· 

Maschinnegewier amplaz Rousekranz

Déi nei national Liturgie

Den 13. Juli 2025 si laut dem Luxemburger Wort 17.000 Gleeweger op d'Porte ouverte vun der Lëtzebuerger Arméi gepilgert – méi wéi op d'Oktav an op d'Iiechternacher Sprangpressessioun zesummen. Déi nei Form vu Volleksfrëmmegkeet – just mat Maschinnegewierer amplaz vum Rousekranz. De Krich ass zu enger Glaawensfro ginn, déi um Härebierg mat engem Dëppefest an enger Waffenausstellung inszenéiert gouf.

Virun 900 Joer huet de Poopst Urban II. mat sengem "Deus vult" den éischte PR-Slogan fir militäresch Pilgerreesen mat gëttlecher Lizenz geschaf – haut iwwerhëlt de Generol Thull de Motto: "Lëtzebuerg muss resilient ginn", wat an der Praxis bedeit: Marsch, an de Krich!

600 Zaldote fir déi gefalen z'ersetzen

Ma wat dréift 17.000 Leit dozou, Sonndes Panzeren heemelen ze goen? Den Drang no Abenteuer? Eraus aus der Realitéit, eran an d'Uniform? E bësse Krich, e bësse Kiermes?

"Mir mussen d'Land méi resilient maachen", sot de Generol Steve Thull op RTL. "Wa mer an eng Krichssituatiioun kommen, brauch een nieft der Arméi eng Populatioun, déi gewëllt ass, den Effort, dee vun den Zaldote gemeet gëtt, ze ënnestëtzen. Et brauch een eng Populatioun, déi sech bewosst ass, wat ze maachen ass, an net eng déi resignéiert a fortleeft. Well dat wier dat allerschroost. Well fir wee géifen dann d'Zaldote vir stierwen?" A weider: "Wann ee vir op der Front Leit muss ersetzen, déi mussen dann hannendrunner kënnen ersat ginn. Fir e Land anzehuelen braucht der hannendrunner Leit, déi um Terrain avancéieren".

Einfach resüméiert: Wee fällt, gët ersat. Dofir ginn dréngend 600 nei Zaldote gesicht, als Échange fir déi Gefalen.

Dem Land de Krich schmackhaft maachen

Bei der Porte ouverte louch de Fokus allerdéngs net um Doud, mee op der Mettwurscht, dem Amüsement an de Maschinnegewier. Resilienz fir unzepaken – soulaang de Selfie stëmmt. Zil war et, de Visiteuren d'Leed, d'Gemetzels an den Doud schmackhaft ze maachen, andeems déi technesch Faszinatioun an de Vierdergrond geréckelt gouf.

▲ D'Krichsministesch Yuriko Backes am faarwege Summerrack, mat breedem Grinsen wéi si ee Maschinnegewier am Grapp hält.
▲ D'Krichsministesch Yuriko Backes am faarwege Summerrack, mat breedem Grinsen wéi si ee Maschinnegewier am Grapp hält.

D'Krichsministesch Yuriko Backes straalt. Mam Maschinnegewier an der Hand an engem breede Grinsen erënnert si un eng Verkeeferin vun Haushaltsartikelken an der Schefferallee op der Fouer: "Dëse Modell gëtt et och an Tarnfaarwen – elo mat Resilienzfunktioun!"

A matzendran dee klenge Svenni vun der Piratepartei. Erausgefiizt wéi wann hie géng op e Gala-Owend an d'Philharmonie goen, hält en ee Maschinnegewier am Grapp a grinst bis iwwert d'Oueren. Doheem huet de klenge Svenni ni däerfe Raiber a Gendarm spillen – haut hëllt hien alles no an däerf lo endlech mam ganz grousse "Männer-Spillgezei" spillen. Op säi Mandat bei der Assemblée parlementaire vun der NATO ass hie ganz besonnesch houfreg.

▲ Dee klenge Pirate-Svenni huet als Kand ni däerfe Raiber a Gendarm spillen. Lo hëlt hien alles no - a straalt bis iwwert déi zwee Oueren. Haut ass hien och souguer Member vun der Assemblée parlementaire vun de NATO.
▲ Dee klenge Pirate-Svenni huet als Kand ni däerfe Raiber a Gendarm spillen. Lo hëlt hien alles no - a straalt bis iwwert déi zwee Oueren. Haut ass hien och souguer Member vun der Assemblée parlementaire vun de NATO.

Den Ausseminister Xavier Bettel trëtt op wéi e Propagandamannequin fir déi nei Resilienzcampagne. An der klassescher Muechtpositioun steet hien uwen um Daach vun engem Panzer. Politiker, Genereel, an Actionfigure stinn all esou do. Den Xavier eruewert den Häerebierg.

Dann d'Foto mam Nuechtsiichtgerät: Hie schéngt interesséiert awer onbehollef ze sinn. Mam ausgestreckten Aarm a Richtung Onbekannten kënnt hie wéi e Participant an engem Escape Room eriwwer. Esou gesäit Resilienz aus, wann een de Mode d'emploi verluer huet.

▲ De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie, Xavier Bettel. Diplomatie spill haut allerdéngs keng Roll méi. Wat zielt ass d'Leit fir de Krich ze begeeschteren.
▲ De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie, Xavier Bettel. Diplomatie spill haut allerdéngs keng Roll méi. Wat zielt ass d'Leit fir de Krich ze begeeschteren.

Op senger Facebook-Coverfoto presentéiert sech den Ausseminister Xavier Bettel als pazifisteschen Denker, virun der Skulptur "The Knotted Gun", mat eeschter Minn a besënnlecher Haltung. D'Skulptur, déi de lëtzebuergesche Staat gestëft huet, steet fir Gewaltlosegkeet an ziviliséiert Konfliktléisung. Um Xavier Bettel senger Facebook-Säit thrount se héich uewen wéi een Denkmal - en hellegt Versprieche fir de Weltfridden.

Ma e puer Scrolle weider brécht déi nodenklech Pose zesummen.

Mat Begeeschterung post de Yavier Bettel d'Fotoe vu sengem Optrëtt bei der Arméi um Härebierg. Gewaltlosegkeet fir d'Iwwerschrëft - Krichsästhetik fir d'Klicken an d'Liken.

▲ Screenshot vum Xavier Bettel senger Facebook-Säit. D'Cover-Foto: The Knotted Gun, eng Skuplut, déi stellvertiedend fir Gewaltlosegkeet a Fridden ass. Zwee Scrolle méi wäit: den Xavier Bettel post seng Fotoen vum Militärspektakel um Härebierg.
▲ Screenshot vum Xavier Bettel senger Facebook-Säit. D'Cover-Foto: The Knotted Gun, eng Skuplut, déi stellvertiedend fir Gewaltlosegkeet a Fridden ass. Zwee Scrolle méi wäit: den Xavier Bettel post seng Fotoen vum Militärspektakel um Härebierg.

Resilienz soll freed maachen - mat volleksfest a gegrillter mettwurscht

"Resilienz" kënnt aus dem Laténgeschen a setzt sech zesummen aus re- (= "zréck") a salire (= "sprangen"). An anere Wierder, d'Fäegkeet op Drock ze reagéieren ouni ze briechen. Oder: d'Konscht sech elastesch a Richtung Uniform ze beweegen. "Zrécksprangen" ass op kee Fall ze verwiessele mat der Echternacher Sprangprozessioun, wou am Rhythmus vun zwee Schrëtt no vir, ee Schrëtt zréck gespronge gëtt, allerdéngs ouni Tarnnetz an ouni Militärausrüstung.

Wann de Generol Thull haut vu Resilienz schwätzt, da mengt hien a Wierklechkeet d'Kampfbereetschaft vun der Bevëlkerung. Déi, déi resilient sinn, sprangen net zréck - mee direkt an hir Uniform an dann un d'Front - am Gläichschrëtt, Resilienz. Keng Froen stellen, mee funktionéieren a bereet sinn, als Kanounefudder ze déngen.

Well d'Resilienz am Kapp ufänkt, huet d'Arméi hiren Event d'leschte Sonndeg um Terrain vun der Kasär Grand-Duc Jean esou organiséiert, datt d'Visiteuren - bei Volléksfeststëmung a mam Geroch vu Gegrilltem - d'Resilienz op eng folkloristesch Manéier bäibruecht kruten. Resilienz ass net nëmmen eng Pflicht, mee si soll Freed maache – soulaang de Grill un ass an d’Selfie stëmmen.

Den 13. Juli 2025 sinn d'Lëtzebuerger net an d'Kathedral, mä bei d'Kanoun gepilgert. D'Mass war e PR-Spektakel an d'Hostien ware gegrillte Mettwurschten. D’Politiker hu wéi Krichsmodeller poséiert, an d'Bierger hu geklappt wéi bei engem Open-Air-Concert. A wärend den Xavier Bettel sech uewen nach als Pazifist inszenéiert, poséiert en e bësse méi wäit ënnen als Panzer-Pilot. Resilienz ass d'Zauberwuert - wéi e PR-verpackten Tarnbegrëff, duuss genuch fir d’Populatioun, haart genuch fir den Asazbefeel.

Gemengt ass: Prett ze sinn. Prett fir ze poséieren. Prett fir ze marschéieren. Prett fir ersat ze ginn.

▲ De Shitstorm am Netz huet net laang op sech waarde gelooss. Déi beschte Memes.


Och interessant

Kommentar schreiben

Kommentare: 0