· 

D'Lompe fänken un ze sténken

Buvette um Wämper Séi gëtt klasséiert

Batsch! D’Ukënnegung vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural), dem fréieren Service des 𝗦𝗶𝘁𝗲𝘀 𝗲𝘁 𝗠𝗼𝗻𝘂𝗺𝗲𝗻𝘁𝘀, huet sech gewäsch a riskéiert, de monstréisen Tourismusprojet um Wämper Séi auszebremsen.Dat, wat der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech mat hire berechtegten Argumenter, nämlech d’Verschandelung vun engem beléiften Noerhuelungsgebitt, d’Privatiséirung vun ëffentlechem Raum, d’Verdreiwung vun de Campingtouristen an d’Zerstéierung vun der Aartevielfalt, net gegléckt ass, schéngt elo de Service des Sites & Monuments fäerdeg ze bréngen. Ze ënnersträiche bleift, dass der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich hire Prozess géint de Projet um Séi nach ëmmer um Verwaltungsgeriicht unhängeg ass.

▲ De Wämper Buergermeeschter Henri Rinnen geet an de Kampfmodus iwwer.
▲ De Wämper Buergermeeschter Henri Rinnen geet an de Kampfmodus iwwer.

Op RTL-Télé huet den INPA-Direkter Patrick Sanavia de 16. November erkläert, firwat d’Buvette um Séi ënner Denkmalschutz gestallt gëtt: "Deemols ass insinuéiert ginn fir ee renomméierten Lëtzebuerger Architektebüro, Henri a Paul Luja, ze froen fir hei ee Gebai ze bauen. Dat Gebai gouf ganz gescheit gebaut, näischt ass dem Zoufall iwwerlooss ginn, oder d'Materialitéit, an dofir menge mer, dass et schützenswäert ass, dass et soll erhale bleiwen, och als Zeien vun der éischter Erschliessung vun deem Site."

Eng Architektendynastie

▲ Vum Klouschter zum Theater: Den Architekt Antoine Luja (1845-1916) war verantwortlech fir den Embau vum Kapuzinerklouschter zum "Alen Theater" an der Stad.
▲ Vum Klouschter zum Theater: Den Architekt Antoine Luja (1845-1916) war verantwortlech fir den Embau vum Kapuzinerklouschter zum "Alen Theater" an der Stad.

Insider wëssen, dass d’Famill Luja als regelrecht Dynastie an der Architektenzunft gëllt, déi fir en etlech bekannte Bauwierker verantwortlech ass, wéi z.B. : Embau vum Kapuzinerklouschter an den heitegen "alen Theater", Pavillon um Lampertsbierg, Aldringerschoul, Lampertsbierger Waassertuerm, Lampertsbierger Primärschoul, Paschtoueschhaus vun der Méchelskierch, Onofhängegkeetsmonument zu Miersch a sou weider. Kloer: 𝗺𝗮𝗺 𝗡𝘂𝗺𝗺 𝘃𝘂𝗻 𝗲𝘀𝗼𝘂 𝗲𝗻𝗴𝗲𝗿 𝗯𝗲𝗱𝗲𝗶𝘁𝗲𝗻𝗱𝗲𝗿 𝗔𝗿𝗰𝗵𝗶𝘁𝗲𝗸𝘁𝗲𝗳𝗮𝗺𝗶𝗹𝗹 𝗱𝗿𝗲𝗶𝗳𝘁 𝗲𝗲𝗻 𝗻𝗲𝘁 𝗱𝗲𝗻 𝗨𝘇 an dofir ass et net vu Muttwëll, d’Buvette um Wämper Séi ze klasséieren an esou dës aussergewéinlech, rar Pärel fir déi kommend Generatiounen ze erhalen.

Eng kleng Auswiel vun de Bauwierker, déi vun der Architektefamill Luja geplangt a realiséiert goufen. ▼

Rinnen am Kampfmodus

Net frou ass een iwwerdeems beim belsche Promoteur, dem Groupe Lamy, dee säi 𝗣𝗿𝗼𝗷𝗲𝘁 𝘃𝘂𝗻 𝗲𝗻𝗴𝗲𝗺 𝗙𝘂𝗻𝗽𝗮𝗿𝗸, 𝗔𝗱𝘃𝗲𝗻𝘁𝘂𝗿𝗲𝗽𝗮𝗿𝗸, 𝗖𝗮𝗯𝗹𝗲 𝗣𝗮𝗿𝗸, 𝗦𝗲𝗲𝗹𝗲𝗯𝘂𝗻𝗻 𝗲𝘁𝗰. 𝗹𝗼 𝗻𝗲𝘁 𝗸𝗮𝗻𝗻 ë𝗺𝘀𝗲𝘁𝘇𝗲𝗻 𝘄é𝗶 𝗴𝗲𝗽𝗹𝗮𝗻𝗴𝘁, well d’Buvette net däerf ofgerappt ginn. Och dem Wämper Buergermeeschter, dee bis elo ëmmer nom Prinzip gehandelt huet "𝗢𝗽 𝗺𝗲𝗻𝗴𝗲𝗿 𝗠ë𝘀𝗰𝗵𝘁 𝗮𝘀𝘀 𝗱𝗲𝗻 𝗛𝘂𝗻𝗻 𝗠𝗲𝗲𝘀𝗰𝗵𝘁𝗲𝗿", gesäit een d’Roserei fërmlech of. Hien ass direkt an de kämpfereschen, agressive Krichsmodus iwwergaangen, huet d'Waffe schonn erausgesicht an am RTL-Interview eppes vun "𝙩𝙤𝙧𝙥𝙚𝙙é𝙞𝙚𝙧𝙚𝙣" geschwat. Wéi heescht et sou schéin am Volléksmond: "𝗨𝗻 𝗱𝗲 𝗦𝗰𝗵𝗻ë𝘀𝘀𝗲𝗿 𝗲𝗿𝗸𝗲𝗻𝗻𝘁 𝗲𝗲𝗻 𝗱'𝗦𝗰𝗵𝘄ä𝗶𝗻."

▲ Stëmmungsbild vun der Buvette um Séi.

Steieroptimiséirung fir 300.000€

Et ass kee Geheimnis, dass et em de Projet "Anatura" (virdrun "Suneo Park") net zum Beschte steet. Trotz dichteger Reklammenaktioun, bei där all Regëster – vun der "𝙤𝙥𝙩𝙞𝙢𝙞𝙨𝙖𝙩𝙞𝙤𝙣 𝙛𝙞𝙨𝙘𝙖𝙡𝙚" bis hin zu der touristescher Attraktivitéit vu Wäiswampech – gezu goufen, schéngt de Plang net sou richteg opzegoen. Verständlech! Ween huet hautdesdaags schonn 𝟯𝟬𝟬.𝟬𝟬𝟬 € 𝗼𝗽 𝗱𝗲𝗿 𝗦ä𝗶𝘁 𝗳𝗶𝗿 𝗲𝗲𝗻 𝗵𝗼𝗻𝗱𝘀𝗴𝗲𝘄é𝗶𝗻𝗹𝗲𝗰𝗵𝘁 𝗦𝘁𝗮𝗻𝗱𝗮𝗿𝗱𝘇ë𝗺𝗺𝗲𝗿 𝗮𝗻 𝗲𝗻𝗴𝗲𝗺 𝗛ô𝘁𝗲𝗹 𝘇𝗲 𝗸𝗮𝗳𝗲𝗻? Hei ass de Link fir d'Reklammebrochure vum Promoteur Lamy mat allen Detailer iwwert de Kaf vun engem Zëmmer an der Résidence hôtelière.

Dem Rinnen säi Mausoleum

▲ De Chantier vun der Résidence hôtelière um Wämper Séi. Am Volléksmond gëtt dee riesege Betonsklotz och "dem Rinne säi Mausoleum" genannt.
▲ De Chantier vun der Résidence hôtelière um Wämper Séi. Am Volléksmond gëtt dee riesege Betonsklotz och "dem Rinne säi Mausoleum" genannt.

Dee mat Lëtzebuerger Steiergelder subventionéierte Koloss, deen tëschent déi zwee Séien gebaut gouf, ass alles anescht wéi aluedend a gëtt net fir näischt am Volléksmond "𝗱𝗲𝗺 𝗥𝗶𝗻𝗻𝗲𝗻 𝘀ä𝗶 𝗠𝗮𝘂𝘀𝗼𝗹𝗲𝘂𝗺" genannt.

Awer och Wäiswampech selwer, eng Gemeng, déi bekannt ass, 𝗺𝗮𝗺 𝗕𝗮𝗴𝗴𝗲𝗿 𝗱𝘂𝗲𝗿𝗰𝗵 𝗱𝗲 𝗣𝗮𝘁𝗿𝗶𝗺𝗼𝗶𝗻𝗲 ze fueren, huet ënnert dem aktuelle Buergermeeschter Rinnen säi ganze Charme verluer. An der "Duarrefstrooss" reit sech eng Résidence un déi anerer a bidden den Honnerte Bréifkëschtefirmen net nëmmen en Ënnerdag mee virun allem eng Stopp virum auslännesche Fiskus. Béis Zonge behaapten souguer, de Mausoleum wär 𝗺𝗮𝘁 𝗧𝘂𝗻𝗻𝗲𝗹𝗲𝗻 𝗱𝗶𝗿𝗲𝗸𝘁 𝘂𝗻 𝗱’𝗕𝗮𝗻𝗸𝗲𝗻𝗮𝗴𝗲𝗻𝗰𝗲𝗻 𝘃𝘂 𝗪ä𝗶𝘀𝘄𝗮𝗺𝗽𝗲𝗰𝗵 𝘃𝗲𝗿𝗯𝗼𝗻𝗻𝗲𝗻, wat et den Investisseuren méi einfach géif maachen, diskret hir Couponen anzeléisen. hh.

Reaktiounen op de soziale Medien

Hei e puer Reaktiouen op de soziale Medien iwwert d'Ukënnegung vum Institut national pour le patromoine architectoral.

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Raym Reding (Montag, 21 November 2022 22:35)

    Dem Rinne säiMausoleum, en Audrock, den en (c) huet.

    Der duerfte ower benotzen.

  • #2

    Hubert Hollerich (Dienstag, 22 November 2022 03:02)

    Merci, Raym! Ech hat den Ausdrock ënnert engem Facebook-Post vum Gilles Wünsch gelies, wosst awer net, obs du begeeschtert wärs, wann däi Numm lo permanent zitéiert gëtt. Dofir hunn ech geschriwwen, am Volléksmond géif déi Betonskëscht "dem Rinnen säi Mausoleum" genannt ginn. Ech kann dat awer gären änneren an dech als Créateur vun deem Begrëff nennen, domat hunn ech kee Problem. De Begrëff gefällt mer iwwregens richteg gutt, en trefft zou wéi d'Fauscht op d'Aen. �