· 

Denkmalschutz als Programm fir d'Gemengewahlen

Denkmalschutz als Programmpunkt

Insgesamt 11 Kandidaten hunn sech am Kiischpelt fir d'Gemengewalen opgesat, 9 sinn der den 11. Juni ze wielen. Ee vun hinnen ass de Philippe Hulsbosch vun Äischer.

▲ Op Initiativ vum Philippe Hulsbosch, ass d'Freresmillen zu Äischer ënner nationalen Denkmalschutz gesat ginn. Hien ass am Moment amgaang, se ze renovéieren.
▲ Op Initiativ vum Philippe Hulsbosch, ass d'Freresmillen zu Äischer ënner nationalen Denkmalschutz gesat ginn. Hien ass am Moment amgaang, se ze renovéieren.

Net schlecht gestaunt hunn d‘Awunner aus der Gemeng Kiischpelt am Éislek, wéi se ee Faltblat mat de Kandidate fir d’Gemengewale vum Bréifdréier ausgehännegt kritt hunn. „Är Kandidate fir d’Wale vum 11. Juni“ steet a grousse Buschtawen um faarwegen Héichglanzpabeier. Mat enger Rei zesummegemëschten, ausgeleierte Wahlsloganen a längst beschlossen oder ëmgesaten Tatsaachen, déi de Wieler als „Engagementer fir déi nächst 6 Joer“ verkaaft kritt, gëtt dem Bierger eng Prise vun engem Programm an e puer iwwerflächlech Informatiounen iwwert déi zéng Kandidaten vermëttelt.

Zéng Kandidaten? Am Kiischpelt hunn sech dach eelef Kandidaten opgesat, konnt ech mech erënneren an hat eng Publikatioun vun der Gemeng am Gediechtnes, op där all Kandidaten dropstinn. Et huet mer keng Rou gelooss an op der Homepage vun der Gemeng Kiischpelt hunn ech schlussendlech Gewëssheet kritt: et hunn sech tatsächlech 11 Kandidaten opgesat. Am Schreiwes vum President vum Walbüro vum 12. Abrëll 2023 kann een et noliesen. Um Depliant vum Nach-Buergermeeschter feelt also ee Kandidat. Well ech dat komesch fonnt hunn, hunn ech beschloss, deen eelefte Kandidat, de Philippe Hulsbosch, ze kontaktéieren.

Mir hunn ee Rendezvous op der Fréiresmillen zu Äischer ofgemaach, déi dem Philippe sengem Monni gehéiert. De Wee bei d’Millen, déi ofgeleeën an engem wonnerschéinen, idylleschen Areal tëscht Äischer an Draufelt läit, féiert iwwer eng kleng Bréck iwwert d’Klierf an uschléissend iwwert ee Knubbelwee, deen een am beschten zu Fouss geet. Als éischt sinn ech vun engem frëndleche Juegdhond begréisst ginn, dee sech grad an de Floss zappe gaange war, ier hannendru säi Meeschter, de Philippe Hulsbosch, koum.

▲ Déi hënnscht Façade vun der Freresmillen zu Äischer.
▲ Déi hënnscht Façade vun der Freresmillen zu Äischer.

Spontan an ouni vill Ëmgeréits, huet de Philippe mer eng Féierung vun der Millen ugebueden, déi hien zanter dem Doud vu sengem Monni amgaang ass ze renovéieren. D’Millen, déi aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert staamt – si ass warscheinlech em 1850 gebaut ginn – war bis 1920 am Besëtz vun der Famill Freres-Dondelinger vun Äischer a gëtt dofir nach haut „Freresmillen“ oder „Fréiresmillen“ genannt. Bis 1960 war se a Betrib ier se 1963 an de Besëtz vun der Famill Hulsbosch iwwergaangen ass. „D’Millen huet am Ufank ausschliisslech aus Wirtschaftsgebaier bestanen, eréischt nom 1. Weltkrich, ëm 1920, gouf se an ee Wunnhaus ëmgebaut“, huet de Philippe erkläert. D'Bauwierk besteet aus engem Haaptgebai an engem méi klengen Ubau. Eng grouss Paart féiert eran, wou een nach eng ganz Rëtsch gutterhalen Elementer vu fréier virfënnt. „Kuck déi Maueren an déi Eechendunnen“, huet de Philippe voller Stolz gesot an erkläert, dass hien alles souwäit wéi méiglech wéilt erhalen a restauréieren.

▲ D'Maschinerie vun der Millen ass an engem gudden Zoustand.
▲ D'Maschinerie vun der Millen ass an engem gudden Zoustand.

Fréiresmillen ass denkmalgeschützt

Mam Beschloss vum Regierungsrot vum 11. Mee 2020 gouf d'Fréiresmillen, d'Bréck an de Wee vun de Bréck bis bei d'Millen ënner nationalen Denkmalschutz gestallt, dat nodeem déi National Denkmalschutzkommissioun den 3. Juli 2019 eestëmmeg en deementspriechende positiven Avis ginn huet. Den nationale Schutz vun der Millen huet de Philippe Hulsbosch selwer ugefrot. Well d'Bauwierk klasséiert ass, sinn d’Oplage fir d'Renovéierungsaarbechte ganz streng.

▲ Extrait aus der Lëscht vun de klasséierte Gebaier zu Lëtzebuerg vum INPA. Just 4 Bauwierker stinn zu Äischer ënner Denkmalschutz, dorënner d'Fréiresmillen, déi op Beméiungen vum Philippe Hulsbosch geschützt gouf.
▲ Extrait aus der Lëscht vun de klasséierte Gebaier zu Lëtzebuerg vum INPA. Just 4 Bauwierker stinn zu Äischer ënner Denkmalschutz, dorënner d'Fréiresmillen, déi op Beméiungen vum Philippe Hulsbosch geschützt gouf.

Och dat androcksvollt Millerad ass nach an engem eenegermoosse gudden Zoustand, grad wéi d’Ariichtungen um éischte Stack, mat den historeschen Elementer wéi zum Beispill déi schéin hëlzen Trap, d’Haascht, d’Millesteng, den hëlzene Buedem, d’Dieren an d’Gespär. Wéi laang d’Renovéierungsaarbechten nach wäerten daueren, wär schwéier ze soen. „Wa bis déi nei Fënsteren dra sinn an den Daach neigemaach ass, geet et zimmlech séier.“, sou de Philippe Hulsbosch, deen sech duerchaus bewosst ass, dass en op de Luxus, deen et a modernen Haiser gëtt, verzichte wäert. „Ech kéint net an engem neien, modernen Haus wunnen. A wann et mol e bësse méi kal heibanne gëtt, ma dann deet een ee Pullover un!

De Kiischpelt soll eng ländlech Gemeng bleiwen

Awer zréck bei d’Politik. No der Besichtegung vun der Millen, hu mer iwwert dem Philippe Hulsbosch seng politesch Prioritéite geschwat, wann hien da sollt gewielt ginn.

De Philippe huet an England Geschicht a Russesch studéiert, berufflech ass hien als Chargé de cours fir Geschicht am Clierfer Lycée täteg. Nieft der Geschicht, gëllt säin Interesse och dem Sport, der Natur an der Landwirtschaft. Firwat hien net um Flyer vum Buergermeeschter als Kandidat ernimmt gëtt, kann de Philippe sech net erklären, huet awer beschloss, d’Foto fir säin eegene Flyer op därselwechter Plaz ze knipse wéi déi aner zéng Kandidaten. De Kiischpelt soll virun allem eng ländlech Gemeng bleiwen, sou de Philippe Hulsbosch. Dat kann ee ganz gutt verstoen, well ëmmerhin ass d’Populatioun an de leschten zwou Mandatsperiode vum Gemengerot ëm net manner wéi 30 Prozent an d’Luucht geschoss, op haut 1.201 Awunner. Am Verglach: landeswäit bedréit de Bevëlkerungswuestum an därselwechter Zäitspann just 21 Prozent. D’Gemeng Kiischpelt wiisst deemno iwwerduerchschnëttlech staark, wat natierlech op d’Käschte vun der Natur, dem Patrimoine a villem anere geet.

Dem Philippe Hulsbosch säi Programm, deen hien iwwregens selwer an all Stot droe wëll, gesäit folgend Schwéierpunkte vir:

Download
Flyer Philippe Hulsbosch Wahlen 2023
Dem Philippe Hulsbosch seng Prioritéiten fir de Kiischpelt bei de Gemengewalen 2023.
Flyer-Walen-PhilippeHulsbusch2023.pdf
Adobe Acrobat Dokument 1.6 MB

Et war op jidder Fall derwäert, sech mam Philippe, dem eelefte Kandidat, deen um Prospekt vum Buergermeeschter feelt, getraff ze hunn. Wärend dräi Stonnen hunn ech den Erklärungen iwwert seng privat Pläng a seng politesch Ziler nogelauschtert a war begeeschtert, dass et nach Leit wéi hie ginn, deenen d’Natur, dat kulturellt Ierwen awer och méi Demokratie a méi Matsproocherechter fir d’Bierger eppes bedeiten. hh.

Bléck aus der Fënster vun der Fréiresmillen vum éischte Stack. An der Mëtt, virun der Heck, steet den Éric, en Highlännerochs.
Bléck aus der Fënster vun der Fréiresmillen vum éischte Stack. An der Mëtt, virun der Heck, steet den Éric, en Highlännerochs.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0