· 

Ukrain: Rebellioun géint Zwangsrekrutéierung

Jonk Leit tarnen sech als ale mann

Wéinst den enorm héije Verloschter, huet déi ukrainesch Arméi Problemer, jonk Männer ze rekrutéieren. Mat allméigleche Methoden probéieren déi, dem sécheren Doud un der Front ze entkommen. De grousse Renner am Moment: sech mat enger professionneller Mask als ale Mann tarnen.

Extrem héich Verloschter un der Front zwéngen déi ukrainesch Arméi, hir Reien nees opzefëllen. Objektiv Informatiounen iwwert d'Krichslag an zouverlässeg Zuelen iwwer blesséiert a gefalen Zaldoten ze kréien, ass net evident. Aus deem Grond liesen ech regelméisseg d'Noochrichten vun der ukrainescher a vun der russescher Press a probéiere bei där ganzer Krichspropaganda iergendwéi den Duerchbléck ze kréien.

De 19. Dezember huet den ukrainesche President Selensky matgedeelt, bis zu 500.000 jonk Männer am Arméialter ze mobiliséieren fir d'Verloschter un der Front auszegläichen. Och jonk Männer, déi an d'Ausland geflücht sinn, eeler Leit an esouguer Mënschen mat Behënnerung sollen un d'Front geschéckt ginn. 

De fréieren ukraineschen Innenminister a Procureur général vun der Ukrain, Yuri Lutsenko, huet déi ukrainesch Verloschter kierzlech op eng hallef Millioun Zaldoten beziffert. Et ass normal, dass dem ukrainesche President seng Ukënnegung vun der massiver Mobiliséierung allgemeng fir Panik suergt. 

Et bekannt ass, dass d'Beamten, déi déi jonk Leit rekrutéieren, dës net grad mat sametten Hännschen upaken. Iwwerall gi jonk Männer agefaangen, dann an d'Musterung an duerno un d'Front geschéckt: am ëffentlechen Transport, beim Akafen, beim Spadséieregoen, an de Fitnessstudioen, op der Aarbechtsplaz, doheem an der Wunnéng a sou weider. Ëmmer méi jonk Leit schwätze vun Zwangsrekrutéierung a sinn net bereet, sech fir de korrupte Kiewer Regime ëmbréngen ze loossen.

Mat allméiglechen Methoden an Tricke probéiere si, de Rekrutéierungsbeamten vun der Arméi ze entkommen. Den absolute Renner sinn am Moment professionnell Masken, mat deene jonk Leit sech als ale Mann tarnen. Dëst erméiglecht et hinnen, zumindest zäitweis aus hirer Stopp erauszekommen an sech onerkannt fräi ze beweegen. A mengen Aen eng genial Initiativ am Interessi vun de Krichsdéngschtverweigerer. An dësem Video, dee virun dräi Deeg an der ukrainescher Online-Zeitung "Strana Today" (https://strana.today/news/454503-na-sajtakh-prodajut-masku-starika-chtoby-zamaskirovatsja-ot-voenkomov.html) verëffentlecht gouf, gesäit ee wéi aus engem jonke Mënsch mat e puer Handgrëffer een ale Mann gëtt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0