· 

Lamy-Reklammebroschür net kloer

LAMY-PUBlizitéit MAT FANTASIEGESCHICHTEN

Wann ee beim belsche Promoteur Lamy op der schwaarzer Lëscht steet, ass et net evident, déi nei Reklammebroschür iwwert den Tourismusprojet um Wämper Séi ze kréien. Dat geet an deem Fall just iwwer Ëmweeër. Bei der Lecture vun der Broschür falen engem eng Rei Punkten an d’Aen, déi et der Wert sinn, méi genau ënnert d'Lupp geholl ze ginn.

aus suneo park gëtt anatura

Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech
Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech

De Projet heescht net méi "SUNEO PARK" mais "ANATURA". Den Accent gëtt op Öko-Tourismus geluecht. De Promoteur wäert gemierkt hunn, dass en sech mam Numm "Suneo Park" net vill Frënn zu Lëtzebuerg mécht. D’Berichterstattung vun de leschte Méint war vernichtend fir de Projet, de Promoteur an de Wämper Buergermeeschter. Op iwwer 45 Hektar gëtt fir d'éischt d'Natur verschandelt, duerno gëtt de Projet als Öko-Tourismus verkaaft. Als Géigeleeschtung fir déi vernichte Biotopen brauch de Promoteur Lamy just 11 nei Beem ze planzen. (Lamy-Broschür, Säit 1)

aus fëscherséi gëtt schwammséi

Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech
Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech

Schwammen soll, gemäss der Broschür, am ieweschte Séi, dem ale Fëscherséi, stattfannen, also ausgerechent op deem Flecken, deen als Pufferzon vum Naturschutzgebitt Conzefenn virgesinn ass. Dat schéngt de Promoteur grad sou wéineg ze interesséieren wéi d’Tatsaach, dass d'Waasserqualitéit am ieweschte Séi méi wéi bedenklech ass an als Schwammgewässer net op der Lëscht vum Waasserwirtschaftsamt steet. Déi lescht detailléiert Analyse vum Fëscherséi a vum Schwammséi ginn op 2010 zréck. Am Bericht vum Waasserwirtschaftsamt kann ee Folgendes iwwert d’Waasserqualitéit vum Fëscherséi liesen:

"Même si la campagne d’investigation n’a pas de valeur statistique, elle permet néanmoins de conclure sur quelques faits:

L’effluent des eaux pluviales du centre commercial de la Wemperhaard est contaminé par des Escherichia coli, bactérie typique des matières fécales de mammifères. (voir image 6).

Les Escherichia coli sont toujours présents dans l’affluent du Kailsbach du lac à poissons.

Dans l’effluent du Kailsbach sortant du lac à poissons, une concentration d’entérocoques intestinaux accrue était détectée le 10 juin 2010.

Kolibakterien si bekannt dofir, schwéier Infektiounskrankheeten am Daarm an am Mo auszeléisen. Dat däitscht Umweltbundesamt mécht op d’Geforen opmierksam. Um Lëtzebuerger Site vum Ëmweltministère sicht een ëmsoss no Informatiounen. Et ass grob-fahrlässeg, den ieweschte Séi als Schwammséi fräi ze ginn. Lamy-Broschür, Säit 22

Logement oder Tourismusprojet?

Op der Säit 25 vun der Lamy-Broschür gëtt verdäitlech, dass et sech beim geplangten Hotel em eng reng Geldanlag handelt. De Kaf vun engem Hotelszëmmer gëtt op de Niveau vum Kaf vun engem Haus oder Appartement gesat. Gräift dofir de Pacte Logement, op deen sech an der dubiéiser Konventioun tëscht Promoteur a Gemeng Wäiswampech beruff gëtt? Wuertwiertlech heescht et an der Lamy-Broschür:

"Au même titre qu’une maison ou qu’un appartement, une chambre d’hôtel est aussi un bien immobilier. Certes, de plus petite taille, mais qui est flexible et loué de nombreuses fois. C’est d’ailleurs ce qui rend ce produit si intéressant."

D’Fro, ob an enger Zone de loisirs (gemäss dem aktuelle PAG vun der Wämper Gemeng) ee Logementsprojet iwwerhaapt zougelooss ass, ass deemno berechtegt.

remboursement tva 17% ?

Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech
Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech

Op der Säit 27 vun der Werbebroschür fir den Tourismusprojet gëtt de potentielle Keefer mat engem Remboursement vun der TVA an Héicht vu 17% gelackelt.

Et handelt sech em eng publicité mensongère, eng Täuschung, eng irreführend Reklamm, déi net am Aklang mat den Informatiounen vun eiser Regierung steet.  Och um Internetsite vu Guichet.lu kritt ee komplett aner Informatiounen.  De Remboursement vun der TVA ass just am Fall vum Bau oder der Renovatioun vun engem Logement virgesinn. Ziel vun dëser staatlecher Hëllef ass et, de Wunnengsbau ze stimuléieren. De Bau vun engem Hotel ass wuel kaum als Logement ze betruechten. Ausserdeem ass de Remboursement vun der TVA net 17%, mais den Ënnerscheed vu 17% op 3%.

Eng wichteg Konditioun fir iwwerhaapt vun dëser Mesür kënnen ze profitéieren, ass dass et sech bei der Konstruktioun em d’Habitation principale, also den Haaptwunnsëtz, handelt. Kann een an engem Hotel säin Haaptwunnsëtz hunn wann ee keng Bréifkëschtefirma ass? Lamy-Broschür, Säit 27

"vente en etat achevé" a lëtzebuerger gesetzgebung inexistent

Op der Säit 28 vun der Lamy-Werbebroschür geet rieds vun enger "Vente en état achevé", ee Begrëff, deen an eiser Gesetzgebung net existéiert. An eisem Code civil gëtt et den Terme "vente en l’état futur d’achèvement". Et geet eben net duer, Texter aus enger belscher Püblizitéitsbroschür an eng lëtzebuergesch eriwwer ze kopéieren, ouni sech d’Méi ze maachen, sech ze vergewësseren, ob déi Begrëffer an domat dee ganzen administrativen a legale Werdegang, déi an der Belsch wuel hir Gültegkeet hunn, zu Lëtzebuerg existéieren.

Duebelzëmmer fir 248.634€ + Frais de notaire

Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech
Extrait Lamy-Broschür Anatura Wäiswampech

Ab 248.634€ + Notärskäschte kann een sech zu Wäiswampech akafen. Dat ass de Präis vun engem einfache Standardzëmmer. D’Präisser vun den ieweschte Kategorië gi virsiichtshallwer net matgedeelt.

Dest ass ee stolze Präis am Verglach zu den Zëmmere vum Lamy-Projet um Lac d’Heure an der Belsch, wou en Zëmmer scho fir 179.600€ ze kréien ass. Zu Lëtzebuerg ass et deemno 69.034€ méi deier, wat ëmmerhin en Ënnerscheed vu 40% ausmécht. An dat fir en Zëmmer, dat net emol hallef esou grouss ass, wéi an der Belsch. Lamy-Broschür, Säit 32.

"en zimmleche bordell" zu portiragnes-plage

Vakanzenduerf vum Lamy zu Portiragne-Plage a Südfrankräich
Vakanzenduerf vum Lamy zu Portiragne-Plage a Südfrankräich

Wéi de Promoteur Lamy mat senge Clienten ëmspréngt, gëtt um Beispill vum Vakanzenduerf "Domaine Les Tamaris & Portes du Soleil" zu Portiragnes-Plage, a Südfrankräich, bei Béziers am Departement Hérault verdäitlecht. An der Vakanzenanlag, déi virun 30 Joer vum Grupp Lamy gebaut gouf, hunn sech och Lëtzebuerger akaaft. Ee vun hinnen, deen net genannt wëllt ginn, beschreift d’Situatioun esou : "Dem Lamy sinn d'Clienten egal. Wann ee Projet net méi genuch erabréngt, léisst en se fale wéi eng waarm Gromper. De Leit vum 'Domaine Les Tamaris & Portes du Soleil' zu Portiragnes-Plage ergeet et momentan esou. Mir sinn do Proprietaire vun engem klenge Vakanzenhaus. De Lamy zitt sech vun engem Dag op deen aneren zréck an hannerléisst een zimmleche Bordell.

zoff mat de proprietären a südfrankräich

Reklamatiounsbréif vun de Propritären aus Südfrankräich un de Lamy
Reklamatiounsbréif vun de Propritären aus Südfrankräich un de Lamy

An engem Bréif, dee sech gewäsch huet, werfen d’Proprietären vum Vakanzenduerf vu Portiragnes-Plage dem Grupp Lamy Schlamperei an eng desastréis Organisatioun vir. Den 1. September 2020 schreiwen si un den Här an d'Madame Lamy a beschwéieren sech, et wär déi ganz Summersaison 2020 just ee Schwammmeeschter do gewiescht fir d’Sécherheet vun de Schwëmmer an zwou Piscinnen ze garantéieren, de Showprogramm wär Woch fir Woch dee selwechte gewiescht, Zinnober a Radau an der Nuecht wären un der Dagesuerdnung gewiescht. Et hätte keng Kontrollen an der Entrée stattfonnt, en etlech onziviliséiert Vacancieren wäre gewäerde gelooss ginn, sou dass schlussendlech d’Proprietäre selwer hu missten d’Heft an d’Hand huelen. "Wat ass aus dem Vakanzendomaine ginn? Wat ass Äert Ziel, Här a Madamm Lamy? ", froen d’Proprietären.

"All Joer bezuele mer esou vill Chargen, fir déi mir dëst Joer keng Déngschtleeschtungen gebuede kritt hunn.", heescht et ofschléissend am Bréif un de Grupp Lamy. Op de Bréif huet de Grupp Lamy bis haut net geäntwert.

hauséieren per telefon

Och zu Lëtzebuerg schéngen d'Geschäfter anscheinend net esou optimal ze lafe, wéi geplangt. Wéi ass et soss ze erklären, dass de Grupp Lamy bei d’Leit, déi d'Reklammebroschür online erofgelueden hunn, heem urifft a krampfhaft probéiert, hinnen een Hotelszëmmer unzedréinen? Och stellt sech d’Fro, wéi de Grupp Lamy un d’Telefonsnummeren vu den Internaute kënnt. Um Telefon kréien déi potentiell Clienten d’Virdeeler vum Kaf vun engem Hotelszëmmer erkläert a ginn informéiert, dass wéinst dem Coronavirus, d’Aarbechten um Wämper Séi eréischt nom 15. Dezember 2020 ufänke géifen.

Beim Grupp Lamy schéngen se net ze wëssen, dass de Konstruktiounssecteur ab dem 18. Dezember 2020 am Congé collectif ass. An dee gëllt och fir de Lamy! hh.

Download
Lamy Reklammebroschür Wäiswampech
wwp-brochure-commerciale_lamy-property-B
Adobe Acrobat Dokument 7.9 MB

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Paul Holweck (Samstag, 28 November 2020 01:06)

    Mat Hëllef vum Schäfferoot a sengen Matleefe"Rinnen" aus eiser Gemeng a mat Hëllef vu verschiddene Ministären gët hei d'Natur am grousse Stil zerstéiert. Emweltschutz a-politik ass keen Thema an eiser Gemeng. Jiddereen deen sëch un dësem dubiosen Projet bedeeligt, mecht sech matschëlleg.