· 

Verlängerungszäit ofgelaf

Keng Zäit fir Wahlen

Bis Enn Mäerz hätten an der Ukrain misste Wahlen fir ee neie President an ee neit Parlament stattfannen. Haut, 20. Mee 2024, hätt dee neie President missten an d'Amt agefouert ginn. De President Zelensky huet d'Wahlen awer virun dräi Méint ofgesot.

Den 20. Mee 2019 ass de Volodimir Zelensky offiziell a säin Amt als President vun der Ukrain agefouert ginn. Gemäss dem ukrainesche Gesetz hätte missten bis Enn Mäerz dëst Joer souwuel demokratesch Wahlen fir de Posten vum President wéi och fir d'Erneierung vum Parlament stattfannen. Spéidstens haut, 20. Mee 2024, hätt dee neigewielte President missten säin Amt untrieden. Dat ass awer net geschitt an dofir hat den "Ex"-President Zelensky an de leschte Méint eng ganz Rëscht Erklärungen op Lager.

Kee Geld

Nodeems westlech Politiker den Zelensky drop higewisen haten, datt zu enger Demokratie och Wahle gehéieren, huet hien am August d'lescht Joer den Joker vum Geld aus der Täsch gezunn. Eréischt wann d'USA an d'EU d'Wahle géife bezuelen, wär hie bereet déi och z'organiséieren, gëtt den Zelensky vun der Noochrichtenagence Reuters zitéiert, an huet prompt 5 Milliarden US-Dollar fir d'Organisatioun vu Wahlen gefuerdert. Ofgesinn dovun, dass dat Erpressung ass, bleift et ee Rätsel, wéi den Zelensky op de Betrag vu 5 Milliarde kënnt. Als Verglach: fir d'Organisatioun vun de Wahlen 2024 an den USA gëtt mat engem Käschtepunkt vun 10 Milliarden US-Dollar gerechent.

Keng Zäit

D'EU an d'USA hunn dem Zelensky déi verlaangte 5 Milliarden Dollar net ginn an, wéi d'Washington Post de 24. September 2023 bericht huet, hu westlech Regierungscheffen him ze verstoe ginn, dass an enger Demokratie musse Wahlen organiséiert ginn, wourop den ukrainesche Führer geäntwert huet, elo wär "d'Zäit vun de Schluechten an net déi vun de Wahlen". Esou gëtt hien vun der Neue Züricher Zeitung zitéiert.

Dat ass natierlech eng komplett aner Argumentatioun wéi déi am August, wou et geheescht huet, den Zelensky hätt kee Geld fir Wahlen ze organiséieren.

Kee Gesetz

Déi lescht Variant vun den Excüsen, am Februar 2024, fir d'Wahlen ofzesoen war, dass d'ukrainescht Gesetz Wahlen verbitt, wéinst dem Krichsrecht. An anere Wierder: d'Organisatioun vu Wahlen an der Ukrain ass illegal.

An esou kann dee gefeierten an decoréierten Demokrat Zelensky ganz ouni Wahlen, och nom Oflafe vu senger Mandatszäit, un der Muecht bleiwen. Wéi laang? Dat hängt ganz vun him of. Demokratie nom Loschtprinzip.

Kee Vertrauen

Et kéint awer och sinn, dass den Zelensky gemierkt huet, datt seng Beléiftheet an déi vu senger Partei "Dénger vum Vollek" am Gaang ass, kräfteg an de Keller ze falen. Bei den EU-Bierger huet den Zelensky keng Majhoritéit méi hannert sech. Just nach 47 Prozent si mat him averstanen, wéi eng rezent europawäit Ëmfro weist. Awer och an der Ukrain selwer stinn nach knapps 60 Prozent vun de Bierger hannert him, wat ee Popularitéitsverloscht vun iwwer 20 Prozentpunkten ausmécht. Nach just 57 Prozent vun den Ukrainer sinn der Meenung, dass hirt Land eng Demokratie ass.

Eisem Premierminister, dem #Luc, hätt den Zelensky, um Wirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz, op d'Fro, winni da Wahlen organiséiert géifen, geäntwert: "Weess de Luc, wéi wa Wahlen eng Demokratie ausmaache géifen. Also... Nee!"

▲ Just nach 47% vun den EU-Bierger stoungen am Mäerz 2024 hannert dem Zelensky.
▲ Just nach 47% vun den EU-Bierger stoungen am Mäerz 2024 hannert dem Zelensky.

D'Tatsaach, dass den Zelensky den 20. Mee 2024, also um Dag wou seng Amtszäit offiziell ofgelaf ass an hien sech vun do un ob eng dubios Manéier un der Muecht festklammert, dem Luis Abinader fir seng Réelectioun als President vun der Dominikanescher Republik gratuléiert huet, kann ee wuel als Realsatir betruechten. Selwer d'Wahlen ofblosen awer anere fir d'Wahlresultat gratuléieren an dobei esou maachen wéi wann een en Demokrat wär...

▲ Realsatir: Tweet vum Zelensky vum 20/05/2024 mat de Gléckwënsch un de Luis Abinader fir seng Réelectioun als President vun der Dominikanescher Republik.


Update 25. Mee 2024

Diskussioun ëm seng Legitimitéit ass dem Zelensky egal

An engem Interview mat der kasachescher Onlinezeitung "Orda", gëtt den Zelensky no senger Legitimitéit, weiderhin als President vun der Ukrain opzetrieden, gefrot. An senger Äntwert seet hien, dat wär him egal.

▲ Extrait aus dem Interview mam Zelensky an der kasachescher Onlinezeitung "Orda" vum 25/05/2024. Et handelt sech em ee Screenshot vun enger maschineller Iwwersetzung.
▲ Extrait aus dem Interview mam Zelensky an der kasachescher Onlinezeitung "Orda" vum 25/05/2024. Et handelt sech em ee Screenshot vun enger maschineller Iwwersetzung.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0