· 

Etappenerfolleg zu Enscherange

Kommissioun fir Kulturierwen eestëmmeg fir Klasséierung vu Bauerenhaff

Eng wichteg Etapp gouf viru kuerzem an der Affär ëm een 250 Joer ale Bauerenhaff am Éisleker Duerf Äischer geholl. D’Kommissioun fir Kulturierwen huet sech eestëmmeg dofir ausgesprach, de verwahrlosten Haff op Nummer 10, Ënnescht Duerf ënner Denkmalschutz ze stellen. 

Mat zwielef Jo-Stëmmen an ouni Géigestëmm oder Enthalung, huet d’Commission pour le patrimoine culturel (COPAC) sech de 27. September 2023 fir d’Klasséierung vum Haff ausgesprach. Den Avis vun der COPAC kann elo online opgeruff ginn.

▲ 2014: Den Haff ass nach an der Rei.
▲ 2014: Den Haff ass nach an der Rei.

Dës Experte-Kommissioun, déi ee berodend Gremium vun der Regierung ass a vun engem Vertrieder vum Kulturministère präsidéiert gëtt, kënnt an hirem Avis zu der Schlussfolgerung, datt et sech bei deem betraffene Bauwierk em een typeschen Éisleker Hochscheunenhof handelt, dee folgend gesetzlech Krittären erfëllt, déi säin nationale Schutz berechtegen: 

  • Onverfälschtheet (Authentizitéit), 
  • Genre (Gattung), 
  • charakteristesch fir d’Entsteeungszäit, 
  • Uerts- oder landschaftstypesch, 
  • Bauform (Bautypus)
▲ Abrëll 2021: Den Daach ass nach ok, mee d'hëlze Corniche fänkt u lass ze goen.
▲ Abrëll 2021: Den Daach ass nach ok, mee d'hëlze Corniche fänkt u lass ze goen.

De Bauerenhaff ass schonn op der Ferraris-Kaart vu 1777 agezeechent a gehéiert deemno zu den eelste Bauwierker vun Äischer. Ee Niewegebai, dat um Kadaster vun 1824 agedroen ass, besteet net méi. Den Haff war zu deem Zäitpunkt am Besëtz vum Bauer Guillaume Meres. Op enger Loftopnam vun 1951 ass déi bréckenaarteg Opfaart fir erop bei d’Scheier nach ze erkennen, op enger Opnam vun 1963 feelt se allerdéngs schonn. Zënterhier huet sech de Baubestand net méi verännert.

▲ Juni 2021: Bléck an d'Ställ.
▲ Juni 2021: Bléck an d'Ställ.

De Bau ass an ee Wunntrakt an an ee Wirtschaftstrakt opgedeelt, deen aus de Ställ an der Scheier besteet. D’Fassad ass wäiss gekallekt, wat typesch fir d’Éislek ass. Déi stenge Fënsterrummen an déi stenge Béi em d’Paarte sinn Zeie vun der ländlecher Architektur vum 18. an 19. Joerhonnert. Eng aner landschaftstypesch Eegenaart ass d’Form vum Daach (Krüppelwalmdach) mat senger Schieferdeckung.

Wéi geet et weider?

Zanter iwwer zwanzeg Joer ass den Haff net méi a Betrib. Stuerm, Reen, Schnéi, Hëtzt a Keelt hunn ëm zolidd zougesat. Et ass nëmmen der Interventioun vun enger Privatpersoun aus der Stater Géigend ze verdanken, dass d’Prozedur, dësen eemolegen, typeschen Éisleker Zäizeien, dee och schonn op engem Posttimber ofgebillt war, ënner Denkmalschutz ze stellen, endlech ugelaf ass.

▲ Den Haff zu Äischer (1. vun uewen) war op engem Timber vun der Post ofgebillt. Et huet sech ëm eng Timbersserie mat verschiddenen Häff aus den eenzelne Géigende vum Land gehandelt.
▲ Den Haff zu Äischer (1. vun uewen) war op engem Timber vun der Post ofgebillt. Et huet sech ëm eng Timbersserie mat verschiddenen Häff aus den eenzelne Géigende vum Land gehandelt.

Nom positiven Avis vun der COPAS läit de Ball lo beim Kulturminister Eric Thill (DP). De Kulturminister muss e Règlement grand-ducal opsetzen, deen de Klassement vum Bauerenhaff virgesäit an deen am Ministerrot ugeholl muss ginn. Eréischt dann ass d’Bauwierk definitiv denkmalgeschützt. An der Tëschenzäit däerf d’Gebai awer net ofgerappt oder verännert ginn.

▲ November 2023: Den Daach ass am Gaang anzefalen. Et gëtt héich Zäit, datt eppes ënnerholl gëtt.
▲ November 2023: Den Daach ass am Gaang anzefalen. Et gëtt héich Zäit, datt eppes ënnerholl gëtt.

Sollt den aktuelle Proprietär éiere spekuléiert hunn, op dëser 27 Ar grousser Parzell eventuell eng Residence, Cubenhaiser oder wat och ëmmer ze bauen, sou sinn dës Pläng mol gestoppt.

Et bleift ze hoffen, dass de Proprietär zur Vernonft kënnt an de Bauerenhaff net nach weider verfale léisst. Un allen interesséierte Parteie läit et elo, d’Käpp zesummen ze strecken an eng sënnvoll Bestëmmung fir dëst eenzegaartegt, historesch wäertvollt Gebai ze fannen. hh.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0