C’est reparti. Fred Keup, le gardien autoproclamé de la démocratie, a une nouvelle fois tenté de sauver le Luxembourg avec une déclaration aux accents théâtraux. Cette fois-ci, il s’interroge: faut-il un rempart contre les Verts? Un choix de mots intéressant - surtout quand on sait que la spécialité politique de Keup consiste à allumer des foyers d’incendie avant de jouer le pompier outré.
Et ass nees souwäit. De Fred Keup, den autoproklaméierte Schutzhär vun der Demokratie, huet erëm zougeschloen, a probéiert op en Neits, Lëtzebuerg ze retten. Am "Wort" freet hien, ob d'Land eng "Brandmauer géint du Gréng" brauch. Eng kuriéis Formuléierung – schliisslech ass et genee dem Keup säi politesche Stil, deen sech drop spezialiséiert huet, Feier ze leeën, just fir sech dann als Pompjee ze inszenéieren.
Sinn et net eis Regierungsvertrieder, déi eis gebetsmühlenarteg antriichteren, mir missten de Rimm méi enk zéien, mir missten Energie a Knaschtemissionen aspueren?
Wat hat de gréngen Ernergieminister Claude Turmes ee Furri bei der Intecourse zu Ettelbréck. Masseweis Plastiksinten goufen an d’Uelzecht geheit a si geschwommen wat hues de, wat gëss de. An obwuel de Claude Turmes wochelaang doheem an der Bidden trainéiert hat, huet awer en anere gewonnen.
Iwwert den Twitter-Account vun der hollännescher Arméiministerin gi mer gewuer, datt Lëtzebuerg gepanzert Gefierer un d'Ukrain liwwert. Firwat informéiert de Lëtzebuerger Krichsminister net selwer doriwwer?
Den Transportminister François Bausch (déi Gréng) dréint dem Bus-Syndikat TICE de Geldkrunn zou. 9 Milliounen wëllt hien eleng bei de Subventiounen aspueren. Normal, schliesslech huet hien der Ukrain scho fir 171 Milliounen u Waffe subventionéiert.
Nodeem mir an eisem Artikel vum 3. Juni 2023 drop higewisen hunn, datt déi Éisleker Leit, déi mam Zuch wëlle fueren, vum Transportminister an der CFL-Direktioun kujenéiert ginn, gouf elo beschloss, den Tunnel Schieburg éischter opzemaachen, wéi geplangt.
Nodeems d’Aarbechten op der CFL-Nordstreck tëscht Wëlwerwolz a Draufelt Ufank Juni 2023 ofgeschloss an déi al Schinnen d’lescht Woch vun enger belscher Firma ewech transportéiert goufen fir se ze recykléieren, annoncéiert den Transport- an Arméiminister François Bausch (déi Gréng) schon nees Gleis-Aarbechten um selwechte Secteur.
Mat 273,5 Milliounen Euro finanzéiert de Lëtzebuerger Staat dem Multimilliardär a Stolbaron Lakshmi Mittal ee schéine, neie Firmesëtz fir seng Firma ArcelorMittal um Kierchbierg. Obwuel eise Staat just mat 2,5 Prozent am Kapital vertrueden ass, bezuele mir Steierzueler d’Halschent vum neie Gebai. A mir maachen dat gär!
Mat Fassungslosegkeet huet de Lëtzebuerger Krichsminister François Bausch (déi Gréng) op der Réunioun vun den NATO-Verdeedegungsministeren de 15. an de 16. Juni 2023 zu Bréissel, missten zouginn, dass eis Krichskeess eidel ass. Lëtzebuerg kéint keng weider Milliarden an d’Rüstung stiechen.