· 

Agonie vun engem 250 Joer ale Baurenhaff

Wéi zu Lëtzebuerg erhalenswäert Bauwierker verkomme gelooss ginn

D’Riddoen hänken do wéi ëmmer an et huet een d’Gefill, wéi wann de Bauer all Moment zréck op säin Haff kéim. Kuckt een sech awer e bëssen ëm, stellt ee fest, dass hei scho laang kee méi wunnt an dass et héich Zäit gëtt, dëst 250 Joer aalt Gebai ze retten ier et ze spéit ass.

▲ Den 250 Joer ale Baurenhaff zu Äischer gëtt verfale gelooss.
▲ Den 250 Joer ale Baurenhaff zu Äischer gëtt verfale gelooss.

Bei dësem einfache Bauerenhaff handelt et sech ëm eng ganz al Konstruktioun, déi schonn op der Ferraris Kaart vun 1776 agezeechent ass, an op där een den Haff liicht duerch déi perpendikulär Lag zu der Strooss erkenne kann.

▲ Op der Kaart vum Baron de Ferraris vu 1776 ass de Baurenhaff zu Äischer schonn agezeechent.
▲ Op der Kaart vum Baron de Ferraris vu 1776 ass de Baurenhaff zu Äischer schonn agezeechent.

Dat rechteckegt Gebai besteet aus engem Wunndeel an engem landwirtschaftlechen Deel, deen un d'Strooss grenzt. Den Haff ass aus Schiefersteng gebaut, déi mat Lehm zesummegehale ginn an op deem en Halbwalmdaach läit.

D'Fassad vum Haus ass symmetresch ugeluecht, mat dräi Buchten an engem Portal an der Mëtt. D’Fënsterrumme vun der Wunneng sinn aus Steen, wahrscheinlech Hasselter.

De landwirtschaftlechen Deel ass manner strikt organiséiert: E besteet aus de Ställ um ënneschten Niveau, iwwert deenen d'Scheier läit, déi vum Haff aus zougänglech war, wat d’Konstruktioun dowéinst zu engem typesche Vertrieder vum Éisleker Hochscheunenhaff mécht.

Dës Fotoen - vun 2014, 2021, 2022 an 2023 -  dokumentéieren de Verfall vum Bauerenhaff.

▲ 2014: Den Haff huet nach gutt ausgesinn.
▲ 2014: Den Haff huet nach gutt ausgesinn.
▲ 2021: Vue vum Wunnberäich a Richtung Strooss - Iwwert der Scheier fänkt den Daach un, onstabil ze ginn, den Haff wär awer duerchaus nach ze rette gewiescht.
▲ 2021: Vue vum Wunnberäich a Richtung Strooss - Iwwert der Scheier fänkt den Daach un, onstabil ze ginn, den Haff wär awer duerchaus nach ze rette gewiescht.
▲ 2022: D'Fassad fänkt un erofzebréckelen, den Daach sackt an d'Gespär fänkt un, ewechzebriechen.
▲ 2022: D'Fassad fänkt un erofzebréckelen, den Daach sackt an d'Gespär fänkt un, ewechzebriechen.
▲ 2023: Aus deem fréiere schéinen Haff gëtt ëmmer méi eng Bruchbud. Deeler vum Daach a vun enger Mauer si mëttlerweilen agefall.
▲ 2023: Aus deem fréiere schéinen Haff gëtt ëmmer méi eng Bruchbud. Deeler vum Daach a vun enger Mauer si mëttlerweilen agefall.
▲ 2023: Deeler vun der viischter Mauer sinn zesummegefall.
▲ 2023: Deeler vun der viischter Mauer sinn zesummegefall.
▲ 2023: Och d'Récksäit fänkt un, Mängel opzeweisen. Well et sech awer do em d'Ostsäit handelt, ass si manner de Wiederbedingungen ausgesat wéi déi viischt Face.
▲ 2023: Och d'Récksäit fänkt un, Mängel opzeweisen. Well et sech awer do em d'Ostsäit handelt, ass si manner de Wiederbedingungen ausgesat wéi déi viischt Face.

Am Kader vun enger Timbersserie iwwert d’landwirtschaftlech Archiktektur am Land, figuréiert den Haff vun Äischer souguer op engem Timber vun der Post. De landwirtschaftleche Betrib gouf viru ville Joren opginn a vegetéiert zanterhir viru sech hin. 

▲ Timbersserie vun der Post iwwert d'Architektur vun de Bauerenhäff zu Lëtzebuerg. Dat iewescht Bild ass eng Zeechnung vum Haff zu Enscherange.
▲ Timbersserie vun der Post iwwert d'Architektur vun de Bauerenhäff zu Lëtzebuerg. Dat iewescht Bild ass eng Zeechnung vum Haff zu Enscherange.

Well et en authenteschen Zäitzeien aus enger vergaangener Ära ass, deen de gesetzleche Critèrë vu Raritéit, Typologie a Genre entsprécht, gouf den 18. Februar 2021 eng Demande un d’Kulturministesch Sam Tanson (déi Gréng) geriicht, den Haff ënner Denkmalschutz ze stellen. Bis haut ass keng Äntwert vum Kulturministère komm.

D’Zäit hannerléisst hir Spueren an den Haff fänkt un, ëmmer méi an sech zesummen ze sacken. Viru kuerzem ass e Stéck vun enger Mauer ewechgebrach an en Deel vum Daach agefall. Sou munches deit drop hinn, dass demnächst nach weider Stécker vum Daach zesummefalen.

Et ass enttäuschend, ze gesinn, wéi en Haff, dee virun iwwer 250 Joer geplangt a mat Muskelkraaft gebaut gouf, innerhalb vun engem Jorzéngt zu enger baufälleger Bruchbud verkomme gelooss ginn ass.

Et gëtt héich Zäit, dass en Emdenke souwuel bei der Politik wéi och bei de Proprietären vun esou schützenswäerte Raritéiten stattfënnt fir dass eist kulturellt Bauierwen endlech dee Stellewäert kritt, deen et verdéngt. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0