· 

Muechtverdeelung an der Coque

Wéi de Sportsminister seng Frënn an d’Freiesch am Verwaltungsrot ënnerbréngt

E puer gutt Frënn, e puer spontan Decisiounen an eng gutt Dosis Intransparenz. Voilà: dat sinn d'Zutate fir déi perfekt Vetternwirtschaft! Den CSV-Sportsminister Georges Mischo weist dem Land, wéi et an der Praxis funktionéiert - um Beispill vun der Neibesetzung vum Verwaltungsrot vun der Coque.

Wëlls du och beim Casting dobäi sinn? Sportlech Leeschtungen zielen net, d’Bezéiungen sinn allerdéngs obligatoresch.
Wëlls du och beim Casting dobäi sinn? Sportlech Leeschtungen zielen net, d’Bezéiungen sinn allerdéngs obligatoresch.

An engem laangen a gutt recherchéierten Artikel geet d'Wort op déi quokeleg Personalentscheedungen an, déi de Sportminister Georges Mischo (CSV) bei der Besetzung vum Verwaltungsrot vun der Coque huet missen treffen. Vill Kappzerbrieches huet him d'Plazéierung vu sengen enkste Frënn a Bekannte gemaach.

D'Coque, eigentlech eng Plaz fir Top-Sportler, gëtt zum institutionelle Wellnesszentrum fir déi eege Clique. War de Verwaltungsrot fréier mol e strategesche Comité, bei deem de Sport am Mëttelpunkt stoung, gläicht en elo éischter enger Lëscht vun Invitéën fir e Grillowend ënner Frënn mat Zougang zur Muecht.

Vertrauen ass gutt, Bezéiunge si besser

Well de Georges Mischo d'Saach net onnéideg komplizéiert wollt maachen, huet hien de sympathesche, kuerzen Déngschtwee gewielt: Ween eng Kéier mat him Spaghettien am Festzelt giess huet oder et souguer an säi Résau vun de Relatiounen op LinkedIn gepackt huet, packt vläicht och déi nächst Etapp - de Verwaltungsrot vun der Coque. De Sportsminister verfiert ganz nom Motto: "Vertrauen ass gutt, Bezéiunge si besser."

Wéi an der Politik net onüblech, huet och de Georges Mischo vum Numm vu sengem Papp, dem Josy Mischo, profitéiert, wéi hien seng politesch Carrière ageschloen huet. Mam Ënnerscheed, datt de Papp bei de Leit extrem beléift war. De Georges Mischo, deen sech vum einfachen Turnmeeschter bis op de Buergermeeschterstull vun der Stad Esch a vun doaus, ënnert dem neie Luc, direkt an d’Regierung eropgeschafft huet, huet misse feststellen, dass och fir hien d’Beem net an den Himmel wuessen. Zanter hie Minister ass, rutsche seng Ëmfroewäerter ëmmer méi an de Keller. Mat engem Sympathiewäert vu grad emol 33%, huet de Georges Mischo beim leschte Politmonitor vum 17. Juni 2025 ganzer 6 Prozentpunkte verluer, a lant ofgeschloen op der zéngtleschter Plaz, wäit hannert sou munche Gréissten vun der Oppositioun.

▲ De Georges Mischo lant ex æquo mat sénger Parteikollegin Isabel Wiseler op der zéngtleschter Plaz am Politmonitor vum 17. Juni 2025.
▲ De Georges Mischo lant ex æquo mat sénger Parteikollegin Isabel Wiseler op der zéngtleschter Plaz am Politmonitor vum 17. Juni 2025.

D'Freiesch am Verwaltungsrot vun der Coque

"Do ass näischt drun", äntwert de Minister dem Wort op d’Fro, firwat hie seng Concubine fir ee Posten am Verwaltungsrot vun der Coque befirdeelegt hätt. Ma wou et dämpt, ass bekanntlech Feier. An de Georges Mischo léisst d’Feier net ausgoen, virun allem net bei senger Flam. Amplaz vun engem Bouquet Blummen offréiert hien senger Freiesch e Mandat am Verwaltungsrot vun der Coque. Kompetenz? Net sou wichteg, soulaang de Minister Häerzklappe kritt. E Schrëtt a Richtung Gläichberechtegung? Wuel kaum. Wann d’Partnerin scho schaffe geet, da soll de "Chef de Famille" och de "Chef de Service" sinn.

D'Muechtverdeelung an der Coque erënnert staark un eng Hochzäitslëscht. Laut Wort sinn néng Mandater ofgelaf. Awer anstatt vu neiem Wand aus der Sportswelt, koum et zu enger Parad vu Frënn a Bekannten: e Generalkonsul vu New York, e Beamten vu Ponts&Chaussées, e Beamten aus der Inspection générale des Finances (IGF) ... an - net ze vergiessen - d'Freiesch, fir nëmmen déi ze nennen. An de Sport? Dee gouf net emol op den Aperitif invitéiert.

Vetternwirtschaft leeft ëmmer nom selwechte Muster of – wéi bei de Reegele vun der Genetik.

Famill a Frënn gi favoriséiert, besser Kandidaten ignoréiert. Eng Rëtsch Leit froe sech: Goufen et aner Kandidaturen? Oder goufen déi Bescht op der Ersatzbänk sëtze gelooss, wärend Frënn a Bekannten d'Spillfeld iwwerholl hunn.

A well Vetternwirtschaft mëttlerweilen en alen Hutt ass, bitt de Georges Mischo eng Upgrade-Versioun. Dobei handelt sech net - wéi ee vläicht unhuele kéint - ëm d’Cousinewirtschaft, nee, mee ëm Konkubinewirtschaft, och bekannt als Konkubinismus, eng Disziplin, déi bis elo net bei den Olympesche Spiller vertrueden ass, mee am Sportsministère eng gëlle Medail verdéngt. Sportlech Qualifikatioune si sekundär, soulaang een dem Minister op eng sportlech Manéier méi nokënnt.

Déi üblech ausrieden

D'Wiel vun de neie Verwaltungsrotsmemberen vun der Coque begrënnt de Georges Mischo net mat sportlecher Kompetenz, mee mat engem Repertoire vu Floskelen, wéi een se permanent ze héiere kritt:

🟩 "Et huet misste séier goen": Natierlech! Sou séier, datt net mol Zäit blouf fir d'CVen ze kucken. D'Vitess ersetzt d'Grëndlechkeet - wéi bei engem Sprint, wou ee vergësst, seng Turnschlappen ze strécken.

🟩 "Et huet jo ee misste Verantwortung iwwerhuelen": Natierlech! Verantwortlech sinn lo Leit, déi mam Sport sou vill um Hutt hunn, wéi eng Turnschlapp mat enger Steiererklärung. D'Haaptsaach ass, d'Verantwortung dréit Gucci.

🟩 "Mir hunn eng super Equipe. Ech hu kompetent Leit dohigesat": Wéi kéint et och anescht sinn! Virausgesat, et definéiert een "Equipe" als eng Grupp vu Copainen a Kompetenz als d’Talent, dem Minister seng Wurscht beim gemeinsame Grillowend net ze verbrennen.

🟩 "Et si beileiwe keng Kopfnicker, mee eegestänneg Perséinlechkeeten": Dorun zweifelt wuel keen, vue que dass d’Eegestännegkeet dora besteet, dem Minister seng Meenung mat liicht varännerter Intonatioun ze widderhuelen – wéi eng Karaokeversioun vun der Regierungspolitik. 

🟩 "Et ass en normalen, demokratesche Prozess." Ausser datt dësen demokratesche Prozess dräi Uleef gebraucht huet fir vum Ministerrot ugeholl ze ginn, well et net evident war, de Koalitiounspartner DP vun dësem Kouhandel z'iwwerzeegen.

Reecht Är Demande eran!

Mir vu Luxembourg Jungle kënnen eise Lieser nëmmen roden, hir Kandidatur beim Sportminister Mischo erananzeginn, wann déi nächste Kéier eng Plaz fräi gëtt – egal ob se sportlech sinn. Dat ass irrelevant. E méigleche Modellbréif kéint esou ausgesinn:

"Léiwen Här Minister,

Ech hunn e Profil, de passe kéint: keng sportlech Aktivitéit, keng Erfahrung, awer ech sinn e Follower vun Iech a liken all Är Facebook-Posten.

Ech brénge Loyalitéit an en USB-Stick mat Ärem Liiblingslidd mat.

Kënnt Dir mech am Verwaltungsrots vun der Coque ënnerbréngen?

Merci am Viraus."


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0