· 

D'Rentemauer kritt Rëss

Wann d'Fuerschung opdeckt an d'Panzeren de Sozialstaat platt maachen

D'Rentemauer kënnt. Scho 35 Joer laang. A mir knalle poulriichtriicht dran – zumindest wann een de Politiker gleeft. Well d'Mënschen ëmmer méi al ginn an de System net méi ze finanzéieren wär, kréie mer gesot. Ma stëmmt dat dann iwwerhaapt? Gi mer wierklech ëmmer méi al? Elo mellt sech d'Wëssenschaft zu Wuert, an déi seet: Nee.

Zënter Joerzéngte kréie mer vun uewen agetriichtert: d'Leit liewen ëmmer méi laang - ze laang. De Pensiounssystem géif kollabéieren, a Reformen (also: Verschlechterungen) wären inevitabel. Zanter 35 Joer si mer am Gaang, an d'Rentemauer ze knallen. En Ausdrock, deen de Jean-Claude Juncker Ufank den 1990er Jore gepräägt huet, wéi en d'Rentefro an een einfache Slogan gepresst huet fir datt jidderee soll verstoen, ëm wat et geet. Zënterhier steet d'Mauer do, a gëtt ëmmer nees zitéiert, wann et drëm geet, sozial Errungenschaften a Fro ze stellen.

Ma eng nei Etüd aus den USA traut sech, d'Geflunker vum Juncker a Fro ze stellen, mat Donnéeën, déi een net einfach als "akademescht Geschwurbels" ofdoe kann. Matzen an den Diskussiounen iwwert d'Pensiounsreform, bei där d'Politiker ëmmer nees op déi demographesch Auer kucke, kënnt déi renomméiert wëssenschaftlech Fachzäitschrëft PNAS (Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America) mat enger Etüd a seet: "Waart emol, et ass net sou schlëmm, wéi dir sot." Wéi onverantwortlech awer och vun de Fuerscher*innen! Grad elo, wou de Reformprozess dach sou flott amgaang ass.

D'Liewenserwaardung klëmmt vill manner séier

Fuerscher*innen vun der Stanford University an der University of Wisconsin-Madison hunn eng Etüd mam Titel "Cohort mortality forecasts indicate signs of deceleration in life expectancy wins" (Stierflechkeet no Joergäng weist op eng Verlangsamung vun der Liewenserwaardung hin) duerchgefouert. Amplaz sech mat Duerchschnëttswäerter an Héichrechnungen zefridden ze ginn, hunn si d'Mortalitéit vu ganze Gebuertsjoren (Kohorten) analyséiert. Dat heescht: Wéi laang liewen d'Leit, déi a bestëmmte Jore gebuer goufen, a wéi ännert sech dat am Laf vun de Joerzéngten?

D'Resultat: D'Liewenserwaardung klëmmt zwar nach liicht, awer däitlech méi lues wéi fréier. An den 23 Länner, déi bei der Etüd berücksichtegt goufen, klëmmt d'Liewenserwaardung nëmmen nach hallef sou séier wéi a fréiere Joerzéngten - a munche Länner souguer nach manner. D'Fuerscher*inne schwätze vun enger "Verlangsamung vun der Liewenserwaardung". Dës Erkenntnis ass net just ee klengen Detail, mee huet e groussen Impakt op eise Sozialsystem.

Vill politesch Entscheedungen - besonnesch wann et ëm d’Pensioune geet - baséieren op Modeller, déi dovun ausginn, datt mer geschwënn alleguer mat 95 Joer nach Nordic Walking maachen. Wann dës Thees an d'Wanke geréit, wackelt déi ganz Argumentatioun.

 

D'Etüd weist:

  • d'Fortschrëtter an der Medezin funktionéieren zwar, stoussen awer un hir Grenzen.
  • chronesch Krankheeten, sozial Ongläichheeten an Ëmweltfacteure bremsen den Trend vun der steigender Liewenserwaardung drastesch of.
  • d'Iddi, datt mer alleguer geschwënn 100 Joer al ginn, ass Mumpitz. Dës Ausso ass esou credibel wéi e Walverspriechen.

D'Wëssenschaftler*innen wollten erausfannen, wéi sech d'Liewenserwaardung bannent ganze Joergäng entwéckelt – net nëmmen am Duerchschnëtt. Amplaz einfach ze kucken, wéi laang d'Leit haut liewen an dann eng Héichrechnung fir d'Zukunft ze maachen, hunn si d'Mortalitéit vun de Leit analyséiert, déi a spezifesche Jore gebuer goufen.

D'Etüd baséiert op:

  • Laangzäit-Mortalitéitsdaten aus 23 Länner
  • Berechnungen pro Jorgang, déi d'Entwécklung iwwer Joerzéngten analyséieren
  • Kohorten, dat heescht Joergäng (z.B. Joergang 1960)

Besonnesch interessant: D'Fuerscher*innen hunn net einfach Héichrechnunge gemaach, mee realistesch Zenarie berechent andeems si medezinesch, sozial an ekonomesch Faktore berücksichtegt hunn. 

Fréier ass d'Liewenserwaardung séier geklommen. Vun den 1950er bis an d'1990er Joren huet d'Liewenserwaardung a ville Länner all Joerzéngt ëm ongeféier 3 Joer zougeholl. Aktuell leie mer awer just nach bei 1,5 Joer pro Joerzéngt, oder souguer manner. Den Trend flaacht also massiv of. An d'Rentemauer? Aus där gëtt éischter en Hiwwel, deen duerchaus ze meeschteren ass.

Wéi al gi mer dann elo?

D'Äntwert: Net sou laang wéi verschidde Prognose versprach hunn. Mee keng Angscht: mir stierwen net op eemol méi fréi. Laut dëser neier Etüd verlangsamt sech d'Erhéijung vun der Liewenserwaardung. D'Ënnerscheeder tëscht soziale Gruppe ginn ëmmer méi grouss, an de medezinesche Fortschrëtt ass u seng LImitte komm. 

Fir déi meescht Leit an Europa bedeit dat, datt d'Liewenserwaardung am Joer 2050 tëscht 82 a 85 Joer läit, jee no Land a Liewensëmstänn. Et gëtt also kee Sprong op 95 oder 100 Joer.

Liewen déi Räich méi laang wéi déi Aarm?

D'Etüd selwer ënnersicht keng sozial Ënnerscheeder wéi Akommes oder Ausbildung. Awer aner Studien, zum Beispill vum Däitschen Institut fir Wirtschaftsfuerschung oder dem Robert-Koch-Institut, weisen, datt et net nëmmen ëm d'Geld geet, mee och ëm d'Liewenskonditiounen.

Déi Räich liewe méi laang, well se:

  • Gesond iessen
  • Eng besser medezinesch Versuergung kréien
  • Manner Stress hunn (ausser wann et zu engem Crash op der Bourse kënnt)
  • An enger méi propperer Ëmwelt liewen
  • Méi Wëssen iwwer d'Gesondheet hunn

Leit mat nidderegem Akommes hunn eng méi héich Warscheinlechkeet fir:

  • Chronesch Krankheeten
  • Psychologesche Stress
  • Schlecht Aarbechtsbedingungen
  • Manner Zougang zu präventiven an therapeutesche Moossnamen

D'Schéier gëtt ëmmer méi grouss. Wärend d'Liewenserwaardung am Allgemengen nach ëmmer liicht eropgeet, profitéiert net jidderee gläich. Dëst ass net nëmmen e Gesondheetsproblem, mee och eng sozialpolitesch Fro, zum Beispill an der Debatt iwwert d'Pensiounen oder am Gesondheetswiesen. D'Auteure vun der Etüd bestätegen, datt d'Verlangsamung vun der Liewenserwaardung net eleng op biologesch oder medezinesch Faktoren zeréckzeféieren ass, mee datt och sozial Faktoren eng Roll spillen.

Ma dat ass net d'Haaptthema vun där Etüd.

An iwwerhaapt: Dofir hu mer jo Politiker, déi sech voll a ganz fir sozial Gerechtegkeet asetzen. Theoretesch. An engem Waljoer. Fir dräi Wochen, wärend der Walcampagne.

dës nei Etüd ass wëssenschaftlech fondéiert a liwwert fakten

D'Etüd gouf an der renomméierter Zäitschrëft PNAS publizéiert, enger Publikatioun, wou net all Text einfach duerchgewénkt gëtt. Qualitéit geet iwwer Quantitéit.

Virun der Verëffentlechung goufen d'Resultater vun anere Wëssenschaftler iwwerpréift (Peer-Review, wat also de Géigendeel vum Applaus op engem CSV-Kongress ass).

D'Etüd ass interdisziplinär, si ass also net d'Aarbecht vun engem eenzege Statistiker, mee vun engem Team aus verschiddenen Disziplinnen.

Artikelen aus der Fachzäitschrëft PNAS ginn dacks zitéiert – an anere Studien, an de Medien, a heiansdo souguer am Kader vu politeschen Entscheedungen, soulaang se de Politiker an de Krom passen.

Dës Etüd ass also kee Pabeier, dee mol séier um Stammdësch geschriwwe gouf, mee e wëssenschaftlech fondéierte Bäitrag zur Debatt iwwer d'Liewenserwaardung vun de Mënschen. An domat e potenzielle Spillverdierwer fir all déi, déi léiwer mat Schlagwierder amplaz mat Fakten argumentéieren.

wat bedeit dat fir Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg gëtt gär mat der "Rentemauer" argumentéiert, dem angeeblechen Zäitpunkt also, wou de System zesummebrécht, well d'Leit ze laang liewen an ze wéineg jonk Leit nokommen. Souguer de Poopst Franziskus huet d'Rentemauer bei sengem Besuch am September 2024 erkannt a gefuerdert, d'Lëtzebuerger sollte méi Kanner kréien. Eng gëttlech inspiréiert Iddi vu ganz uewen, déi awer heinidden, am reale Liewen, opgrond vun den héije Logementspräisser an dem deiere Liewensënnerhalt definitiv net ëmzesetzen ass.

Wann d'Liewenserwaardung net méi sou séier klëmmt, wéi wäit ass d'Rentemauer dann ewech? Oder ass se éiere just eng politesch Kuliss, déi ëmmer dann opgeriicht gëtt, wann et néideg ass fir Reformen duerchzeboxen?

Op alle Fall liwwert déi nei Etüd staark Argumenter fir méi Sachlechkeet an der Debatt. Si seet net: "Alles ass gutt." Awer si seet: "D'Entwécklung ass méi komplex wéi ugeholl, an et gëtt kee Grond, ze panikéieren.

D'Fuerschungsresultater si kee Manifest géint eng Pensiounsreform, mee si schaafen op verschiddene Punkte Kloerheet.

Wann iwwer d'Zukunft vum Pensiounssystem diskutéiert gëtt, ass et wichteg, dass sech e neie Luc an d'Sozialministesch Deprez, awer och d'Gewerkschaften, op aktuell Donnéeë ze beruffen, an net op Modeller aus den 1980er oder 1990er Joren.

Mat hirer Etüd liwweren d'Wëssenschaftler*innen onbequeem Wourechten, déi et derwäert sinn, méi genee ënnert d'Lupp geholl ze ginn.

Déi wierklech Mauer: Sozialstaat vs. Militärbudget

Amplaz d'Pensiounsdebatt op Basis vu vereelzte Modeller vun Anno Tubak ze féieren, sollten sech d'Gewerkschafte froen: Firwat gi grad zu dësem Zäitpunkt a ganz Europa Diskussiounen iwwer Pensiounsreforme gefouert? Däitschland, Frankräich, Belsch, Polen, Groussbritannien, Dänemark (wou de Rentenalter souguer op 70 Joer erhéicht gouf). Firwat gëtt de Sozialstaat grad elo a Fro gestalt? Den däitsche Kanzler Merz huet et viru kuerzem kloer gesot: de Sozialstaat ass net méi ze finanzéieren. Kee Wonner, wa gläichzäiteg Milliardekreditter opgeholl fir an d'Militär an an d'Oprëschtung ze stiechen. Änlech huet sech de franséische Premierminister Bayrou geäussert - a kritt als Äntwert ee Generalstreik, den 10. September 2025, deen ënnert dem Motto "bloquons tout" steet.

D'Äntwert läit net an der Biologie, mee am Budget. Et sinn net d'Bierger*innen, déi duerch hiren Alter de System sprengen, mee déi steigend Militär- a Rüstungsausgaben. Mat de Suen, déi vum Sozialdëppen an d'Krichskeess ëmgeleet ginn.

D'Rentemauer? Just e Virwand fir Honnerte Milliounen anzespueren an dofir Panzeren, Dronen a Militärsatellitten ze kafen.

Wann d'Mauer bis un d'Wackele kënnt, wackelt och de Narrativ.

Vläicht ass et un der Zäit, d'Rentemauer vun der politescher Bün ze huelen. Si huet hiren Zweck erfëllt: als Drohkuliss, als angeeblecht Argument, als rhetoresche Bëtongsblock. Ma lo wou d'Wëssenschaft seet "Et ass nëmmen hallef esou schlëmm", ass déi eenzeg Fro, déi bleift: Wee mauert hei eigentlech, a wee profitéiert dovun?

Wann d'Liewenserwaardung méi lues klëmmt wéi ugeholl, d'Militärausgaben awer méi séier klammen, läit et op der Hand: déi eenzeg Mauer, déi am Endeffekt wiisst, ass déi tëschent dem gesonde soziale Mënscheverstand an dem geopolitesche Gröössewan.


Link fir d'Etüd an der Zäitschrëft PNAS: https://www.pnas.org/doi/10.1073/pnas.2519179122 


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0