· 

Wéi fonktionéiert de System Lamy?

mat tricksereie räich ginn

An engem Mail vum 30. November 2020 un ee Comitésmember vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, gëtt de Promoteur Lamy zousätzlech Informatiounen iwwert dee geplangten Tourismusprojet um Wämper Séi. Zoufälleg kënnt dëse Mail, nodeem mer am Artikel « Lamy-Püblizitéit mat Fantasiegeschichten » vum de 27. November 2020dem belsche Promoteur séng Werbebroschür kritesch ënnert d’Lupp geholl.

Foto: Lamy-Broschür
Foto: Lamy-Broschür

A sengem Schreiwes un d’Danièle Patz gëtt de Promoteur zousätzlech Erklärungen iwwert d’Rekuperatioun vun de 17% TVA, iwwert d’Präislëscht an der « Résidence Hôtelière », iwwert de Finanzement, iwwert de Rendement an iwwert d’Eegenotzung vun de Kummeren.

An der 6-stäckeger Résidence Hôtelière vu véier Stären, vun där et bei der Presentatioun de 15. Juni 2018 nach geheescht huet, et géng sech em en Hotel handelen, sollen 68 Standardzëmmeren, 18 Suiten an 3 Duplexen, ee Restaurant, ee Wellnesszentrum, ee Sportssall an ee Seminärzentrum entstoen. De Komplex wär ze vergläichem mam Tourismuszentrum vum Domaine des Lac de l’Eau d’Heure bei Chareleroi an der Belsch. D’Zëmmeren wäre souwuel fir d’Location touristique wéi och fir geschäftlech Openthalter virgesinn.

eegentum gëtt un de grupp lamy ofgetrueden

All Interessent kann eng oder méi Kummeren am Kader vum lafenden Ierfpachtvertrag, deen tëscht der Gemeng an dem Grupp Lamy ofgeschloss gouf, kafen. De Kaf gëtt mat engem Kaafakt ofgeschloss. D’Besëtzrecht ass allerdengs an der Zäit limitéiert a kann 99 Joer net iwwerschreiden. Direkt no der Ënnerschreft vum Kafakt gëtt ee weidere Kontrakt ausgestallt: ee gewerbleche Mietvertrag (bail commercial). Mat dësem gewerbleche Mietvertrag stellt all Keefer dem Grupp Lamy säin Eegentum fir 30 Joer zur Verfügung. De Grupp Lamy verpflicht sech, sech em d’Püblizitéit, d’Verwaltung an den Entretien vun der Kummer ze bekëmmeren.

Virdeeler fir awunner aus lëtzebuerg

Foto: Luxemburger Wort
Foto: Luxemburger Wort

Dese System géif de lëtzebuerger Residenten eng Rei Virdeeler bréngen, schreift de Grupp Lamy. Well de Propriétaire säin Eegentum iwwert ee laangfristegen, gewerbleche Mietvertrag un de Grupp Lamy oftrëtt, deen et sengersäits fir eng hotelähnlech Aktivitéit verwend, kéint de Proprietär ufroen fir vun der TVA-Optioun befreit ze ginn. Déi 17% TVA, déi un de Bauhär (also de Grupp Lamy) bezuelt goufen, kéint de Proprietär zréckfroen. Mat dësem Trick kann de Keefer an de Genoss vun den Artikelen 44 a 45 vum Lëtzebuerger Gesetz iwwert TVA vum 5. August 1969 kommen.

steierruling?

Well et sech bei der Kummer em eng  Immobilie handelt, kéint all Investor, opgrond vun engem Arrangement mam Dikrecher Steierbüro vum 12. Oktober 2020, Werbungskosten (frais d’obtention) an Héicht vu 5% vum Uschafungswert bei senger jährlecher Steiererklärung ofsetzen, sou de Grupp Lamy a sengem E-Mail un d'Danièle Patz. Ass et net verwonnerlech, dass d'Steierverwaltung de Normalstiefleche bis op d'viischt Dier nogeet fir Steieren anzedreiwen, am Dossier Lamy awer op eemol sou mëtschgieweg ass?

Ween als Besëtzer selwer vu senger Kummer profitéieren wëll, muss dofir bezuelen. An der Niewesaison kritt een als Proprietär eng Remise vu 50% fir  insgesamt 15 Nuechten. An der Haaptsaison huet een als Proprietäre ëmmerhin nach eng Remise vu 25% ze gutt, awer just fir maximal 7 Nuechten.

ass et fir de keefer rentabel?

Foto: Lamy-Broschür
Foto: Lamy-Broschür

Jo, kloer, schreift de Grupp Lamy a rechent dem potentielle Keefer vir, dass bei enger Auslaaschtung vu 55%, den Investor, no Ofzuch vun de Chargen, mat enger Rentabilitéit vu 4% pro Joer rechne kéint. An deene 4% Rentabilitéit wären awer eventuell steierlech Erliichterungen scho mat agerechent. Em wat fir eng zousätzlech Chargen et sech handelt, gëtt am Schreiwes vum Lamy net präziséiert. Wahrscheinlech handelt et sech em Heizkäschten, Nettoyage, Käschte fir Püblizitéit, Elektresch, Entretien vum Wellnesszenter, vum Swimming Pool, vum Lift, vun de Séien, Entretien vum 40 ha groussen Areal mat senge Liegewisen, dem Fun Center, dem Adventure Park, den ufalende Personalkäschten etc. Et stellt sech deemno déi berechtegt Fro, ob et fir de Keefer net um Enn heescht : Ausser Spesen, nicht gewesen. Gëtt beim System Lamy net nom Prinzip geschafft: de Profit gëtt privatiséiert, d'Käschten an d'Verloschter gi sozialiséiert?

Du simple au double

An der Werbebroschür gëtt just de Kafpräis vun engem Standard zëmmer annoncéiert. Am Mail un d’Danièle Patz geet de Grupp Lamy méi am Detail op d’Kafpräisser an, déi sech folgendermoosse präsentéieren:

  • Duebelzëmmer Standard, 30 m2 : 248.634€ + frais de notaire
  • Duebelzëmmer Premium, 30 m2, mat Dusch a Buebidden : 287.413€ + frais de notaire
  • Studio, 60 m2, 4 Persounen : 391.880€ + frais de notaire
  • Suite Junior, 60m2, 4 Persounen , mat Dusch a Buebidden :452.586€ + frais de notaire
  • Suite Premium, 60m2, 4 Persounen, mat grousser Terrasse : 462.950€ + frais de notaire
  • Duplex, 75m2, 6 Persounen : 471.016€ + frais de notaire
  • Duplex Wellness, 75m2, 6 Persounen, mat Jacuzzi : keng Präisangab.
Aktuell Foto vum Chantier um Wämper Séi (30/11/2020)
Aktuell Foto vum Chantier um Wämper Séi (30/11/2020)

Ofschléissend gëtt d'Danièle Patz vun der Firma Lamy invitéiert, sech op Wäiswampech ee Bild maachen ze goen.

Alternativ dozou kéint si awer och gären den Hotel Golden Lakes um Lac de l’Eau d’Heure bei Charleroi kucke goen, heescht et am Lamy sengem Schreiwes.

 

 

 

Proprietär ouni rechter

Opfälleg ass, dass Leit, déi sech beim Lamy akafe, matgedeelt kréien, wat se alles ze bezuelen hunn, awer net, wat hir Rechter sinn. Méiglecherweis ginn se hir Mattbestëmmungsrechter bei der Ënnerschreft vum ominösen Bail commercial, mat deem se hiert Zëmmer fir 30 Joer un de Grupp Lamy oftrieden, of. Obwuel ee Propriétär vun enger Kummer am Hotel ass, muss ee nawell fir d'Iwwernuechte bezuelen.

Reklamatiounsbréif vum 1/9/2020 vun de Proprietären aus Südfrankräich un d'Famill Lamy.
Reklamatiounsbréif vum 1/9/2020 vun de Proprietären aus Südfrankräich un d'Famill Lamy.

Wee garantéiert, dass et de Proprietären net ergeet, wéi deenen, déi sech am Vakanzendomaine "Les Tamaris & Portes du Soleil" zu Portiragnes-Plage, a Südfrankräich, bei Béziers am Departement Hérault, akaaft hunn? Ënnert hinne sinn och eng Rëtsch Lëtzebuerger. Si kréien d'Rücksichtslosegkeet, mat där d'Famill Lamy d'Proprietäre behandelt, am Moment voll ze spieren. Elo, wou de Projet net méi sou rentabel ass, zitt de Lamy sech zréck an hannerléisst en eenzege Chaos. Am September hunn d’Proprietären sech schrëftlech un de Grupp Lamy geriicht fir sech iwwert déi katastrophal Zoustänn an Organisatioun ze beschwéieren. Si hu bis haut keng Äntwert op hire Reklamatiounsbréif kritt. hh.


Kommentar schreiben

Kommentare: 0