Europadag zu Lëtzebuerg: Food Trucks, Béierbuden a Quizspiller – während 63% d'Zukunft schwarz gesinn, d'Hallschecht den EU-Institutiounen net méi vertraut, an d'EU am Demokratie-Ranking nëmmen op Plaz 31 vu 68 lannt. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Wat war dat ee Gejäiz wéi d'CSV annoncéiert hat, datt dem Woltermischi seng Fra géif d'Successioun um Buergermeeschterstull zu Käerjeng iwwerhuelen. Dobäi vergiesse vill Leit: Mir brauche méi Familljeclanen an der Politik!
Et ass nees souwäit. De Fred Keup, den autoproklaméierte Schutzhär vun der Demokratie, huet erëm zougeschloen, a probéiert op en Neits, Lëtzebuerg ze retten. Am "Wort" freet hien, ob d'Land eng "Brandmauer géint du Gréng" brauch. Eng kuriéis Formuléierung – schliisslech ass et genee dem Keup säi politesche Stil, deen sech drop spezialiséiert huet, Feier ze leeën, just fir sech dann als Pompjee ze inszenéieren.
Bis Enn Mäerz hätten an der Ukrain misste Wahlen fir d'Bestëmmung vun engem neie President an engem neie Parlament stattfannen. Haut, 20. Mee 2024, hätt dee neie President missten an d'Amt agefouert ginn. De President Zelensky huet d'Wahlen awer ofgesot.