D’Bevëlkerung dreemt vu Wunnengen, d’Regierung vu Panzeren
Ëmfroe vun der Ilres bréngen eigentlech kaum eppes Neits. Si si wéi eng Plack, déi zanter iwwer zwanzeg Joer hänke bleift: ëmmer déi selwecht Melodie, ëmmer dee selwechte Krack um Vinyl, ëmmer déi selwecht Ignoranz. Fir d’ILRES ass dat eng statistesch Stabilitéit, grad wéi hir lescht grouss Erkenntnis, datt 97 % vun de Leit op de Knäppchen drécken, wann s'an de Lift klammen.

Laut dem leschte Politmonitor (🔗 Deel 1 an Deel 2), wëlle 70 % vun de Leit eng Wunneng, ma d’Regierung proposéiert Panzeren. Bezuelbare Wunnraum gëtt et kaum, dofir awer an Zukunft Stol mat Ketterieder. Dat schützt zwar net virun héije Loyeren, mee et gëtt ee gutt Bild fir d‘Statistik vun der Nato. Just 27% vun de befrote Leit sinn der Meenung, datt d'Verdeedegungspolitik vun der Regierung och wierklech sënnvoll ass, eng Zuel, déi sou niddreg ass, datt se bal ënner dem Radar verschwënnt.


60 % leenen d’Pensiounsreform of, mee d’Regierung dréckt se duerch wéi bei engem schlechte Film, deen trotz miserabele Kritiken awer an de Kinosprogramm opgeholl gëtt. D’Rentemauer kënnt, et muss gespuert ginn. Net fir d’Bierger, mee fir Kanounen, déi dann an iergendwelchen Hangare verstëpsen.
De Juncker huet 2002 de Logement zur Chefsaach erkläert (🔗 Woxx). Chefsaach? Jo, mee éischter wéi eng "Surprise du Chef" op der Menüskaart: ëmmer drop, ni zerwéiert. Zanterhier ass de Logement an all Ëmfro op Plaz 1. D’Politik huet sech net beandrockt gewisen, egal ob schwaarz, blo, gréng oder rout. D‘Resultat: 146.000 Lëtzebuerger sinn an d’Ausland geplënnert (🔗 Wort). D’Politiker hu sech gefreet: endlech méi Plaz fir Bréifkëschtefirmen, déi weder eng Wunneng brauchen nach eng Meenung hunn, a scho guer keng Fuerderunge stellen.
D’Pensiounen ginn elo brav an d’Ausland iwwerwisen (🔗 Reporter). Lëtzebuerg bleift domat dat eenzegt Land, wou d’Pensioun als Exportartikel gehandelt gëtt. An heiheem? Alles ass 50 % méi deier wéi am EU-Duerchschnëtt. Hei ass net nëmmen d’Liewen méi deier, mee och d’politesch Ignoranz ass ëm mindestens 50% méi grouss, wéi am Ausland.
Säit iwwer 20 Joer ass de Logement d‘Prioritéit Nummer 1 an den Ëmfroen, an d’Regierunge suergen dofir, datt dat och esou bleift. Et schéngt bal wéi wann se sech d’Wuert ginn hätten: "Mir garantéieren, datt sech näischt ännert. Fir ëmmer."
An dann ass do nach de neie Luc. Hien huet et fäerdeg bruecht, d‘Beléiftheet als olympesch Disziplin am Réckgang ze definéieren: vun der véierter op déi aachten, an elo op déi zwieleft Plaz. Seng Reaktioun: "Kee flott Resultat, mee och keng Iwwerraschung." Dat ass wéi wann de Kapitän vun der Titanic gesot hätt: "Jo, et ass Waasser am Schëff, mee dat war ze erwaarden."
Wann d’Regierung esou weidermécht, brauch een d’Politmonitor-Ëmfro bal net méi ze maachen, d’Äntwerten sti jo zanter 20 Joer fest:
Fro 1: Wunnengen? Äntwert: Jo.
Fro 2: Regierung? Äntwert: Nee.
Fro 3: Panzeren? Äntwert: Déi stinn zwar am Budget, mee net um Wonschziedel.



Kommentar schreiben