· 

Bloalgen um Wämper Séi

Gëtt den Tourismusprojet ee Flop?

Well sech an de soziale Medien an der lescht vill iwwert de schlechten Zoustand vum Wämper Séi beklot gouf, war ech mer dat selwer ukucken. D’Bild, wat gebuede gouf, war erschreckend.

▲ Bloalgen souwäit ee kucke kann.
▲ Bloalgen souwäit ee kucke kann.

Bloalgen souwäit ee kucke kann. Just e puer kleng Schëlter am Din-A-4-Format, déi vereenzelt opgestallt waren, hunn op ee Schwammverbuet higewisen. Dobei ass mat de Bloalgen, virun allem wann se an esou enger massiver Quantitéit a Konzentratioun wéi um Wämper Séi virkommen, net ze spaassen. A Wierklechkeet handelt et sech net ëm Algen mee em gëfteg a geféierlech Bakterien, déi zu Reizungen vun der Haut an de Schläimhäit féieren. Kritt een eng Schlupp, muss mat Schësser an Iwwelzechkeet gerechent ginn, well dann och de Mo an d’Liewer ugegraff ass. Am schlëmmste Fall kënnen Otemnout a souguer neurologesch Problemer optrieden. Méi Informatiounen iwwer Bloalgen fënnt een heiTrotz Schwammverbuet waren eng ganz Partie Leit am Waassen, dorënner esouguer Kanner. Vu Kontrolle keng Spuer.

Bloalgen triede reegelméisseg am Wämper Séi op, ma sou schlëmm an ekelhaft wéi dëst Joer, war et nach ni. Op mengem Spadséiergang ronderëm se Séi huet et mer op verschiddene Plazen wéinst deem penetrante Gestank gehuewen, a wat ech méi no bei de Chantier vum Hotel komm sinn, wat d’Konzentratioun vun där gëft-grénger Supp ëmmer méi intensiv ginn ass, wéi een an dësem Videoreportage ka gesinn.

Ee staarkt Potenzial?

De Luxushotel vum belsche Promoteur Lamy sollt eigentlech fir d’Summersaison dëst Joer a Betrib sinn. Sou gouf et zumindest op der Pressekonferenz vun der Lëtzebuerger Regierung an dem Groupe Lamy de 15. Juni 2018 behaapt. 

Op där Pressekonferenz huet den Administrateur délégué vum Groupe, de Jordan Lamy, geschwärmt: "De Site ronderëm d'Séien zu Wäiswampech stellt e staarkt Potenzial fir den lokalen Tourismus duer duerch seng Ëmweltqualitéit a senger Lag no bei de belschen an däitsche Grenzen. Et ass eng privilegiéiert Plaz fir ökologesch an zäitgenëssesch touristesch Ënnerkunft opzebauen, déi an der natierlecher Plaz integréiert sinn."

Kuckt een sech allerdéngs déi ekelhaft gréng, sténkeg a gëfteg Britt un, da stellen sech a Bezug vun dësem iwwerdimensionalen Tourismusprojet berechtegt Froen. Vläicht ass déi „super“ Waasserqualitéit jo mat ee vun de Grënn, dass et mam Verkaf vun den Hotelszëmmeren kräfteg hapert an de Chantier zanter Méint net vun der Plaz kënnt. Ween huet scho Loscht an deem Schmorri ze schwammen?!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0