· 

Gutt Noochrichte vu Wampich

Ee groussen Uff! op der Säit vun de Verfechter vun der Demokratie an der Gemeng Wäiswampich, laang Gesiichter beim Promoteur Lamy, deen um Wämper Séi ee monströsen Tourismuszentrum geplangt huet, mat Luxushotel, Funpark, Adventurepark, Cablepark, Vakanzenduerf a sou weider, deen dëse Projet awer net emsetze kann, well d'Buvette um Séi haut, 2. Dezember 2022, vum Institut national pour le patrimoine architectural (de fréieren Service des Sites et Monuments) klasséiert ginn ass. D'Buvette däerf also net ofgerappt ginn a steet deem riesege Projet am Wee.

De Réibau vum iwwerdimensionalen Hotelkomplex, am Volléksmond "dem Rinnen säi Mausoleum" genannt, steet leider schon.

Prompt hunn haut de Buergermeeschter Henri Rinnen (DP), d'Schäffen Norbert Morn a Jos Vesque an d'Conseilleren Marie-Paule Johanns-Hamer an Anita Faber matgedeelt, dass si sech fir d'Gemengewahlen vun 2023 net méi opsetze wäerten.

Bei deene 5 Déserteuren handelt et sech em déiselwecht Leit, déi den Tourismusprojet um Séi mat alle Mëttelen ënnerstëtzt an duerch de Gemengerot geknëppelt hunn. Si hunn de Projet souguer dunn nach mordicus verteidegt, nodeems d'Wämper Wieler sech am August 2019, bei engem lokale Referendem, majoritär, mat 60,1%, dergéint ausgesprach haten.

No där spektakulärer Defaite vum Buergermeeschter a sengem Clan, hätten se fir richteg missten de Projet op Äis leeën oder awer demissionéieren. Och elo, wou de Projet definitiv net an där Form kann emgesat ginn wéi geplangt, wär eigentlech déi logesch Suite d'Demissioun vum ganze Clan gewiescht.

D'Ukënnegung, net méi unzetrieden, ass ëmmerhin ee Liichtbléck. Déi Wämper Leit brauchen den Henri Rinnen a seng Équipe just nach en halleft Joer ze erdroen, bis den 11. Juni 2023, wann ee neie Gemengerot gewielt gëtt.

D'Ukënnegung vum Rinnen-Clan dierft en Usporn fir all demokratesch gesënnte Leit sinn, sech opzesetzen an ee Schlussstrëch ënnert déi willkürlech Zerstéierung an der Gemeng Wäiswampech ze zéien.

Elleng schon d'Ukënnegung vun haut ass et derwäert, d'Schampesstëpp an der Buvette um Séi knallen ze loossen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0