· 

Kriselogik zu Lëtzebuerg

Kris hei, Vakanz do


Vun eisem Korrespondent Fern Weh


Mat der Tripartite ass et wéi mat engem Dossier am Ministère: si kënnt ëmmer dann, wann den Dossier scho laang eskaléiert ass.

D’Präisser klammen, d’Léin humpelen hannendrun, d’Wunnengsnout explodéiert, a vill Leit froen sech, ob si sech dëst Joer éischter eng Vakanz oder en Tank Mazout leeschte sollen. 

Den 12. Mee huet sech d’Regierung dunn endlech mat de Sozialpartner un den Dësch gesat – net fir d’Kris ze léisen, mee fir ze kucken, wéi vill d’Leit nach bereet sinn, ze schlécken.

Lénks eng Krisegrafik mat Caddy, Leit, déi d'Courbe no ënnen zéien, an de Wierder Index, Präisdeierecht, Kris, Tripartite a Mindestloun. Riets eng Vakanzenzeen mat Parasol, Luxair‑Fliger, Sonnebrëll a Cocktail.
▲ Zwou Realitéiten: hei d’Kris, do d’Vakanz.

Statistiken: D'Regierung freet, de STATEC liwwert – wéi gewinnt

Bei de Regierungsdokumenter fir d'Tripartite fällt op: De STATEC ass déi eenzeg Institutioun am Land, déi et fäerdeg bréngt, eng Weltkris esou ze presentéieren, wéi wann et ëm d’Wieder vum Weekend géif goen. D'Feiler ginn erop, d'Risike ginn erop, d'Präisser ginn erop – just d'Léin net. Déi bleiwen do, wou se ëmmer sinn: um Buedem.

D'Volatilitéit vum Brent? "Historësch héich." 

D'Gaspräisser? "Ongewëss." 

D'Inflatioun? "Transitoire." 

D'Indextranche? "Déi kënnt… iergendwann."

Am schlëmmsten Zenario: Inflatioun op 6 %, d'Bensin iwwer 2 €/L, an d'Wirtschaft am Minus. An d'Conclusioun? "D’Indextranche kënnt am Juni 2026." Merci, gutt Nuecht.

An natierlech huet jiddereen dem neie Luc säi legendäre Saz am Kapp: 

"Den Index ass a Steen gemeesselt."

Bleift just d'Fro: Granit oder Bimssteen?

D'Regierung benotzt dem STATEC seng Presentatioun wéi eng Bibel: Alles wat drasteet, ass en hellegt Gebot – quasi "a Steen gemeesselt". Alles wat net drasteet, gëtt net diskutéiert.

De Constat vum STATEC am Résumé: D'Welt brennt, d'Präisser explodéieren, d'Leit ginn ëmmer méi aarm. Mee d'Indextranche kënnt schéin no der Tripartite, net virdrun.

De Wirtschaftsministère: Wéi eng Presentatioun d'Land berouege soll

D'Presentatioun vum Wirtschaftsministère ass eng Zort Energie-Wellness-Programm: vill Faarwen, vill Grafiken, vill Feiler – an d'Hoffnung, datt kee freet, wou d'Donnéeën hierkommen.

Deen éischte Slide ass direkt e Klassiker: "Aucune capacité de production, ni capacité de raffinage." Aha! Lëtzebuerg huet also kee Pëtrol. Endlech seet mol een dat kloer an däitlech – no 100 Joer Industriepolitik.

▲ Kee Petrol zu Lëtzebuerg? Gutt, datt mol een eis dat kloer an däitlech seet.
▲ Kee Petrol zu Lëtzebuerg? Gutt, datt mol een eis dat kloer an däitlech seet.

Dono kënnt d'Zuel, déi sech wéi e schlechte Witz unhéiert: 14,7% erneierbar Energien. De Rescht ass importéiert fossil Energie. Mee de Lex Delles huet eng Strategie: "homegrown energy". Dat kléngt wéi eng nei Bio-Mark am Cactus, mee et ass just eng Solarinstallatioun op engem Parking.

D’Grafiken am Dokument sinn eng Rees duerch d’Internet-Welt. E puer komme vum Ministère selwer, e puer vun internationale Think Tanks, an e puer vu Plattformen, déi normalerweis vu Krypto-Spekulante benotzt ginn. Wann d'Realitéit outgesourced gëtt, gesinn d'Grafike logescherweis aus wéi eng Handelsapp fir Aktien oder Bitcoin.

Ënnert enger Grafik steet am Klenggedréckten: "Caveat: based upon incomplete Eurostat import data."

"Caveat" ass Latäin a bedeit: "Opgepasst, Warnung: Dës Grafik ass net korrekt, well se ass net komplett."

An anere Wierder "Hei ass eng Grafik. Se ass zwar net richteg. Mee kuckt Iech se trotzdem un."

Dat ass déi éierlechst Zeil am ganzen Dokument. D'Donnéeë feelen, mee d'Folie war scho fäerdeg – also gouf se drop gelooss.

Beim Jet Fuel gëtt et interessant:

"1 pipeline alimentant l'aéroport en kérosène."

Eng NATO-Pipeline. Heescht am Kloertext: Är Vakanz ass sécher – ausser d'NATO brauch de Kerosin. Mee dat steet natierlech net dran.

Och net, datt laut Goldman Sachs d'Kérosène-Reserven an Europa am Juni ënnert déi kritesch 23-Deeg-Grenz falen. Rystad Energy schwätzt vun engem "approaching disaster". Mee dës Quellen berouegen net – also ginn se net zitéiert. 

D'Wuert, dat am Lex Delles sengem Dokument am dackste virkënnt, ass "volatil". Direkt duerno kënnt "incertain". Dat ass d'Energiepolitik an zwee Wierder: Mir wëssen et net, mee et ass sécher onsécher.

Beim Verglach vun de Spritpräisser weist de Ministère just d'Nopeschlänner, wou Lëtzebuerg gutt do steet. Am EU-Verglach sinn eis Präisser nëmmen am Mëttelfeld. Mee dat géif d'Stëmmung verdierwen, also gëtt et net gewisen. Selektiv Transparenz ass och eng Form vu Politik – besonnesch wann d'Realitéit net an d'Folie passt.

Beim Gas gëtt et richteg spannend.

D'Grafik weist: 50% kommen aus der Belsch an aus Frankräich. Kee Millimetercube aus Russland. Mee eng rezent Studie vum IEEFA (Institute for Energy Economics & Financial Analysis) seet: Russland ass 2026 den zweetgréisste LNG Liwwerant vun der EU, an d'Liwwerunge ginn iwwer Frankräich, Spuenien an d'Belsch verschëfft. Anescht ausgedréckt: De Gas ass offiziell net russesch. Just d'Schëffer sinn et.

Beim Wirtschaftsminister senger Presentatioun kommen d’Informatiounen iwwer d’Gas-Reserven vum Think Tank Bruegel, an déi iwwer d'Gaspräisser vun TradingView, enger Plattform fir Spekulanten, an d'Informatiounen iwwer d'Stroumpräisser vun Energate, ee Portal fir Händler a Spekulanten.


▲ Fir de Wirtschaftsminister Lex Delles benotze mer zu Lëtzebuerg kee russesche Gas méi, well en aus der Statistik verschwonnen ass. Datt deeselwechte russesche Gas awer via d'Belsch a via Frankräich bei eis importtéiert gëtt, gëtt verschwiegen.
▲ Fir de Wirtschaftsminister Lex Delles benotze mer zu Lëtzebuerg kee russesche Gas méi, well en aus der Statistik verschwonnen ass. Datt deeselwechte russesche Gas awer via d'Belsch a via Frankräich bei eis importtéiert gëtt, gëtt verschwiegen.

▲ Russland ass zweetgréisste Flësseggasliwwerant vun der EU. Dovu geet an der Presentatioun vum Wirtschaftsministère keng Rieds.
▲ Russland ass zweetgréisste Flësseggasliwwerant vun der EU. Dovu geet an der Presentatioun vum Wirtschaftsministère keng Rieds.

De Lex Delles a seng Beroder kommen zur Conclusioun: "Aktuell keng Pénurie." Direkt duerno: "Incertitude extrême." An anere Wierder: D'Luucht flackert, mee de Stroum ass nach net fort.

An esou kënnt d’Tripartite an d'Gäng.

Gewerkschaften & Patronat: Ursaachebekämpfung oder Symptombehandlung?

D'Preparatiounsronn fir d'Tripartite huet gewisen, datt d’Gewerkschaften an d’Patronat déi selwecht Zuele gesinn – an zwou komplett verschidde Conclusiounen zéien. 

D’Gewerkschafte schwätze vun Aarmut, Working Poor, Kafkraaft, Logement, Gesondheetsversuergung, an déi symbolesch 300 Euro Mindestloun, déi fir si eng Fro vun der Dignitéit sinn. Si gesinn d’Tripartite als Chance, fir endlech iwwer d'Suerge vun de Leit ze schwätzen. De Message ass kloer: "Mir si fir d’Leit. Déi aner si fir d’Zuelen."

D'Patronat schwätzt iwwer Kompetitivitéit, Produktivitéit, Staatsfinanzen, Worst Case Zenarien an dräi méiglech Indextranchë. Fir si ass d'Fro net, ob d'Leit d'Liewen nach packen, mee ob d'Betriber d'Käschten nach packen.

D'Gewerkschafte soen: "D’Leit kënnen net méi."

D'Patronat seet: "D’Entreprisë kënnen net méi."

An d'Regierung seet: "Mir kucken."

Mee an dësem ganze Chouer schwätzt keen iwwer d'Prioritéiten. Well Prioritéite sinn dat, wat een huet – bis et ëm Sue geet.

Fir de Mindestloun ëm 300 Euro ze hiewen: keng Suen.

Fir de NATO-Bäitrag op 5% vum PIB ze hiewen – ronn 4,5 Milliarden Euro: kee Problem.

550 Milliounen fir d'Ukrain: selbstverständlech.

Fir d'Leit: mir kucken.

An da wonnere mer eis, datt e Lach an der Keess ass.

Dat mécht d'Tripartite zu deem, wat se ass: eng Verhandlung iwwer d'Symptomer, net iwwer d'Ursaachen – eng Zort politesch Plooschter, déi op eng oppe Wonn gepecht gëtt.

D'Regierung: D'Konscht, eng Kris ze managen, ouni se ze bremsen

D'Tripartite gouf 1974 gebuer, wéi d’ARBED an der Stolkris war an d'Land eng Noutbrems gebraucht huet. Et war en Instrument, dat sollt verhënneren, datt eng Industrie zesummebrécht an de soziale Fridde mat hir. 50 Joer méi spéit ass d'Tripartite nach ëmmer do – mee d'Kris ass eng aner ginn. Haut geet et ëm Energie, Inflatioun an eng EU-Politik, déi sech selwer an de Knéi geschoss huet, well se fräiwëlleg op russesch Energie verzicht huet, ouni prett ze sinn, se duerch "homegrown energy" ze ersetzen.

D'Regierung huet also eng Kris, déi se matverursaacht huet, an eng Tripartite, déi éischter eng Show ass wéi eng Verhandlung. Mee wat ass eigentlech der Regierung hiert Zil? D'Äntwert kënnt vum CEO Frieden himself, an engem Saz, deen esou éierlech ass, datt e scho bal surreal kléngt:

"Nee, d'Zil vun der Tripartite ass net, d'Inflatioun ze bremsen."

Den Objet wier, "ze kucke, wat d'Konsequenzen dovunner op d'Leit a Betriber sinn".

D'Präisser däerfen also roueg weider klammen – d’Regierung wëll just kucken, wéi d'Leit an d'Betriber domat eens ginn. Et ass wéi wann den Dokter géif soen: "Mir behandelen d’Féiwer net, mir kucken just, wéi héich et nach klamme kann."

D’Regierung schwätzt vu "Konsequenzen offiederen", net iwwer "Ursaachen bekämpfen". Si schwätzt iwwer "Zenarien", net iwwer "Léisungen". Si schwätzt iwwer "Onsécherheet", net iwwer "Decisiounen".

D'Regierung huet Sue fir Panzeren, mee net fir Pensiounen.

D'Regierung huet Sue fir Drohnen, mee net fir d'Wunnengsnout.

D'Regierung huet Sue fir Munitioun, mee net fir de Mindestloun.

D'Regierung huet Sue fir d'NATO – mee fir d'Leit? Mir kucken.

Mee déi richteg Ironie kënnt eréischt, wann een d’Prioritéite kuckt:

  • 300 € Mindestloun: "Net finanzéierbar."
  • Logement: "Komplex."
  • Gesondheetsversuergung: "Mir kucken."
  • Index: "Mir analyséieren."
  • 550 Milliounen € fir d’Ukrain: "Natierlech."
  • 4,5 Milliarden € fir d'NATO (5% vum PIB): "kee Problem."

D'Regierung huet also kee Geld, fir d'Leit z‘entlaaschten – mee si huet vill Geld fir geopolitësch Loyalitéit ze weisen.

An dat ass déi grouss, verstoppte Logik vun dëser Tripartite: D'Kris soll net geléist, mee administréiert ginn. D'Inflatioun soll net gebremst, mee begleet ginn. D'Leit sollen net geschützt, mee berouegt ginn.

Déi verschidde Krise gi selektiv ugepaakt. Déi, déi d'Regierung matverursaacht huet, verschwannen. Déi, déi se net ze verantworten huet, ginn ausgeschluecht.

D'Gewerkschaften an d'Patronat streiden iwwer d'Kichelcher. D'Regierung verdeelt d'Kichelchersfabrick. An an engems seet se: "D'Inflatioun? Nee, déi bremse mer net."

D'Regierung wëllt d'Präisdeierecht net stoppen. Si wëllt se just esou lues maachen, datt d'Indextranchen net ze séier kommen, mee séier genuch, datt d’Leit net op en Neits op d'Strooss ginn. D'Regierung wëllt Rou am Land, net niddreg Präisser. D'Kompetitivitéit ass helleg – d’Kafkraaft ass verhandelbar.

D'Land am Krisemodus (mat Sonnecrème)

D'Tripartite gouf als Noutinstrument gebuer – haut ass se ee Ritual.

A wärend d'Regierung d'Kris "administréiert", huet de STATEC seng Infographie vum Mee 2026 publizéiert. Schwaarz op wäiss:

  • 3,2 Millioune Reesen vun de Lëtzebuerger am Joer 2024
  • 22 Millioune Nuechten am Ausland
  • 40% méi Reesen wéi viru Covid
  • Plaz 2 an Europa, direkt hannert de Schweden
  • 35 Nuechten pro Joer a pro Persoun, also méi Vakanz wéi de gesetzleche Congé
  • 1.292 € pro Rees am Duerchschnëtt
▲ Just 17% vun de Résidenten hunn uginn, keng Reess gemaach ze hunn (Source: STATEC, Infographie n°3, 5/2026)
▲ Just 17% vun de Résidenten hunn uginn, keng Reess gemaach ze hunn (Source: STATEC, Infographie n°3, 5/2026)

An dat an engem Land, dat gläichzäiteg eng Tripartite brauch, fir d'Kris ze "managen".

Dat ass Lëtzebuerger Kriselogik: Kris jo – mee d'Luxair flitt.

Souguer déi 28% vun de Leit, déi finanziell kämpfen, maachen 3,7 Reese pro Joer. Zu Lëtzebuerg kann een sech keng Wunneng leeschten – mee eng Woch Ballermann geet ëmmer.

Dat ass déi grouss Ironie vun dëser Tripartite: Krisemodus hei, Vakanzemodus do.

D'Tripartite ass de Spigel, an deem mer gesinn, wéi wäit d'Politik vun de Leit ewech ass – nämlech genee esou wäit wéi hir Vakanzendestinatiounen.

Kris? A wouhier! Soulaang mer kënne reesen, geet et eis gutt.

Dofir mécht d'Tripartite elo mol eng "kleng" Paus vun dräi Wochen. D'Verhandlungspartner brauche Vakanz. D'Land och – mee aus anere Grënn.

Fern Weh



Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0