Artikel mit dem Tag "Denkmalschutz"



Réckbléck 2025
Gestëppels / piques · 21. Dezember 2025
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.

300 Joer
Patrimoine · 15. Dezember 2025
Haut gouf mat den Ofrappaarbechten vum denkmalgeschützte Bauerenhaff zu Äischer (Enscherange, Gemeng Kiischpelt) ugefaangen. Den 300 Joer alen Haff ass den 2. November 2025 zum groussen Deel an de Koup gefall, well de Proprietär, deen en 1989 kaaft huet, e vergammele gelooss huet. Dobei kéint dësen Haff esouvill erziele, wann e (nach) kéint.

Geschützte Bauerenhaff zu Äischer
Patrimoine · 27. November 2025
Zum Thema Denkmalschutz gëtt et esouvill ze soen, datt een eng ganz Sendung kéint domat fëllen. De Bericht vun RTL Lëtzebuerg war mol en Ufank. Merci der Journalistin Monique Kater (Télé) an dem Journalist Chris Meisch (Radio) fir hiren Interessi. Et bleift ze hoffen, datt hire Reportage eng méi breet Debatt ausléist.

Denkmalschutz zu Lëtzebuerg
Patrimoine · 24. März 2025
Dëse Bauerenhaff aus dem fréien 18. Joerhonnert steet ënner Denkmalschutz. E genéisst also de selwechte Status wéi d'Veianer Schlass oder d'Kathedral. Mee géife mir dës Gebaier an esou engem deplorablen Zoustand loossen?

Denkmalgeschützt an awer zum Verfall veruerteelt
Patrimoine · 08. Dezember 2024
Zënter dem 3. Juli 2024 steet deen 250 Joer ale Bauerenhaff zu Äischer (Enscherange) an der Gemeng Kiischpelt ënner Denkmalschutz. Mä amplaz a neiem Glanz ze erstalen, mutéiert en ëmmer méi zu enger zerbriechlecher Ruin.

Etappenerfolleg zu Enscherange
Patrimoine · 29. November 2023
Eng wichteg Etapp gouf viru kuerzem an der Affär ëm een 250 Joer ale Bauerenhaff am Éisleker Duerf Äischer geholl. D’Kommissioun fir Kulturierwen huet sech eestëmmeg dofir ausgesprach, de verwahrlosten Haff op Nummer 10, Ënnescht Duerf ënner Denkmalschutz ze stellen.

Agonie vun engem 250 Joer ale Baurenhaff
Patrimoine · 29. Juni 2023
D’Riddoen hänken do wéi ëmmer an et huet een d’Gefill, wéi wann de Bauer all Moment zréck op säin Haff kéim. Kuckt een sech awer e bëssen ëm, stellt ee fest, dass hei scho laang kee méi wunnt an dass et héich Zäit gëtt, dëst 250 Joer aalt Gebai ze retten ier et ze spéit ass.

Denkmalschutz als Programm fir d'Gemengewahlen
Patrimoine · 03. Juni 2023
Denkmalschutz kann duerchaus ee Programmpunkt fir d'Gemengewale sinn. Dass dat méiglech ass, beweist de Philippe Hulsbosch, deen sech an der Majorzgemeng Kiischpelt opgesat huet.

Patrimoine: Schützen, wat eis wichteg ass
Patrimoine · 12. Mai 2023
Op enger Pressekonferenz huet d’Kulturministesch Sam Tanson (déi Gréng) de Bilan iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz gezunn. Well Villes am Denkmalschutz nach ëmmer onkloer ass, huet Luxembourg Jungle sech och mat der Kulturministesch ënnerhalen.

Lëtzebuerg: No Country For Old Buildings
Patrimoine · 29. Dezember 2020
Eng Gemeng déi an dësem Bericht ernimmt gëtt, huet ee Probleem, an zwar mam Denkmalschutz. Am Joresbericht 2020 vum Facebook-Grupp "Luxembourg under destruction – Mir wëllen hale, wat mer hunn" gëtt de Fanger op d'Wonn geluecht.