Artikel mit dem Tag "Lamy"



Hoffnung fir Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech
Séi Wäiswampech · 21. Februar 2022
No enger 14 Joer laanger juristescher Schluecht, huet déi spuenesch d'Cour suprême den 8.2.2022 d'Demolitioun vun engem illegal gebauten Hotels- a Fräizäitkomplex an der Regioun Extremadoura decidéiert. De Bedreiwer muss den 185 Hektar groussen Areal nees a säin ursprünglechen Zoustand setzen. Den 9. Mäerz 2022 ass den Optakt vum Prozess, deen d'Biergerinitiativ géint de Projet Lamy um Wämper Séi ugestrengt huet. Fotoen, Fakten an Hanngrondinformatiounen ginn et dësem Artikel.

Biergerinitiativ Wäiswampech reagéiert
Séi Wäiswampech · 24. Dezember 2020
D’Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich hat et annoncéiert, elo ass et konfirméiert: de Recours géint d’Decisioun vun der Ëmweltministesch, mat där si de risegen Tourismusprojet um Wämper Séi geneemegt huet, gouf fristgerecht agereecht. Liest hei, wat der Emweltministesch virgeheit gëtt.

Wéi fonktionéiert de System Lamy?
Séi Wäiswampech · 03. Dezember 2020
An engem Mail vum 30. November 2020 un ee Comitésmember vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, gëtt de Promoteur Lamy zousätzlech Informatiounen iwwert dee geplangten Tourismusprojet um Wämper Séi. Wéi fonktionnéiert de Lamy-System? Wee verdéngt drun?

Lamy-Reklammebroschür net kloer
Séi Wäiswampech · 27. November 2020
Wann ee beim belsche Promoteur Lamy op der schwaarzer Lëscht steet, ass et net evident, déi nei Reklammebroschür iwwert den Tourismusprojet um Wämper Séi ze kréien. Dat geet an deem Fall just iwwer Ëmweeër. Bei der Lecture falen eng Rei Ongereimtheeten an d’Aen, op déi et sech lount, anzegoen. De Sträit, tëscht de Proprietären vun engem Vakanzendomaine a Südfrankräich mam Grupp Lamy, léisst déif blécken a weist, wéi onverschimmt de belsche Promoteur seng Clienten behandelt.

Tourismusprojet Wämper Séi
Séi Wäiswampech · 08. November 2020
Aus dem WOXX-Artikel vum 5. November 2020 geet ervir, dass de Bedreiwer um Séi, de Grupp LAMY, berechtegt ass, en Drot ronderem de gesamten 45 ha groussen Areal um Wämper Séi ze zéien. De fräien Zougang fir jiddereen ass demno net geséchert.

Séi Wäiswampech · 04. November 2020
Säit gewosst ass, dass um Wämper Séi ee groussen Tourismusprojet geplangt ass, huet sech de Widerstand géint desen iwwerdimensionéierte Projet forméiert.