Satiresch Analys iwwer d'Fro, wien zu Lëtzebuerg wierklech de Staat finanzéiert: eng eenzeg Ierfschaft vu 800 Milliounen Euro, déi d'Tripartite gerett huet. Eng kabarettistesch Kritik un der Absurditéit, der Politik an der Verméigensverdeelung.
Dräi Joer nom Kaviarsozialismus-Skandal trëtt de Franz Fayot als "Ökosozialist" op. "Luxembourg Jungle" huet de Sozialdemokrat erëm getraff — an erausfonnt, datt de Schampes nach ëmmer schmaacht.
Ëmfroe vun der Ilres bréngen eigentlech kaum eppes Neits. Si si wéi eng Plack, déi zanter iwwer zwanzeg Joer hänke bleift: ëmmer déi selwecht Melodie, ëmmer dee selwechte Krack um Vinyl, ëmmer déi selwecht Ignoranz. Fir d’ILRES ass dat eng statistesch Stabilitéit, grad wéi hir lescht grouss Erkenntnis, datt 97 % vun de Leit op de Knäppchen drécken, wann se an de Lift klammen.