· 

Méi net am Mee!

Mir retten d’Beien – no der perfekter Rasur

Lëtzebuerg, d'Land vun de kuerze Weeër – an de kuerze Wisen. Am idylleschen Éislek, wou Mënsch an Natur anscheinend Hand an Hand schaffen, presentéiert sech eng Zeen, déi een als Realsatir vum Feinste bezeechne kann.

▲ Gilsdref beim Camping Bleesbrëck. E Panneau mam Opruff "Méi net am Mee!" op enger frësch geméiter Wiss. D'Foto gouf de 15. Mee 2025 vun engem mobile Reporter geknipst.
▲ Gilsdref beim Camping Bleesbrëck. E Panneau mam Opruff "Méi net am Mee!" op enger frësch geméiter Wiss. D'Foto gouf de 15. Mee 2025 vun engem mobile Reporter geknipst.

Den Naturpark Our rifft op grousse Plakater op: "Méi net am Mee" – e waarmhäerzegen Appel un de gudde Wëlle vun alle Bierger, d'Méimaschinne fir ee Mount op d'Säit ze stellen an der Insektewelt eng Chance ze ginn.

Ma zu Gilsdref interpretéieren se dat e bëssen anescht: e risege Panneau, deen drop hiweist, am Mee net ze méien – strategesch plazéiert, op enger frësch geméite Wiss, déi sou kuerz geschuer gouf, datt net emol eng Margréitchen eng Iwwerliewenschance huet.

Et stellt sech d'Fro: Huet iergendeen d'Konzept vun der Kampagne falsch verstanen oder se souguer bewosst an eng méi héich Konschtform transforméiert?

D'Zeen kéint direkt aus engem absurden Theaterstéck kommen, inszenéiert mat engem besonnesch staarke Sënn fir Ironie. Oder handelt et sech éiren ëm schlechten Timing, nom Motto "Fir d'éischt méien, duerno denken"? Oder war en iwweräifrege Viraarbechter um Wierk, deen de Weekend op der LUGA war, an sech vun den traditionellen ästhetesche Gaardenidealer leede léisst?

D'Enn vum Lidd: egal wéi grouss d'Plakater sinn - wann d'Méimaschinn bis rifft, ass den Drang no enger "perfekter" Rasur anscheinend méi staark wéi all Naturschutzkampagne. D'Ironie lieft – a si gëtt gutt kultivéiert.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0