Am léifsten alles op eemol
"Vivre ensemble" zu Lëtzebuerg: hei wäscht eng Hand déi aner an een heemelt deem aneren iwwert de Käppchen. Gewerkschaften an d'Monarchie an engem Otemzuch nennen? Kee Problem! Well am Grand-Duché gëtt net tëscht Klassekampf a Kréinungszeremonie gewielt - et bestellt ee béides à la carte.
D'Gewerkschaft marschéiert lénks, d'Monarchie wénkt riets, an zesumme fënnt een ëmmer de gëllene Mëttelwee – tëscht Streikparolen a Groussherzogsgebuertsdag.
D'Lëtzebuerger danze gären op zwou Hochzäiten –déi lénks Fauscht an der Luucht fir d'Gewerkschaft an déi riets Hand prett fir sech virun der Kroun ze vernäipen. Eng Natioun, déi souwuel d'Guillotine wéi och Feudalromantik éiert. E bësse Klassekampf a revolutionär Romantik a gläichzäiteg Applaus fir d'Monarchie an den Adelskitsch. E Widdersproch? A wouhier! Dat ass déi national Symbiose tëscht Kroun a Klassenideologie.
Vläicht ass et jo genee dat, wat ënnert der Lidderzeil aus dem Feierwon "Mir wëlle bleiwe, wat mir sinn" aus dem 19. Joerhonnert ze verstoen ass: e bësse Klassekampf, e bësse Pomp vum Haff – an d'Talent, sech dem Wand no ze dréien. Vive d'Kultur vum Opportunismus!
Kommentar schreiben