt.

Fir eng Neioplag vun der Gambia-Koalitioun géif et no de Resultater vun den Europawalen nees duergoen. Zesumme kommen Rout-Blo-Gréng op 51,77% (=21,72 + 18,29 + 11,76), woubäi d'LSAP sech definitiv als stäerkste Partei duerchgesat huet an deementspriechend Recht op de Poste vum Premierminister huet.

Et bleift lo nach just ofzewaarden, winni de #Luc de Récktrëtt vun der Regierung an den Datum fir d'Neiwalen annoncéiert.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0