· 

Lëtzebuerg: No Country For Old Buildings

facebook-grupp appelléiert u politik

Gëtt eng Gemeng an dësem rezente Bericht ernimmt, huet se ee Probleem, an zwar mam Denkmalschutz. Rieds geet vum Joresbericht 2020 vum Facebook-Grupp "Luxembourg under destruction – Mir wëllen hale, wat mer hunn". Am Summer huet dësen 2000 Membere staarke Facebook-Grupp et gepackt, 5.280 Leit ze mobiliséieren, hir Petitioun, mat där ee bessere Schutz vun eisem bebaute Patrimoine gefuerdert gouf, ze ënnerschreiwen. Ee grandiose Succès, matzen a Pandemiezäiten! Den 22. Oktober 2020 huet en Hearing an der Chamber zum Thema stattfond.

Just 666 bauwierker ënner denkmalschutz

Extrait aus dem Joresbericht vu Luxembourg under destruction
Extrait aus dem Joresbericht vu Luxembourg under destruction

Wärend an de Prospekter vu Visit Luxemburg iwwert déi "charmant Stied an Dierfer", dat "kulturellt Ierwen" an déi "architektonesch Schéinheet" fantaséiert gëtt, werft dëse Bericht unhand vu ville Fotoen de Bléck op d'Realitéit an dokumentéiert, wéi rücksiichtslos mat eisem Patrimoine an de Stied an Dierfer emgaange gëtt.

 

Grad emol 666 Bauwierker stinn ënner nationalem Denkmalschutz, 33 weider Gebaier si proposéiert fir klasséiert ze ginn. Honnerten erhalenswäert Bauwierker goufen an de leschte Joren op barbaresch Manéier fir ëmmer zerstéiert.

 

Déi massiv Demolitioun vun alen Haiser bewierkt ënner anerem, dass d’Bauschuttdeponien aus alle Néit platzen.

  • 1992 gouf 1 Millioun Tonnen Bauschutt produzéiert
  • 2007 waren et 4 Milliounen Tonnen
  • 2019/2020 waren et schätzungsweis 7,5 bis 8 Milliounen Tonnen

fassadismus: denkmalschutz just fir d'fassad

Verschampeléierung vum Heeschdrëffer Schlass. Foto: Quotidien
Verschampeléierung vum Heeschdrëffer Schlass. Foto: Quotidien

D’Vernichtung vun eisem bebaute Patrimoine ass ee Phänomen, dee sech landeswäit duerchsetzt. Oft mussen Honnerte Joren al Haiser dem Bau vu Residencen oder Cubenhaiser wäichen.

Well al Haiser oft méi energiefrëndlech sinn wéi déi nei, modern Bauten, fuerdert de Grupp, d’Renovéierung vun alen Haiser besser ze ënnerstëtzen.

D’Zerstéierungswut mécht esouguer net Halt viru remarkabele Gebaier, wéi um Beispill vum Heeschdrëffer Schlass op erschreckend Art a Weis bewise gouf.

Am Bericht gëtt och de Fassadismus, also d’Demolitioun vun engem Gebai mat Ausnam vun der Fassad, kritiséiert. Och wann d’Fassad erhale bleift, gëtt awer hannendrun alles ewechgerappt. Wierklechen Denkmalschutz limitéiert sech net op d’Fassad. Ee Beispill dofir ass dat 300 Joer aalt Paschtoueschhaus zu Wäiswampech, dat am Hierscht eng hefteg Polemik ausgeléist huet.

rücksichtslosegkeet

Millebaach/Stad: Verzierungen un der Fassad gi bis zur Onkenntlechkeet an der Wertlosegkeet zerstéiert
Millebaach/Stad: Verzierungen un der Fassad gi bis zur Onkenntlechkeet an der Wertlosegkeet zerstéiert

Besonnesch rücksiichtslos gi verschidde Promoteuren a Bauentreprise andeem se entweder Reklamm maachen, al Haiser opzekafe fir se duerno ofzerappen, oder si zerstéieren d’Ornamenter an aner dekorativ Elementer un de Fassaden fir ze verhënneren, dass ee Gebai a leschter Minutt ënner Denkmalschutz gesat gëtt an d'Demolitioun problemlos stattfanne kann.

 

De Facebook-Grupp huet sech am vergaangene Joer un enger Rei Manifestatiounen fir d’Erhalen vun eisem Patrimoine bedeelegt, huet eng Postkaartenaktioun gestart, huet eng Petitioun organiséiert an huet domat schlussendlech en Debat an der Chamber zum Thema Denkmalschutz provozéiert. Zum Schluss vum Bericht ergeet den Opruff un déi politesch Verantwortlech, der Zerstéierungswut vun eisem architektoneschen Ierwen endlech en Enn ze setzen, ier et ze spéit ass. hh.


de bericht downloaden

Download
Joresbericht 2020 "Luxembourg under Destruction - Mir wëllen hale, wat mer hunn"
Annual Review by Lux under Destruction_C
Adobe Acrobat Dokument 7.7 MB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0