Ukrainkrich

Ukrain: Rebellioun géint Zwangsrekrutéierung
Ukrainkrich · 08. Januar 2024
Wéinst den enorm héije Verloschter, huet déi ukrainesch Arméi Problemer, jonk Männer ze rekrutéieren. Mat allméigleche Methoden probéieren déi, dem sécheren Doud un der Front ze entkommen. De grousse Renner am Moment: sech mat enger professionneller Mask als ale Mann tarnen.

CNN-Ëmfro
Ukrainkrich · 07. August 2023
An den USA schéngen d'Leit es dem Ukrainkrich iwwerdrësseg ze sinn. Dat geet aus enger Ëmfro vun CNN ervir, déi de 4. August verëffentlecht awer an eise Medien gréisstendeels net berücksichtegt gouf.

Lëtzebuerg liwwert gepanzert Gefierer un d'Ukrain
Ukrainkrich · 18. Juli 2023
Iwwert den Twitter-Account vun der hollännescher Arméiministerin gi mer gewuer, datt Lëtzebuerg gepanzert Gefierer un d'Ukrain liwwert. Firwat informéiert de Lëtzebuerger Krichsminister net selwer doriwwer?

UK liwwert uranhalteg Munitioun un d'Ukrain
Ukrainkrich · 21. März 2023
Groussbritannien liwwert uranhalteg Munitioun un d’Ukrain. Dat geet aus der Äntwert vun der stellvertiedender Verdeedegungsministerin vu UK, der konservativer der Baroness Annabel Goldie, op eng Question parlementaire vum Raymond Hervey Jolliffe, Baron Hylton, Member vum House of Lords, ervir.

D'Perversitéit vum Krich
Ukrainkrich · 11. März 2023
Fir d'éischt Waffen, duerno Ambulanzen. Lëtzebuerg "hëlleft".

Sanktiounen: De Russe geet et gutt
Ukrainkrich · 10. März 2023
De Russen geet et besser wéi de Briten. Zu där Conclusioun kënnt déi britesch Boulevardzeitung "Daily Mail" haut an engem interessanten Artikel, an deem d’Offer u Liewensmëttel a Russland mat där a Groussbritannien verglach gëtt.

"Wat ass mat Europa passéiert, nondidjö?"
Ukrainkrich · 04. März 2023
Wéi wäit wëllt d'EU sech den USA nach ënnerwerfen, dass se net emol nofreet, ob si et waren, déi d'Norstream-Pipelines sabottéiert hunn? Den Europadeputéierten Mick Wallace freet no.

De Wollef am Schofspelz?
Ukrainkrich · 26. Februar 2023
Wann de Waffeliwwerant un enger Friddensdemonstratioun deelhëlt, obwuel e virun zwou Wochen an der Press deklaréiert huet, hie wär ni Pazifist gewiescht, dann huet dat ee battere Bäigeschmaach. De Wollef am Schofspelz?

Arméiminister stécht weider 200 Milliounen an d'Rüstung
Ukrainkrich · 22. Februar 2023
De gréngen net-pazifisteschen Arméiminister Bausch (déi Gréng), dee viru kuerzem an engem Wort-Interview zouginn huet, ni ee Pazifist gewiescht ze sinn, geet an d’Geschicht an als dee Politiker, deen am meeschte Steiergelder an d’Oprëschtung gestach huet.

New York Times iwwer Lëtzebuerger Militärhëllef fir d'Ukrain
Ukrainkrich · 19. Februar 2023
Et ass schonn erstaunlech, dass een d’New York Times liese muss fir gewuer ze ginn, wéi de Krichsminister François Bausch (déi Gréng) mat eise Steiergelder Waffe fir d’Ukrain keeft an se direkt dohinner liwwert. De 17. Februar 2023 huet d’NYT en Artikel mam Titel "𝙃𝙤𝙬 𝙖 𝙏𝙞𝙣𝙮 𝙉𝘼𝙏𝙊 𝙉𝙖𝙩𝙞𝙤𝙣 𝙏𝙖𝙘𝙠𝙡𝙚𝙙 𝙖 𝘽𝙞𝙜 𝙋𝙧𝙤𝙗𝙡𝙚𝙢: 𝘼𝙧𝙢𝙞𝙣𝙜 𝙐𝙠𝙧𝙖𝙞𝙣𝙚" op senger Websäit püblizéiert.

Mehr anzeigen