schéisst net mat Steng
"Hien ass ee veruertdeelte Stroftäter, huet och nach weider Prozesser géint sech lafen, hie litt – dat schéngt awer alles net esou wichteg?", sou RTL haut de Moien nodeem d'Victoire vum Donald Trump sech ugekënnegt huet.
Dobei huet d'RTL-Journalistin huet eppes vergiess: Wann een am Glashaus sëtzt, schéisst ee net mat Steng.
Den 18. Juli gouf d'Ursula von der Leyen vun de Walmänner a -fraen, alias Europadeputéierten, mat 401 Stëmmen, 284 Géigestëmmen a 15 Enthalungen als Presidentin un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun zréckgewielt. Si huet sech net emol missten engem demokratesche Vote bei den Europawale stellen. Den Dag virdrun, also de 17. Juli 2024, gouf si vum Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun mat Sëtz zu Lëtzebuerg wéint Ontransparenz am sougenannte Pfizer-Gate veruertdeelt. Diriwwer eraus enquêtéiert den Europäesche Parquet, och mat Sëtz zu Lëtzebuerg, géint d'Madamm von der Leyen wéinst Korruptioun, Amtsmëssbrauch, Zerstéierung vun ëffentlechen Dokumenter an onerlaabt Beaflossung, an si huet hir Ofschlossaarbecht op der Uni noweislech plagiéiert - wat net besser ass wéi léien. Mee dat schéngt awer alles net esou wichteg ze sinn…
Honi soit qui mal y pense.
Och interessant:
Kommentar schreiben