· 

Séi zu Wäiswampich

Gëtt aus dem Geplangten Hotel eng Clinique?

Op de Facebook-Post vum 12. September iwwert dee mat extrem gesondheetsschiedleche Bloalgen verseuchtene Wämper Séi goufen et, wéi net anescht ze erwaarden, e sëllege Reaktiounen. De Video iwwert déi gëft-gréng Britt gouf bis ewell iwwer 800 Mol gekuckt.

▲ Bléck op de Séi mat sénge Bloalgen, 10/09/2023
▲ Bléck op de Séi mat sénge Bloalgen, 10/09/2023

Vill Leit waren entsat, dass d’Regierung op der gemeinsamer Pressekonfrenez vum Juni 2018 mam Promoteur, dem belsche Groupe Lamy versprach huet, de Projet mat 10 Prozent vum investéierte Betrag ze subventionéieren. Beim geplangten Invest vu 50 Milliounen Euro, géifen also 5 Milliounen vum Steierzueler iwwerholl ginn. Firwat ginn déi Suen net an déi einheimesch Hotelsbetriber gestach, déi no der Pandemie bestëmmt frou wären fir ënnert d’Äerm gegraff ze kréien?

Reaktiounen

D’Reaktiounen bloufe, wéi schonns gesot, net aus, an hei ass eng kleng Auswiel.

 

“Ech géif wëssen, ween ech doranner [an de Séi, Remark vun der Redaktioun] géif schmäissen!”, huet ee FB-User geschriwwen.

“Wann dat do alt keng Katastroph gëtt?!”, huet en anere kommentéiert.

“Dat ass schonn eng Katastroph. Da brauchen se de Projet guer net opzemaachen. Eng Bauruin méi”, huet en Drëtte geäntwert.

Ee FB-User huet ze bedenke ginn: “D’Gemeng ass responsabel fir d’Waasserqualitéit an d’Méinen.”

“Sic transit gloria mundi”, huet nees en anere kommentéiert a bezitt sech domat op ee mëttelalterlecht Zitat, wat sënngeméiss souvill heescht wéi “Sou vergeet de Ruhm vun der Welt”, wourop eng Vertriederin vun der Biergerinitiative Gemeng Wäiswampich geäntwert huet “Sic transit gloria Wäiswampich.”

Eng Facebook-Benotzerin huet kommentéiert: “Se kéinte jo den Hotel an eng Clinique ëmwandelen, fir all déi Affer vun de Bloalgen am Wemper Séi ze behandelen.”

Clinique amplaz Hotel?

“Luxembourg Jungle” huet sech bei der Gesondheetsministesch Paulette Lenert schlau gemaach, déi eis bestätegt huet, datt den Dossier an der Tëschenzäit vum Tourismusministère ausgelagert an an de Gesondheetsministère transferéiert gouf.

Mir brauchen zu Wäiswampech um Séi keen Hotel, mee eng Clinique, déi op d’Behandlung vu Bloalgepatiente spazialiséiert ass”, huet si eis op Nofro hi gesot. Och eng Éischt-Hëllefsstatioun fir Spadséiergänger, déi vun den aggressiven Nilgänsen attackéiert ginn wär geplangt.

 

Et dierf een op de Succès vun der geplangter Porte ouverte vum Projet, den 23. an de 24. September 2023 gespaant sinn. Eisen Informatioune no, huet sech bis elo een Interessent ugemellt. Dobei handelt sech ëm en enke Familljemember vun der Famill Lamy.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0