· 

Tourismusprojet Wämper Séi

éisleker jugurtsfabrik

45 Hektar Gemengenterrain, inklusiv déi zwee Séien, kritt de belsche Promoteurt Lamy fir ee lächerleche Loyer vu 25.000€ d'Joer zur Verfügung gestallt a baut dorop säi "Suneo Park", een Tourismusprojet fir Leit mat Geld. Geplangt ass de Bau vun engem grousse Luxushotel mat 86 Zëmmeren a Suiten, ee Vakanzenduerf mat 88 Haiser a verschidde Fräizäit- a Spaassdomainer.

D'Zeitung WOXX beschäftegt sech de 5. November 2020  mam Projet a raumt mat verschiddene Gerüchter op. 

Dass vun offizieller Säit an de leschten zwee Joer vill dobei gedicht, verdréit a geschwindelt gouf, gëtt engem spéidstens kloer, wann een de WOXX-Artikel gelies huet. Eng ganz Rëtsch Befiirchtungen vun de Géigner vum Projet, dorënner der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, gi bestätegt.

Fräien zougang geet flöten

Eng vu de wichtegsten Erkenntnisser ass wuel, dass de Bedreiwer Lamy berechtegt ass, en Drot em de ganzen Areal ze zéien. Esou steet et iwwregens an der Konventioun vum 28. November 2017, déi tëscht dem Promoteur an dem Wämper Schäfferot ënnerschriwwe gouf. Gemäss dëser Konventioun regelt de Promoteur och d'Ouvertureszäiten. Entgéint deem wat vu Säiten vum Wämper Buergermeeschter, vu Regierungssäit a vum Grupp Lamy behaapt gëtt, werd de fräien Zougang zum Séi demno flöten sinn. Firwat och soll de Lamy net vu séngem Recht Gebrauch maachen?

D'Tatsaach, dass keng Aktivitéiten däerfen organiséiert ginn, déi dem Grupp Lamy Konkurrenz maachen, schéngt elo ee fir allemol gekläert ze sinn. Och des Klausel kann een an der Konventioun tëscht Lamy a Schäfferot noliesen. Op déi lokal a regional Veräiner kommen schwiereg Zäiten duer, konnten si dach an der Vergaangenheet vum Site an der Infrastruktur profitéieren fir hir Fester ze organiséieren an hir Keess mam Verkaf vun Iessen a Gedrénks opfëllen. Déi Zäiten sinn eriwwer. Hei kann een d'Konventioun tëscht Lamy a Wämper Schäfferot noliesen.

Geschützten déiren a gefor

E Bémol huet den Artikel trotzdem. Beim Liesen kritt een den Androck, et géif krampfhaft no geschützten Déiere gesicht ginn, fir en Argument viru Geriicht ze hunn.

Des Duerstellung ass net korrekt, well se d'Realitéit verzerrt eriwwerbréngt.

Um Site vun den zwee Wämper Séien hunn effektiv eng ganz Rëtsch europa- a landeswäit geschützten Déieren hieren Habitat.

Bei de Vullenaarten, déi op der Plaz observéiert, enregistréiert an zum Deel fotograféiert goufen, komme folgend geschützte Arten um Séi vir:

Raubwürger, Neuntöter, Schwarzstorch, Weissstorch, Rotmilan, Mehlschwalbe, Flussuferläufer, Waldwasserläufer, Schwarzhalstaucher, Zwergtaucher, Zwergsäger, Löffelente, Reiherente, Pfeifente, Fëschadler, Gänsesäger, Silberreiher, Krickente, Knäkente, Eisvogel, Kornweihe, Schwarzspecht, Kranich, Feldlerche, Saatgans, Wendehals. Dest ass eng Lëscht vum Centre ornithologique du Luxembourg.

Bei den Amphibien, Reptilien, Insekten a Säugedéieren, komme virun allem folgend geschützten Aarten um Séi vir: Erdkröte, Grasfrosch, Grünfrosch, Bergmolch, Ringelnatter, verschidde Libellenaarten, verschidde Fliedermausaarten an d'Wëllkaz. Et ass also net korrekt, den Androck ze schinden, et géif verzweifelt no geschützten Déieren gesicht ginn. Déi si längst do. An dat weess och eis Emweltministesch zanter 2018. 

Emweltministesch wousst bescheed

Et ass skandaléis, wann d'Emweltministesch Carole Dieschbourg (déi Gréng) behaapt, um Areal vum Wämper Séi géife keng selten a geschützten Déiere virkommen. Hätt si sech einegermoosse korrekt informéiert oder hätt se hire Courrier vu virun zwee Joer nogekuckt, géif si kee esouee Nonsens schwätzen. Am August 2018, kuerz virun de Wahlen,  huet den deemolege Staatssekretär am Emweltministär, Claude Turmes, am Numm vun der Emweltministesch geäntwert, dass eng Impaktstudie misst gemaach ginn.   No de Wahlen war dat alles net méi gülteg. Et ass keng Impaktstudie gemaach ginn an d'Emweltministesch huet, ouni ze préifen, wat fir Déieren um Site liewen, gréng Luucht ginn fir de Projet ze bauen. Déi betreffend Bréiwer kann een hei ënne noliesen.

Géif d'Emweltministesch hieren Dossier kennen, hätt si net als Kompensatiounsmoossnahm d'Planze vu just 11 neie Beem akzeptéiert. Des méi wéi lächerlech Entscheedung ass ee vun de Grënn firwat d'Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich beschloss huet, Recours géint d'Décisioun vun der Emweltministesch anzeleeën. hh.

Download
Konventioun Lamy-Gemeng 2017
Des Konventioun gëtt een Abléck, wéi de Wämper Schäfferot den Areal um Séi un de belsche Grupp Lamy verhökert huet.
convention Commune Lamy ammendée.pdf
Adobe Acrobat Dokument 6.0 MB
Download
Échange courrier Ministère Environnement 2018
Bréif vun 2018 vum Claude Turmes, deemolege Staatssekretär am Emweltministär, an deem hien eng Impaktstudie ukënnegt.
Réponse MDDI 8-8-2018.pdf
Adobe Acrobat Dokument 537.8 KB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0