· 

Patrimoine: Schützen, wat eis wichteg ass

D'Kulturministesch erkläert den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg

Op enger Pressekonferenz huet d’Kulturministesch Sam Tanson (déi Gréng) de 4. Mee 2023 de Bilan iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz gezunn, dat bis dohinner véierzéng Méint a Kraaft war. Well Villes nach ëmmer onkloer ass, huet Luxembourg Jungle sech mat der Kulturministesch ënnerhalen.

Luxembourg Jungle: Madamm Minister, zanter véierzéng Méint ass dat neit Patrimoinesgesetz a Kraaft. Ass et net e bësse komesch, grad zu dësem Zäitpunkt ee Bilan ze zéien, vue que dass Äre Parteikolleeg François Benoy den 10. Februar 2022 eng Motioun an der Chamber stëmme gelooss huet, dass eréischt no dräi Joer géif eng éischt Bewäertung vum neie Gesetz gemaach ginn?

Sam Tanson: Den Zäitpunkt fir meng Pressekonferenz schéngt op den éischte Bléck vläicht e bëssen ongewéinlech ze sinn, mee an dräi Joer, wéi an der Motioun gefuerdert, si keng Wahlen, dofir hunn ech de Bilan iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz virgezunn. De François Benoy huet deemols net nogeduecht wéi hie seng Motioun an der Chamber presentéiert huet, well et ass net kloer, ob déi Gréng iwwerhaapt nach eng Kéier Regierungsverantwortung kréien. En anere Punkt ass deen, dass d’Petitionnären vun der Initiative "Luxembourg under Destruction" den Dag drop hiren Hearing an der Chamber haten, an ech hinnen onbedéngt virdrun de Wand wollt aus de Seegelen huelen a weise, wat ech alles scho geschafft hunn. Wéinst der Initiativ "Luxembourg under Destruction" kréien ech nach gro Hoer, well et ass lo scho fir d’zweet, dass si mat Erfolleg eng Petitioun fir e besseren Denkmalschutz lancéiert hunn.

Luxembourg Jungle: Genau dorop wollt ech ze schwätze kommen, nämlech iwwert dat, wat Dir bis elo am Kontext vum Denkmalschutz geschafft hutt. 2019 gëtt behaapt, et wären zu deem Zäitpunkt 1.524 Gebaier national geschützt. An der Chamberssëtzung vum 10. Februar 2022 gëtt vun 1.877 geschwat, obwuel äre Parteikolleeg François Benoy an engem Tageblattartikel vum 9. Februar - also een Dag virdrun - behaapt, et wären der schonn zwee Dausend. An Ärer Pressekonferenz vum 3. Februar 2023 sot Dir, et wären 2.197 Gebaier national geschützt, obwuel aus den Zuelen, déi Dir selwer projezéiert hutt, ervirgeet, dass et der just 1.991 sinn, wat also eng Differenz vun ëmmerhin 206 ausmécht. Op Facebook schreift déi gréng Partei virun e puer Deeg, et wären zanter dem neie Gesetz 355 Gebaier méi geschützt ginn. Wëllt Dir de Bierger bewosst duercherneen maachen?

Sam Tanson: Ah zut alors! Dir sidd deen éischten, deem dat opgefall ass an deen déi ganz Zuelen iwwerpréift huet. Also, dat, wat ech viru gutt engem Joer an der Chamber gesot hunn, doru kann ech mech net méi erënneren a wat den honorablen Deputéierten François Benoy seet a schreift, dofir sinn ech net verantwortlech. Ech kann Iech awer soen, dass hien d’Tendenz huet, ëmmer ze iwwerdreiwen. Hie mengt et net schlecht, mee hien ass ëmmer nach dovunner iwwerzeegt, mir an der Regierung géifen den Denkmalschutz eescht huelen. Wësst Der, ech kann Iech wierklech net soen, wi vill Gebaier zu Lëtzebuerg klasséiert sinn. 

Luxembourg Jungle: Jo, mee wéi kënnt Dir dann de 6. Mee op der Antenne vun RTL behaapten, et wären iwwer 700 Gebaier denkmalgeschützt ginn zanter Dir am Amt sidd? Dir sidd am Dezember 2018 Kulturministesch ginn an zwee Méint drop gëtt behaapt, et wären 1.524 Gebaier klasséiert. Hëlt een Är 700, vun deenen Dir bei RTL geschwat hutt an et rechent een déi bei déi 1.524 dobei, da kënnt een op 2.224 klasséiert Haiser. Dës Zuel ass ee gutt Stéck méi héich wéi déi, déi der virun e puer Deeg op Ärer eegener Pressekonferenz deklaréiert hutt.

Sam Tanson: Dir maacht mech dronken! Ech kann Iech wierklech net soen, wi vill Bauwierker hei zu Lëtzebuerg ënner Denkmalschutz stinn. Dir sidd grad esou penetrant wéi déi vu "Luxembourg under Destruction", déi mech drun hënnere, meng Aarbecht als Kulturministerin seriö auszeüben. Mäin Job besteet jo net nëmmen aus dem Denkmalschutz, mee haaptsächlech doran, Ausstellungen anzeweihen, mam Filmfong op d’Rees ze goen, mech mat Moler fotograféieren ze loossen, an d’Muséeën ze goen an un internationale Konferenzen deelzehuelen. An elo muss ech och nach den Eurovision Song Contest organiséieren. Da sinn ech och nach Justizministesch a Spëtzekandidatin a muss fir all Optrëtt dee richtegen Outfit choiséieren. 

Luxembourg Jungle: Ginn et déi Zuelen dann iwwerhaapt?

Sam Tanson: Jo, kloer mir hunn déi Zuelen. Mir hunn natiirlech net ëmmer déi Zuelen – ech hat d’Echoen an der Press gelies – déi d’Deputéiert sech erwaarden, mee et gëtt natiirlech Zuelen, dat ass eng Analyse, déi ech deelen. Do hu mer nach Sputt no uewen fir d’Verschaffen vun den Zuelen ze verbesseren. Wat ech mer ganz gutt ka virstellen, dat wier eng Zort vun Observatoire, wéi mer dat och an anere Länner hunn, fir kënnen vill méi eng cibléiert Analayse vun den Zuelen kënnen ze maachen an dat och kënnen méi gesamtheetlech unzegoen. D’Zuelen existéieren natiirlech, well se agedroe ginn. Zuele ginn jo och an de Rapporten püblizéiert, wou der all méiglech Zorte vun Zuelen natiirlech fannt. Mee nach eng Kéier: ech sinn wierklech der Meenung, dass mer do en terme vu Communicatioun a vu Visibilitéit nach kéinten eng Schëpp bäileeën. Insgesamt hunn ech d’Impressioun, dass eng Communicatioun stattfënnt an dass net probéiert gëtt, d’Zuelen schéinzerieden.

Luxembourg Jungle: Wat fir ee Stellewäert huet den Denkmalschutz da fir Iech ?

Sam Tanson: Et ass ee ganz villschichtege Sujet. Also fir d’éischt emol, d’Chifferen sinn eendeiteg, si sinn an d’Luucht gaangen. Dat ass eng Tendenz, déi, wann ech mat mengen europäeschen Homologen schwätzen, déi si och observéieren, zum Deel op vill méi eng dramatesch Art a Weis, verschiddener stinn ënner Schutz, well einfach extrem gewalttäteg Akten geschéien. Dat ass eppes, wat mir an Europa, a besonnesch hei zu Lëtzebuerg, ganz sérieux huelen. Wann een awer lo déi reell Situatioun zu Lëtzebuerg kuckt, mengen ech kënnen ze soen, dass mer alles musse maachen, dass mer deenen déi néideg Sécherheet ginn. Well ech fanne schonn, dass et extrem wichteg ass. Et gëtt e puer Niveauxen, op deene ka geschafft ginn, mee hei ass wierklech een Dossier, wou een extrem muss oppassen, dass een net mat ganz einfache Léisunge probéiert komplex Sujeten unzegoen. Dat stellt sech am Laf vun der Prozedur eraus.

Luxembourg Jungle: D’Eesebuerer Schlass steet ënner Denkmalschutz a gëtt awer ofgerappt. Bei der Ettelbrécker Gare hunn sech Är Spezialiste eestëmmeg fir de Classement ausgesprach, an Dir hutt trotzdeem gréng Luucht gin fir se ofzerappen. Zu Woltz gouf eng Demande gestallt, déi 150 Joer al Quincaillerie Schäfer ënner Denkmalschutz ze stellen, Dir hutt decidéiertet, just de Keller ze schützen. An der Stad gëtt eng weider schützenswäert Villa ofgerappt, iwwer Land ginn e sëlleche Bauerenhaiser ofgerappt an duerch wäiss-gro Schongkëschten aus Beton a Glas ersat. Fannt Dir dat beonrouegend?

Sam Tanson: Also, déi leschte Kéier, wéi mer eng Diskussioun doriwwer haten, war de Constat deen, dass een elo net kann vun enger Augmentatioun vun den Demolitiounen en tant que tel schwätzen, dass déi Zuelen éischter stabel sinn. Wat mer wichteg ass, dass mer d’Mëttelen zur Verfügung stellen, dass et net esouwäit kënnt. Et ass eng ganz Chaîne. Et fänkt un mat der Edukatioun an et geet herno weider. Dat empêchéiert net, dass mir dat sérieux huelen.

Mir kommen aus enger komplizéierter Zäit, mir haten eng Pandemie, mir hunn eng Tensioun an der Gesellschaft, déi sech no der Pandemie bemierkbar gemaach huet. Dofir gëtt ëmmer weider dru geschafft fir nei Outilën ze ginn.

Et ass net eng Fro vun iergendengem noginn, et ass eng Fro vun Dialog, et ass esou wéi ech normalerweis fonktionnéieren, dass ech deenen eenzelnen Acteuren nolauschteren an dass ech dann eng Decisioun huelen iwwert d’Marche à suivre. Den Avis verschafft… dass mer verschidde Risike géife gesinn, wa mer … A verschidden Argumenter, déi ervirbruecht goufen, hunn ech och pertinent fonnt, notamment déi vum Klimaschutz. Ech verstinn allerdéngs ganz gutt d’Reserven vun den Denkmalschützer, mee et ass eben u mir fir Decisiounen ze huelen. Mir sinn am Gaang ee Plan pluriannuel auszeschaffen.

Luxembourg Jungle: Pardon, Madamm Minister, mee déi selwecht Äntwerten hutt Dir dach wuertwiertlech am RTL-Interview iwwert Är Aarbecht als Justizministesch am Kader vun der Kriminalitéit ginn.

Sam Tanson: Jo, dat ka sinn. Wësst Der, ech benotzen eng Art Textbausteng, déi ech aus dem Online-Programm "Schöner reden" erausknäipen. Dës Textbausteng passen op all Thema an op all Froen.

Luxembourg Jungle: Dir gitt Iech 10 Joer Zäit fir en Inventaire vun de schützenswäerte Bauwierker ze maachen. Dauert dat net ze laang? Lafe mer net d’Gefor, dass bis dohinner alles ofgerappt ass, wat et nach ze schütze gëtt?

Sam Tanson: Mir hu jo awer schéi Plazen zu Lëtzebuerg, wou een déi al Architektur nach ka bewonneren. Mir hunn d’Festung, Klierf, Iechternach a Veianen. Dat misst eigentlech duer goen. D’Frënn vun den ale Steng brauchen nëmmen iwwert d’Grenz ze fueren, do fannen si genuch, wéi zum Beispill Arel, Marche-en-Famenne, Tréier, Metz oder Nanzeg. Eise Wuestumsmodell erlaabt eis net, alles ze schützen. Den Denkmalschutz däerf net eng Bedrohung fir d'Promoteuren oder fir d'Baubranche ginn. De Slogan vun eis Gréngen heescht net fir näischt : Schützen, wat eis wichteg ass.

Luxembourg Jungle: Madamm Minister, mir soen Iech Merci fir d’Gespréich a freeën eis schon op d’nächst Woch, wa mer d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring vun de Gréngen am Interview hunn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0