Séi Wäiswampech

Propagande nazie au lac de Weiswampach
Séi Wäiswampech · 25. September 2025
Pour diffuser leur idéologie, les néonazis n’ont plus besoin de taguer des croix gammées – un autocollant avec le «bon» message suffit. «If the news is fake – Imagine how bad History is» et «Europa: The Last Battle» sont imprimés en gras. Ces slogans viennent du répertoire de la propagande d’extrême droite. Organisation revendiquée: White Lives Matter, avec un lien vers leur canal Telegram.

Nazipropaganda um Séi zu Wäiswampech
Séi Wäiswampech · 25. September 2025
Fir hir Ideologie ze verbreeden, brauchen Neonazien haut keen Hakekräiz méi ze sprayen – ë Sticker mam "richtege" Message mécht den Déngscht och. "If the news is fake – Imagine how bad History is" an "Europa: The Last Battle", steet am Fettdrock um Autocollant. Dëst si Sloganen aus dem Repertoire vun der extrem-rietser Propaganda. Bekennerorganisatioun: White Lives Matter, mat engem Link op en entspriechenden Telegram-Kanal.

Baustopp fir Tourismusprojet um Wämper Séi
Séi Wäiswampech · 28. Juni 2024
Mat Datum vum 26. Juni 2024 gouf ee Baustopp um Tourismusprojet vun der Firma Lamy um Wämper Séi verhaangen. Vun eise Gesetzer schéngen se bei beim belsche Promoteur net vill ze halen. Wat genau? Dat gëtt een hei gewuer.

Séi zu Wäiswampich
Séi Wäiswampech · 15. September 2023
Op de Facebook-Post vum 12. September iwwert dee mat extrem gesondheetsschiedleche Bloalgen verseuchtene Wämper Séi goufen et, wéi net anescht ze erwaarden, e sëllege Reaktiounen. De Video iwwert déi gëft-gréng Britt gouf bis ewell iwwer 800 Mol gekuckt.

Bloalgen um Wämper Séi
Séi Wäiswampech · 12. September 2023
Well sech an de soziale Medien an der lescht vill iwwert de schlechten Zoustand vum Wämper Séi beklot gouf, war ech mer dat selwer ukucken. D’Bild, wat gebuede gouf, war erschreckend.

Gutt Noochrichte vu Wampich
Séi Wäiswampech · 02. Dezember 2022
De Wämper Buergermeeschter Henri Rinnen (DP), d'Schäffen Norbert Morn a Jos Vesque an d'Conseilleren Marie-Paule Johanns-Hamer an Anita Faber hu matgedeelt, dass si sech fir d'Gemengewahlen vun 2023 net méi opsetzen.

D'Lompe fänken un ze sténken
Séi Wäiswampech · 19. November 2022
D'Buvette um Wämper Séi gëtt klasséiert. Dat huet den Direkter vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural), dem fréieren Service des Sites et Monuments, Patrick Sanavia, de 16. November 2022 op RTL-Télé annoncéiert.

Hoffnung fir Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech
Séi Wäiswampech · 21. Februar 2022
No enger 14 Joer laanger juristescher Schluecht, huet déi spuenesch d'Cour suprême den 8.2.2022 d'Demolitioun vun engem illegal gebauten Hotels- a Fräizäitkomplex an der Regioun Extremadoura decidéiert. De Bedreiwer muss den 185 Hektar groussen Areal nees a säin ursprünglechen Zoustand setzen. Den 9. Mäerz 2022 ass den Optakt vum Prozess, deen d'Biergerinitiativ géint de Projet Lamy um Wämper Séi ugestrengt huet. Fotoen, Fakten an Hanngrondinformatiounen ginn et dësem Artikel.

Biergerinitiativ Wäiswampech reagéiert
Séi Wäiswampech · 24. Dezember 2020
D’Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich hat et annoncéiert, elo ass et konfirméiert: de Recours géint d’Decisioun vun der Ëmweltministesch, mat där si de risegen Tourismusprojet um Wämper Séi geneemegt huet, gouf fristgerecht agereecht. Liest hei, wat der Emweltministesch virgeheit gëtt.

Wéi fonktionéiert de System Lamy?
Séi Wäiswampech · 03. Dezember 2020
An engem Mail vum 30. November 2020 un ee Comitésmember vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, gëtt de Promoteur Lamy zousätzlech Informatiounen iwwert dee geplangten Tourismusprojet um Wämper Séi. Wéi fonktionnéiert de Lamy-System? Wee verdéngt drun?

Mehr anzeigen