Artikel mit dem Tag "Wahlen2023"



Ee schwarzen Dag
Wahlen 2023 · 09. Oktober 2023
Lëtzebuerg huet gewielt, "Luxembourg Jungle" huet sech bei de Walgewënner a -verléierer emgelauschtert. Fazit: et war ee schwaarzen Dag!

Ofgehuewen
Wahlen 2023 · 08. Oktober 2023
Sinn et net eis Regierungsvertrieder, déi eis gebetsmühlenarteg antriichteren, mir missten de Rimm méi enk zéien, mir missten Energie a Knaschtemissionen aspueren?

Privatsoirée vu Spëtzepolitiker a Promoteuren
Wahlen 2023 · 27. September 2023
Ween hätt dat geduecht ! De #Luc huet scho säin éischt Wahlverspriechen agehalen ier en iwwerhaapt gewielt ass: säi ronnen Dësch iwwert de Logement.

De falsche Prophet...
Wahlen 2023 · 23. September 2023
Kaum ee Politiker polemiséiert am Moment méi wéi de #Luc. Ma fir de #Luc ze verstoen, muss een och seng Vergaangenheet kennen. E jonke Mënsch huet sech d'Méi gemaach, dem #Luc seng politesch Carrière opzeschaffen. De #Luc ass doriwwer guer net frou a jéimert. Liest, wat hien sengem Frënd Jean-Claude schreift.

"Mir hun näischt mat esou Leit ze dinn"
Wahlen 2023 · 22. September 2023
Beim ADR schéngen se ënner kollektiver Amnesie ze leiden. Kee vun de Spëtzeleit kann sech un déi dubios, rietsextrem Gäscht erënneren, déi den ADR op seng Aktivitéiten invitéiert huet.

Furri bei der Intecourse
Wahlen 2023 · 07. September 2023
Wat hat de gréngen Ernergieminister Claude Turmes ee Furri bei der Intecourse zu Ettelbréck. Masseweis Plastiksinten goufen an d’Uelzecht geheit a si geschwommen wat hues de, wat gëss de. An obwuel de Claude Turmes wochelaang doheem an der Bidden trainéiert hat, huet awer en anere gewonnen.

Videostar
Wahlen 2023 · 06. August 2023
De #Luc huet ee Video iwwert sech dréine gelooss. Hien ass frou, well net emol Statisten sinn drop ze gesinn. An engem weidere Bréif un de Jean-Claude, deen der Redaktioun vu Luxembourg Jungle virläit, geet de #Luc an d'Detailer.

Vum Lämmes gebass?
Wahlen 2023 · 30. Juli 2023
Eigentlech hat ech mer virgeholl, méi op eis Regierungsparteien ze klappen, schliesslech mussen d'Kamelle gerecht verdeelt ginn, soss gëtt et Rapp a Klapp. Ma iergendwéi klappt dat net, well schonn nees eng Oppositiounspartei un d'Dier geklappt huet fir hiert neit Meeschterwierk ze weisen. Natiirlech hunn ech vu Freed an d'Hänn geklappt.

Büffelsmann geet mat an d'Chamberswahlen
Wahlen 2023 · 29. Juli 2023
De Roy Reding, ADR-Dissident a Spëtzekandidat vu senger eegener Politbeweegung „Liberté Chérie“ jubiléiert: hien huet et fäerdegbruecht, de Büffelsmann Jacob Anthony ze iwwerrieden, op der Lëscht vu "Liberté Chérie" ze kandidéieren.

Kazemusek
Wahlen 2023 · 12. Juli 2023
Nodeems an der ADR-Nordsektioun eng Rëtsch Memberen aus der Partei ausgetruede sinn, hate mer op "Luxembourg Jungle" doriwwer bericht. Als Reaktioun op eisen Artikel huet de gescheiterte Leadsänger an aktuelle President vun der ADR-Jugendtrupp Testosteron säin eenzege Song vun 2021 misste vum Netz huelen.

Mehr anzeigen