· 

De Fred Keup schléit nees zou

Lëtzebuerg brauch keng Brandmauer géint déi Gréng – awer vläicht eng géint intellektuell Brandstëfter

Et ass nees souwäit. De Fred Keup, den autoproklaméierte Schutzhär vun der Demokratie, huet erëm zougeschloen, a probéiert op en Neits, Lëtzebuerg ze retten. Am "Wort" freet hien, ob d'Land eng "Brandmauer géint di Gréng" brauch. Eng kuriéis Formuléierung – schliisslech ass dat genee dem Keup säi politesche Stil, deen sech drop spezialiséiert huet, Feier ze leeën, just fir sech dann als Pompjee ze inszenéieren.

Natierlech sollen déi Gréng kritiséiert ginn – si si weder onfeelbar nach stinn si ënnert engem spezielle Schutz. Am Géigendeel: an de leschte Joren hunn si hir ursprénglech Prinzipien sou séier op den Tipp geheit, datt souguer agefleeschte Sympathisanten d'Stir ronschelen. Dat huet sech besonnesch an der Friddenspolitik bemierkbar gemaach: wou Ofrüstung an Antimilitarismus fréier de Credo waren, wénken déi Gréng haut ouni mat der Wimper ze zucken militäresch Oprëschtungsprogrammer a Waffeliwwerungen duerch d'Chamber, wéi wann se op eemol dovun iwwerzeegt wieren, datt Nohaltegkeet beim Airbus A400M ufänke géif.

A wann iergendeen sech traut, dës Kursännerung ze hannerfroen, da gëtt direkt de Bashing-Barometer erausgezunn. Automatesch, wéi ee Reflex, gëtt Kritik un de Gréngen als ketzeresch Blasphemie ofgedoen, wéi wann et eent a Stee gemeesselt Naturgesetz wier, datt gréng Politik ëmmer moralesch richteg ass.

Ma de Fred Keup wëllt eis wäismaachen, datt et net éire politesch Feeler oder radikal Meenungsännderunge sinn, déi déi Gréng schwächen - nee, et ass angeblech hirt Talent, d'Gesellschaft ze spalten. Dës Ausso ass sou ironesch, datt se an e Cabaretsprogramm opgeholl ka ginn. Schliisslech sinn et d'Rietspopulisten, déi mat Äifer d'Spaltung bedreiwen.

"Mir géint de rescht vun der Welt“ – D'Grondlag vu rietspopulistescher Politik

De Keup a seng ADR si Meeschter vun der "mir géint déi aner"-Rhetorik, bei där et net ëm politesch Léisunge geet, mee ganz bewosst ëm d'Schüre vun Emotiounen. Alles gëtt an en einfacht Feindbild gepresst: Et ginn déi "Béis", dat sinn natierlech déi Gréng, d'Klimaaktivisten, déi progressiv Stëmmen, d'Elitt. An dann ginn et nach déi "Gutt“, déi sech géint de "Wahn der Verbotspartei“ stellen – also Keup & Co.

Mee woura genau läit "d'Béisaartegkeet“ vun de Gréngen? An hirem Versoen, demokratesch Prinzipien anzehalen? Jo, absolut! Et hätt ee vun der grénger Partei, déi fréier mol Wäert op Biergerbedeelegung geluecht huet, erwaart, datt si den ëmstriddene CETA-Accord net ausgerechent wärend dem Lockdown duerch d'Chamber geboxt huet, wou Protester verbueden waren. Demokratie mat engem gréngen Touch bedeit anscheinend, déi richteg Entscheedungen zum richtegen Zäitpunkt duerchzedrécken - also dann, wa keen haart dogéintgoe kann.

Klimawandel als Glawensfro? Populismus a senger rengster Form

Natierlech däerf am Fred Keup sengem Pamphlet eng Attack op d'Wëssenschaft net feelen: "d'Klimaapokalypse“, schreift hien, ass Fake News. E brillante Saz, deen um Stammdësch vun den Anti-Wëssenschaftler mat Sécherheet fir grouss Begeeschterung suergen dierft.

Ma de Klimawandel ass keng Glawensfro – et gëtt keng alternativ Realitéit, an där CO₂ op eemol zu engem gesonde Vitamin erkläert gouf. De Keup benotzt genau déi Taktik, wéi ee se vu Populisten erwaart: wann d'Fakten onbequem sinn, ginn se einfach a Fro gestallt.

Demokratie – nëmme wann se an d'Weltbild passt

Zum Schluss betount de Keup feierlech, datt Demokratie Meenungsvillfalt, Fairness a Respekt bedeit. Wonnerbar, awer firwat bemierkt een da genau dat net a sénger Partei? Et war dach den ADR-Deputéierten Tom Weidig, deen an de soziale Medien ganz oppe seng Ënnerstëtzung fir d'"Vernichtung" vun der LGBTQ-Beweegung ausgedréckt huet. Haasspolitik als Meenungsfräiheet? Interessant Definitioun.

Eng Saach huet de Keup net verstanen: Rietspopuliste sinn nimools en Deel vun der Léisung. Si sinn en Deel vum Problem. Jiddereen, deen sech als Verfechter vu Wäerter presentéiert, während hien mat Fake News, Feindbiller a Verleugnung vun der Wëssenschaft operéiert, ass net de Retter vun der Demokratie, mä hire gréisste Feind.

Lëtzebuerg brauch keng Brandmauer géint déi Gréng. Mee vläicht eng géint politesch Brandstëfter.

Qualitéitsjournalismus

Wat d'Wort sech wuel dobei geduecht huet, den ADR-Beitrag onkommentéiert ze drécken? Fir d'éischt am Besëtz vum Klerus, duerno vum belsche "Mediahuis"-Konzern - d'Wort schéngt lo endlech säi neie Glawen fonnt ze hunn: de Populismus. Vill Lieser hunn sech gefrot: ass dat de grouss ugekënnegte Qualitéitsjournalismus oder ass et ee Walkampfprospekt? D'Redaktioun äntwert: Firwat net béides?

▲ Artikel vum ADR-Deputéierten Fred Keup, den 03/05/2025 am "Wort"
▲ Artikel vum ADR-Deputéierten Fred Keup, den 03/05/2025 am "Wort"

Kommentar schreiben

Kommentare: 0