De Claude Frentz iwwer 1918/1919, seng Archiv-Entdeckungen an d’Fro vun der Monarchie vun haut
Den exkluvisen Interview op Luxembourg Jungle
Am Januar 1919 stoung d’Land kuerz virun enger Republik. Méi wéi honnert Joer méi spéit huet de Claude FRENTZ no de Spuere vun dëser verpasster Republik recherchéiert. Säi Buch "Vive d’Republik!" ass eng Analyse vun der Geschicht vun der republikanescher Beweegung zu Lëtzebuerg, vun der Franséischer Revolutioun bis haut. Den Interview mam Auteur: 16 Froen, opgedeelt a véier Kapitelen.
Lëtzebuerg ass bekannt fir seng Banken a säi Palais. Mee hannert de Glitzerfassaden verstoppt sech eng Geschicht, déi net jidderengem bewosst ass. Am Januar 1919 stoung d’Land kuerz virun enger Republik. Eng Beweegung vu Bierger, Aarbechter an Zaldote wollt den Émile Servais als President hunn. D’franséisch Militär huet dat verhënnert, an d’Monarchie huet iwwerlieft.
Méi wéi honnert Joer méi spéit huet de Claude FRENTZ, Enseignant am Fondamental/Grondschoul, dee vun der Geschicht passionéiert ass, fënnef Joer laang no de Spuere vun dëser verpasster Republik recherchéiert. Säi Buch Vive d’Republik! ass eng Analyse vun der Geschicht vun der republikanescher Beweegung zu Lëtzebuerg, vun der Franséischer Revolutioun bis haut. Et weist, datt d’Fro “Monarchie oder Republik?“ net nëmmen eng al Diskussioun ass, mee nach ëmmer an der Loft läit.
Dobäi ass Lëtzebuerg haut Deel vun enger klenger Minoritéit: Weltwäit ginn et 195 souverän Staaten, dovu sinn 152 Republicken an nëmmen 43 Monarchien. D’Republik ass also déi üblech Staatsform, d’Monarchie éischter eng rar Ausnam. An awer hält Lëtzebuerg nach ëmmer un hir fest.
An engem schrëftlechen Interview stelle mir dem Claude Frentz Froen, déi net nëmmen d’Geschicht betreffen, mee och d’Géigewaart entlarven. Froen, déi d’Monarchie mat engem satiresch-ironesche Bléck betruechten, d’Lëtzebuerger Mentalitéit op d’Schëpp huelen, a gläichzäiteg den eeschte Kär vum Buch respektéieren.
Den Interview mam Auteur Claude Frentz: 16 Froen, opgedeelt a véier Kapitelen.
Kapitel I – Warm-up: D'Monarchie haut
Luxembourg Jungle: Den 3. Oktober 2025 huet den Trounwiessel stattfonnt. Et war déi deierste Party, déi d'Land jee gesinn huet. Gëtt dat dem Haff net en neien Elan? Oder kéint et zu enger Palastrevolutioun kommen?
Claude Frentz: Et ass jo dorëms gaangen, Damp aus dem Kessel ze loossen. Nom Waringo-Rapport an no all deene Skandaler wärend der Amtszäit vum Henri hat d‘Vertrauen an d‘Monarchie gelidden. Et gouf dofir Zäit fir e Wiessel un der Spëtzt, an der Hoffnung, datt d‘Monarchie domadder erëm u Stabilitéit gewënnt. An dofir si jo och keng Käschte gescheit ginn, woubäi et sech wuelgemierkt ëm Steiergelder handelt, déi do fir eng megaloman PR-Show fir dem Guillaume seng Inthroniséierung verpolvert goufen. Wéi wann d‘groussherzoglech Famill net räich genuch wier, dat aus hirer eegener Täsch ze bezuelen. Ech plädéieren dofir, datt de Bierger d‘Recht kritt, op senger Steiererklärung unzekräizen, ob e wëll mat senge Steiersuen den Haff finanzéieren oder eben net.
Luxembourg Jungle: Den 23. Oktober 2025 huet de Groussherzog Guillaume, verkleet als Kach mat Toque a Schiertech, Iessen an der "Vollekskichen" verdeelt. Ass dat net de Beweis dofir, datt mir ee guttmiddege, léiwen an engagéierte Monarch hunn, deen sech och ëm déi aarm Leit këmmert? Ka Symbolpolitik oder eng eemoleg Aktioun d’Leit dauerhaft beaflossen?
Claude Frentz: Ass et een Zoufall, datt den Optrëtt vun der neier groussherzoglecher Koppel grad zu deem Moment war, wou d‘Käschte vum Trounwiessel publik gemaach goufen a fir vill Kritik gesuergt hunn? Et muss een sech bewosst sinn, datt Kommunikatioun a PR um Haff ganz grouss geschriwwe ginn. An Zäiten, an deenen d’Regierung vum Luc Frieden ee Generalugrëff ob eis solidaresch Sécherungssystemer (Pensiounen, Privatiséierung vum ëffentleche Gesondheetssystem) gestart huet, gëtt dat Karitativt groussgeschriwwen. An do spillt d‘kathoulesch Erzéiung vum Guillaume a Stéphanie sécher eng Roll. Iwwregens versiche kathoulesch Fundamentalisten säit längerem, un Afloss op den neien Grand-Duc a seng Fra ze gewannen.
Wa schonn d‘Aarmut net bekämpft gëtt, da sollen déi Aarm ob d'mannst eng waarm Molzecht kréien. Do gesinn ech och eng vun de weesentleche Funktioune vun der Monarchie. Déi an der Verfassung festgeluechte Funktioun vum Groussherzog als Symbol vun der nationaler Eenheet ass, wei de fréiere Philosproff a lénken Deputéierten André Hoffmann gesot huet, "weniger harmlos, als es scheint." Well "diese Beschwörung der Einheit hat immer auch dazu gedient die gesellschaftlichen Gegensätze, die Klassenkonflikte zu verschleiern. Nach dem Motto: alle in einem Boot. Sonnendeck oder Maschinenraum - alles gleich." (Hoffmann, 1.10.2025). D‘Monarchie widdersprécht fundamentalen, demokratesche Prinzippien, well politesch Posten an enger Demokratie duerch Wale legitiméiert musse ginn, sou den Änder Hoffmann.
Luxembourg Jungle: Laut der leschter ILRES-Ëmfro Politmonitor vum Juni 2025, sinn 69% vun de Lëtzebuerger dovun iwwerzeegt, datt d'parlamentaresch Monarchie déi bescht Regierungsform ass. Bass du mat dengem Buch Vive d'Republik! net ee "Rufer in der Wüste"? Oder hoffs Du, datt de Geescht vun 1918/1919 enges Daags nees kéint zum Liewen erwächt ginn? Wat ass d’konkret Zil vun dengem Buch, wat wëlls de bewierken? Ass et ee geschichtlecht Noschlowierk oder en Opruff?
Claude Frentz: Fir hannen unzefänken: D‘Buch ass virun allem eng historesch Analyse vun deene Bewegungen a Leit, déi géint d‘Monarchie waren an Alternative proposéiert hunn. Mee et stellt sech awer och d’Fro, ob eng republikanesch Staatsuerdnung net awer besser fir d‘Zukunft vun eiser Gesellschaft wär. Ech mengen, datt mir ee reellen Demokratiedefizit hunn. Kéint eng Republik, déi wéi an der Schwäiz op direkter Demokratie baséiert, do net een Auswee sinn? An der Schwäiz gouf et säit dem Enn vum 19. Joerhonnert 350 Volleksreferenden. Am Grand-Duché just dräi. 2018 hunn iwwert 18.000 Bierger eng Demande fir ee Referendum iwwert eis nei Constitutioun gefrot, a sinn domadder gescheitert. An der Schwäiz muss d‘Office an engem Referendum iwwert all Verännerung vun der Verfassung ofgestëmmt ginn.
Mäi Buch ass virun allem een Hommage u republikanesch Kämpfer fir méi Demokratie, wéi den Émile Eiffes, Eugene Pesch, Henri Wetz, René Stoll, déi bal ganz aus dem kollektive Gediechtnes verschwonne sinn, obwuel se zu hirer Zäit staarke Réckhalt an der Lëtzebuerger Gesellschaft haten.
Et ass jo bezeechnend, datt et zu Lëtzebuerg keng Strooss oder Platz gëtt, déi nom Émile Servais benannt ass. Den 9. Januar 1919 wär hie warscheinlech Präsident vun der Republik Lëtzebuerg ginn, hätt d‘franseisch Arméi net am Optrag vun der Rietspartei agegraff. Den Émile Servais war als Jong vum Staatsminister Emmanuel Servais Deputéierten a Stater Gemengerot, huet als Industriellen eng Rëtsch Erfindunge patentéiere gelooss, a war als landbekannten Intellektuellen iwwert all Parteigrenze respektéiert.
Ob der anerer Säit ginn et nach ëmmer Stroossen, déi no der Grand-Duchesse Marie Adelheid benannt sinn. Des Monarchin war bereet, d‘Fräiheet an d‘Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Land a Fro ze stellen, wärend Republikaner, déi géint Autokratie a fir d‘Demokratie gekämpft hunn, oft an de Vergiess gerode sinn. Et gëtt Zäit, déi ze éieren, déi et wierklech verdéngt hunn!
Luxembourg Jungle: Déiselwecht Ëmfro weist, datt 60% d'Gewerkschaften ënnerstëtzen. Wéi erkläers Du dir dës opportunistesch "Jo zu allem“-Mentalitéit? Monarchie jo, d'Gewerkschaften och jo. Resüméiert sech domat déi typesch lëtzebuergesch Haltung vun "alles mateneen, wannechgelift"?
Claude Frentz: Ech mengen, un dëser Ausso ass ganz vill drun. De Psychiater Paul Rauchs huet genau dës Mentalitéit vu ville Lëtzebuerger a sengem Buch Luxembourgeois, encore un effort si vous voulez être républicains, beschriwwen. Hee schreift: "Les Luxembourgeois, peuple bi-polaire s’il en est, ont toujours refusé de choisir entre deux pôles: entre le joug imposé par la souveraine et la liberté réclamée par le peuple, entre l’utilité germanique et la futilité latine, entre le cocooning de l’entre-soi et l’ouverture de ses frontières. C’est ainsi qu’ils ont inventé, sans panache, le panachage, et pas seulement en politique. Sans se rendre compte que le 'et-et' n’est qu’un 'ni-ni' déguisé, et qu’à force de vouloir les idées du parti et la bonhomie du candidat, il n’aura ni le beurre, ni son argent. Et il semble tout content de se satisfaire du sourire de sa souveraine. Mais ce refus de choisir, est-il dicté par la lucidité ou la lâcheté, voire même l’appât du gain?" (S.13).
D’Fro ass, ob dat ëmmer esou weidergoe kann oder ob duerch d’Krisen, déi mer hunn an déi nach virun eis leien, et net méi duergeet, sympathesch an d’Fernsehkamera ze laache, mee et wichteg gëtt, Léit a Parlament, Regierung a Staatsspëtzt ze hunn, déi tatsächlech Léisunge fir ëmmer méi grouss gesellschaftlech Problemer ob den Dësch leeë kënnen. Ob de Grand-Duc Guillaume do de richtege Mann ass, woen ech ze bezweifelen. Hien huet jo mol net wärend enger Ried virum Parlament de wierkleche Problem vun de Lëtzebuerger, also d’Wunnengskris, thematiséiert. Am Géigendeel - hien ass och do scho privilegiéiert ginn: Wärend vill Bierger nëmmen nach dovunner dreeme kënne, selwer ze bauen, krut hie vum Staat, fir den symboleschen Euro, zu Colmar-Bierg den Terrain fir seng Villa dorobber ze bauen.
Kapitel II – Historesch Bedeitung
Luxembourg Jungle: An dengem Buch taucht de "Kinneks-Gorilla“ op. War dat en Herrscher oder éischter e Virleefer vum King Kong? Wat seet dat iwwer Lëtzebuerg aus, datt ee Monarch mat engem Déieren-Numm an d’Geschicht agaangen ass? Ass dat net schonn eng Form vu Satir, déi d’Leit deemools ganz natierlech praktizéiert hunn?
Claude Frentz: 1887 ass an Holland e Spottgedicht mam Titel "Koning Gorilla“ erauskomm. D’Haaptfigur ass een onziviliséierten Monarch, dee choleresch, animalesch an Alkoholiker ass.
Domadder war de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. gemengt, deen duerch säin exzessive Liewensstil bekannt war. Hie soll ausserhalb vu sengem Mariage iwwer 100 Kanner gezeugt hunn a gouf 1875 an der Schwäiz wéinst Exhibitionismus zu enger Geldstrof verurteelt. Wéi de Monarch 1890 gestuerwen ass, hunn d’Hollänner dat an de Stroosse gefeiert. "Nie und nimmer haben wir bei früheren Begräbnissen so wenig Gefühl und Schicklichkeit im Publikum erlebt“, huet een Aenzeien de Cortège mam Sarg vum Monarch beschriwwen. Haut géif wahrscheinlich kee méi de Vergläich mat engem Gorilla als Sënnbild vum Wëllen an Onziviliséierten zéien, vu datt mer jo duerch d’Forschung vun de Primaten wësse, wéi intelligent a feinfilleg Gorillae sinn.
Zu Lëtzebuerg huet awer menges Wëssens no kee vum Kinnek Gorilla geschwat. Wéi de Wëllem III. 1890 gestuerwen ass, war d’Press hei am Land voll mat pathetesche Luefrieden op de Monarch. Do gesäit een och wei wéineg d’Lëtzebuerger am Endeffekt iwwert dee woussten, deen se iwwert 40 Joer laang vun Den Haag aus regéiert huet, a wéi staark si vun der dominanter kathoulescher Press desinforméiert goufen.
Luxembourg Jungle: Wéi hues du konkret recherchéiert fir Vive d’Republik! ? Op wat fir eng Archivquellen hues du zréckgegraff?
Claude Frentz: Alles huet domadder ugefaangen, datt de Journalist an Humanist Jean Rhein mir 2017 een USB-Stick mat e puer gescannte Bicher iwwerginn huet, déi sech all mam Thema Republik a Monarchie am allgemengen, a mat der Januarrevolutioun vun 1919 am spezielle beschäftegt hunn. Dorënner zum Beispill dem Feldwebel Émile Eiffes seng Memoirë mam Titel: "Die revolutionäre Bewegung in Luxemburg 1918-1919". Dat huet mech interpelléiert, well ech nach ni eppes iwwert dës aussergewéinlech Period an hir Protagonisten héieren hat. Spéider hat ech d’Méiglechkeet, Affichen aus der Zäit vum lénken Historiker Henri Wehenkel kënnen ze kopéieren. Den Henri huet mech och bei menge weidere Recherchë begleet, d‘selwecht wei d‘Sozialwëssenschaftlerin Renée Wagener.
Ech si mat zwee Kolleegen vun der 1919 asbl an d’Staatsarchiver gaangen an hu virun allem d’Press an online verfügbar Quellen wéi d’Biographie nationale iwwert de Site vun der Nationalbibliothéik eluxemburgensia ausgewäert, an doniewent eng ganz Rëtsch Bicher, Broschüren an Artikelen zur Thematik gelies. Ech hat d’Chance, Zougang zu Dokumenter ze hunn, déi eischter net oder just wéineg bekannt sinn, zum Beispill aus dem Archiv vum Ausseministère.
Luxembourg Jungle: D’Mäerzrevolutioun vun 1848 huet republikanesch Fändelen an d’Land bruecht. Haut gesäit ee Fändele bei Demonstratiounen, Ëmzich oder Feierlechkeeten. Wéi eng Symbolkraaft hat esou e Fändel deemools am Verglach mat haut? A kann ee soen, datt d’Fändele fir vill Leit éischter eng folkloristesch Kuliss gi sinn, amplaz eng politesch Waff?
Claude Frentz: Mat der Opklärung an dem Erstaarke vum Biergertum kommen um Enn vum 18. Joerhonnert Fräiheetsideen op, an et si lues a lues ëmmer méi Nationalstaaten entstanen. Zu där Zäit sinn d’Fändelen och zu Symboler fir d’Volleksmasse ginn, déi hir gemeinsam Idealer an ee faarwegt Duch projezéiere konnten. Doduerch kruten d’Nationalfändelen ee quasi reliéise Status. Dat ass haut net méi esou stark de Fall, besonnesch och well den ëffentleche Raum, am Geigensatz zu fréier, mat ganz villen anere Symboler, Grafiken a Werbemessagen besat ass.
Hei ee konkret Beispill wei Reliéises a Politesches sech am Fändel vereenegt hunn. Tëscht Mäerz a Mee 1848 war Ettelbréck den Zentrum vum Opstand géint d’Regierung an de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. vun Oranien-Nassau. Am Februar 1848 war zu Paräis d’Revolutioun ausgebrach, déi zum Stuerz vum Kinnek Louis-Phillippe an dem Ausruffe vun der 2. franséischer Republik gefouert huet. Dowéinst erstaunt et och net, datt iwwerall zu Lëtzebuerg de franséische Fändel als Symbol fir d’Revolutioun an d’Republik a Kritik un der Monarchie gehisst gouf. Den Abbé Kalbersch, deen d’Por Ierpeldeng un der Sauer geleet huet, huet folgendes a sengem Tagebuch iwwert de 15. Mäerz 1848 zu Ettelbreck festgehalen:
"Die republikanische Fahne [die französische Trikolore, CF] ward auf die Kirche gehangen (…). Als man den Aufrührern die Lanze reichte, woran früher bei Anwesenheit Seiner Majestät die Fahne gehangen hatte, zerbrachen sie diese Lanze, und nahmen eine andere Stange, um ihre Fahne daran zu hangen.“
Dei virun der Kirch versammelt Demonstranten kruten da vum Koschter ee Kruzifix "um der aufzurichtenden Fahne beizugeben. (…) Als die Fahne mit dem Kruzifix aufgesteckt war, zogen alle die Kappen und Hüte ab, beteten eine Weile still, gingen dann dreimal betend rund um die Kirche. (…) Unter dem Geläute der drei schönen Glocken wurden die Böller der Gemeinde abgeschossen, gelärmt, gesungen die Marseillaise, das belgische Lied [La Brabançonne, CF]. Auf das Kruzifix hindeutend, hieß es, das ist unser König, der braucht keine 150.000 Gulden. Die Weihe und Würde des Königtums ist ganz im Volke außer Achtung gestellt. (…) Sie wollen gar nichts hören von einem König und seiner Proklamation. Gott ist ihr König.“
Luxembourg Jungle: Den 9. Januar 1919 stoungen Aarbechter, Bierger an Zaldote bereet, d'Republik auszeruffen an den Émile Servais zum President ze maachen. Haut schéngt d’Bevëlkerung éischter passiv ze bleiwen wann et ëm politesch Grondsazfroe geet. Ass dat de gréisste Succès vun der Monarchie, datt si et fäerdeg bruecht huet, d’Leit ze berouegen an ze domestikéieren?
Claude Frentz: Ech mengen, datt déi politesch Passivitéit vu ville Lëtzebuerger dovunner kënnt, datt hinnen déi ganzen Zäit agetriichtert gëtt, datt si et jo trotz allem besser wei zum Beispill d’Frontalieren oder d‘Awunner aus den Nopeschlänner hunn. D’Regierung bedreift jo oft d’Strategie vum “Teile und herrsche“. Et huet een dat jo gutt wärend der grousser Gewerkschaftsdemo vum 28. Juni 2025 gesinn, wou d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, déi majoritär Lëtzebuerger Staatsbierger vertrëtt, sech net grad solidaresch mat der Gewerkschaftsfront LCGB-OGBL gewisen huet, déi oft Leit vertrëtt, déi net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Dobäi geet et souguer ville Lëtzebuerger, déi meeschtens am ëffentleche Secteur schaffe, materiell net méi esou gutt. De Problem vun der Wunnengsnout weist, datt mëttlerweil och d’Mëttelschicht Problemer huet fir sech an hier Kanner am Land nach Wunnraum ze fannen.
Déi grouss Gewerkschaftsmanifestatioun vun dësem Joer huet jo gewisen, datt d’Lompen och zu Lëtzebuerg sténken. Wärend ëmmer mei Steiergelder fir d’Oprüstung verpolvert ginn, klëmmt d’Staatsschold, an de Wuesstum ass och net méi esou staark wéi an de leschte Joren. Et gesäit een, datt d’Krisen zouhuele, well näischt Fundamentales un der neoliberaler Steier- a Wirtschaftspolitik geännert gëtt. Ee wichtegt Standbeen bleift zum Beispill d’Steieroptimiséierung, woubäi Milliarde vu Steiergelder, déi eis Nopeschlänner misste kréien, hei zu Lëtzebuerg geparkt ginn. D’Monarchie, déi selwer schwéierräich ass, ass och d’Symbol vun engem Finanzsystem, wou Superräicher - wéi säit Jore besonnesch aus Frankräich - sech am Land nidderloosse fir net mussen an hiren Hierkonftslänner verschidde Steieren ze bezuelen. Sollt dëse System un d’Wanke geroden, dann ass virauszegesinn, datt et zu enger massiver interner Kris komme kéint. Eng Kris, déi da vläicht och Auswierkungen ob d’Monarchie kéint hunn.
Wat de Republikanismus ugeet, sou géif ech soen, datt besonnesch politesch Parteien aus dem lénke Politikspektrum matresponsabel sinn, datt do eng Entpolitiséierung stattfonnt huet. Historisch gesinn, ware Liberal, Sozialisten, Gréng fir d’Republik, mee hunn sech mat de Jore vun dësem Ideal distanzéiert. Do spillt warscheinlech och de politeschen Opportunismus vis-à-vis vun der CSV, deenen sech dës Parteien ëmmer als Koalitiounsjuniorpartner ugebidert hunn, eng wichteg Roll. Wann esouguer een Deputéierte vun Déi Lénk d’Fro vun der Republik als net esou wichteg bezeechnet an nëmmen hallefhäerzeg ob där Thematik aktiv ass, dann dréit dat och net wierklech dozou bäi, des Fro ze dynamiséieren.
Am Géigesaz zu anere Monarchien hu mer och net wierklech eng republikanesch Organisatioun, déi visibel ass an sech déi ganzen Zäit zu Wuert mellt an Aktioune mécht, wéi dat zum Beispill a Groussbritannien mat Republic de Fall ass.
Luxembourg Jungle: Du beschreifs eng heterogen republikanesch Beweegung aus Aarbechter, Baueren, Akademiker, Zaldoten. Haut géif esou eng Bewegung sech wuel online organiséieren, mat Petitiounen, Hashtags a Video-Versammlungen, awer réischt nodeems jiddereen via Doodle ofgestëmmt huet, ob den Datum och passt. Mécht dat der Suergen, datt d’Revolutioun vun haut éischter digitaliséiert ass, amplaz datt se op der Strooss stattfënnt?
Claude Frentz: De Republikanismus huet sech zu Lëtzebuerg wärend Krisenzäiten am stäerkste manifestéiert, an huet mat de politeschen Entwécklungen an eisen Nopeschlänner ze dinn. Sou gouf Lëtzebuerg 1848 aus Frankräich mat der Februarrevolutioun, an 1918 aus Däitschland mat der Novemberrevolutioun staark beaflosst. Ab 1915 kënnt et zu Lëtzebuerg schonn zur Rationéierung vu Liewensmëttel. 1918 brécht d‘spuenesch Gripp aus. Besonnesch d’Aarbechter, déi net selwer Liewensmëttel produzéiere konnte, waren an enger extremer Noutsituatioun.
Den Haff, deen a Saus a Braus gelieft huet, ass fir dës Situatioun mat verantwortlech gemaach gi, well wéinst der Positionéierung vun der Groussherzogin Marie Adelheid ob der Säit vun Däitschland, d‘Lëtzebuerger Land vun der Entente USA, UK, Frankräich als net méi neutral betruecht ginn ass an dowéinst vun där Säit och keng Hëllefsleeschtungen krut. D’Aarbechter hu mat Strossendemonstratiounen a Streike mee och mam Grënne vu Gewerkschaften a Liewensmëttelkooperativen reagéiert. Och déi éischt Aarbechterwunnkooperativ gouf 1919 gegrënnt. Esou eng existenziell Kris ass haut op d‘mannst an de westlechen Industriestaate schwéier virstellbar.
An trotzdeem gesi mer wéi verschidden Aktiounsforme vun deemools, wei eben d’Kooperativen oder gewerkschaftlech Strossemanifestatiounen, erëm méi aktuell ginn. Dofir géif ech soen, datt een eng modern Kommunikatioun iwwert den Internet mat traditionelle Forme vun der Mobilisatioun kombinéiere muss fir wierklech sichtbar ze sinn.
Luxembourg Jungle: D’Revolutioun ass och un der franséischer Militärinterventioun gescheitert. Kann een da soen, datt Lëtzebuerg seng Republik deemools net wéinst engem Mangel u Begeeschterung, mee wéinst dem Drock aus dem Ausland verluer huet? A wéi vill Spillraum hat d’Bevëlkerung iwwerhaapt, wann d’Entscheedungen zu Paräis gefall sinn?
Claude Frentz: Ech denken, datt ouni déi militäresch Interventioun vun der franséischer Arméi d‘Republik existéiert hätt. Fir wéi laang, ass eng aner Fro. Et gouf nämlech den Opruff vun nationalisteschen an klerikale Kräften aus de Landkantonen - besonnesch aus dem Kanton Klierf - an d‘Haaptstad ze kommen an do mat de Revolutionären opzeraumen. Och dës Mobiliséierung ass vun de Franzousen ënnerbonne ginn. Soss hätt et, änlech wéi zum Beispill dee selwechte Moment zu Berlin, bluddeg Ausernanersetzungen tëscht Unhänger vun der Dynastie an der Speerspëtzt vun de Republikaner, der opstännescher Fräiwellegekompanie mat ronn 250 Zaldoten a Gendaarme, ginn. De Biergerkrich loung besonnesch den 12. Januar 1919 an der Loft.

Kapitel III – Kritik un der Monarchie vun 1920 bis haut
Luxembourg Jungle: An de 1970er Joren huet d’Bevëlkerung mat Satir a Karikature géint d’Monarchie geschoss. Haut gëtt et éischter eng Kultur vum "nëmmen net ze vill kritiséieren“. Ass dat net ironesch, datt d’Satire vun deemools méi couragéiert war wéi vill politesch Kommentaren haut?
Claude Frentz: Och haut gëtt et politesch Satir, déi de Fanger an d’Wonn leet. Virun e puer Joer gouf et jo nach den neie Feierkrop, dee kräfteg géint den Haff ausgedeelt huet. D‘Kënschtlerkollektiv Richtung22 huet déi zwee éischt Deeg vum Trounwiessel ee Lifestream organiséiert, wou déi ganz royal PR-Show ob satirisch Art a Weis a Fro gestallt gouf. Membere vun Déi jonk Lénk hu wärend dem Trounwiessel ob der rouder Bréck versicht, eng republikanesch Aktioun ze maachen, déi awer net wierklech visibel war.

Ech mengen awer och, datt mer an enger Epoch liewe, wou Konformismus erëm mei groussgeschriwwe gëtt. Dowéinst ass et ëmsou méi wichteg, illegitim Hierarchien a Fro ze stellen an sech weiderhi fir demokratesch Alternativen anzesetzen. D‘Leit sichen no Repairen an enger ëmmer mei oniwwersiichtlecher Welt, a fannen dann an der Monarchie, an de Kierchen eng Zort Stabilitéitsfacteur. Dobäi hu verschidde Monarchen an der Vergaangenheet scho méi wéi eng Kéier fir massiv Turbulenze gesuergt. Hei e puer Beispiller:
➤ Nodeems sech 1915 d‘Groussherzogin Marie Adelheid ganz däitlech ob d‘Säit vun der kathoulescher Rietspartei a mat der Asetzung vun der rietser Loutsch-Regierung eng Zort Coup d‘État gemaach huet, ass eng innepolitesch Kris ausgebrach, déi sech esou zougespëtzt hat, datt d'Dynastie tëscht November 1918 a Januar 1919 ob en Hoer ofgeschaaft gi wier;
➤ 2008 huet de Groussherzog Henri eng institutionell Kris ausgeléist, déi, d‘selwecht wéi d‘Skandaler ëm den Ëmgang mam Personal vun der Maria Teresa, zu engem massive Vertrauensverloscht vum Haff bei der Populatioun gefouert huet;
➤ An de Joren 1778 an 1779 huet d‘Habsburger Monarchie, zu där d’éisträichesch Niederlande gehéiert hunn, versicht, d‘Herzogtum Lëtzebuerg géint Bayern anzetauschen;
➤ D‘Luxemburgkrise vun 1867: Do hätt de Kinnek-Groussherzog Wilhelm III. dem franséische Keeser Napoleon III. Lëtzebuerg bal verkaaft;
➤ Opgrond vun der Däitschfrëndlechkeet vun der Groussherzogin Marie Adelheid, wär Lëtzebuerg - hätt dat keeserlecht Däitschland den 1.Weltkrich gewonnen - héchstwarscheinlech zu engem deutschen Bundesland ginn. Dat hunn ob mannst vill Lëtzebuerger Republikaner deemools geduecht.
Luxembourg Jungle: De Waringo-Bericht vun 2020 huet d’Monarchie wéi eng Bomm gerëselt, mee am Endeffekt sinn nëmmen Detailer geännert ginn. Ass dat net wéi wann een e ganze Palais duerchsicht, Skandaler fënnt, a schlussendlech just nei Riddoen ophänkt? Wat hätt no der Verëffentlechung vum Waringo-Rapport misste geännert ginn?
Claude Frentz: Jo, absolut. Et gëtt zwar mëttlerweil eng méi kloer Trennung tëscht Privatem an Ëffentlechem, an e bësse mei Transparenz, wat dat Finanziellt ugeet. Wéi d‘Diskussiounen ëm d‘Ausgabe fir den Trounwiessel gewisen hunn, huet awer erëm d’Intransparenz dominéiert, obwuel de Waringo-Rapport jo genau dat a Fro gestallt huet. Den Här Waringo huet just säin Job als Staatsbeamte gemach, a gouf elo vum neie Staatsminister Frieden op d’Ofstellgleis geparkt.
Den Ëmgang vum Grand-Duc Guillaume mat der ganzer Affär deit dorobber hin, datt näischt doraus geléiert gouf an hien sech just als Opfer consideréiert. D‘Diskussiounen ëm de Waringo-Rapport hätten, wei de Guillaume sot "gewëssen Tabue gebrach". Duerch de Waringo-Rapport wier "de Respekt virun der Institution beschiedegt" ginn. Wee fir dëse Schued verantwortlech ass, sot den neie Grand-Duc net. Datt seng Mamm oder säi Papp eppes falsch gemaach hunn, huet de Guillaume jiddefalls net gemengt …
Luxembourg Jungle: Du schwätz an dengem Buch vun engem "Republikanismus 2.0“. Wat kann een sech dorënner virstellen? Kréie mer geschwënn eng App, wou een d’Monarchie un- an ausschalte kann, wéi d’Täscheluucht um Handy?
Claude Frentz: Mat "Republikanismus 2.0." mengen ech, datt mer an enger Zäit liewen, wou d’Bierger zu Recht wëllen matdecidéieren. An do gesinn ech zu Lëtzebuerg ee groussen demokrateschen Defizit. Eng Republik, déi ob der Basisdemokratie berout, misst jidderengem d‘Chance ginn, datt seng Ideen Gehéier fanne kënnen.
Fir mech geet et manner ëm d‘Persoun vum Grand-Duc, mee ëm d‘Funktioun. Do kann den neie Grand-Duc nach esou sympathesch sinn – d’Tatsaach, datt mer een ongewielte Staatschef hunn, widdersprécht grondsätzlech dem Gläichheetsprinzip, op deem ee fräiheetlech-demokratesche Rechtsstaat baséiert. Monarchië passen net an eng politesch Welt, an där d‘Bierger zu Recht ëmmer an iwwerall matdecideieren wëllen. D‘Monarchie ass ee Relikt aus feudalen Zäiten. De Grand-Duc ass een dekorative Friemkierper an engem politeschen Universum, an deem d’Vollekssouveränitéit an d’Gläichheet virum Gesetz zu de fundamentale Prinzippien zielen. Wee just wéinst der Zougehéieregkeet zu enger spezieller Famill Staatschef gi kann, ass net gläich vis-à-vis vun allen aneren Awunner. Firwat soll d’Dynastie vun Nassau-Weilburg berechtegt sinn, ee Vollek vu ronn 700.000 Mënschen ze representéieren? Eng erwuessen Demokratie brauch kee Staatschef, deem seng Qualifikatioun d‘Bluttlinn ass, an net d‘Eegnung, Fähegkeeten oder Verdéngschter. Eis Demokratie muss op Stëmmziedele vertrauen, an dat op allen Niveauen.
Wat wier an sou enger Republik besser? Inkompetent Decideure gëtt et natierlech och an engem republikaneschen System. Allerdéngs gëtt d’Republik se vill méi schnell erëm lass. Ee kriminelle Präsident an de Prisong ze kréien, ass méi einfach, wéi d‘Fäll Sarkozy a Bolsonaro weisen, wéi ee Member vun enger Kinneksfamill. Dat gesäit een am Fall vum Prënz Andrew a Groussbritannien.
Kapitel IV – Finale
Luxembourg Jungle: Wann s du muer President vun enger Lëtzebuerger Republik wäers, wat wier deng éischt Amtshandlung? Géifs du de Palais an eng Jugendherberg oder eng Vollekskichen transforméieren?
Claude Frentz: Ech well iwwerhaapt net President ginn, well ech fir eng Republik mat Direktorialsystem, also mat engem kollektive Staatsoberhaupt sinn. Dëst fir ze verhënneren, datt eng eenzel Persoun ze vill Muecht kritt. Dat ass zum Beispill an der Schwäiz oder San Marino de Fall. D'selwecht wéi am November 1918 Republikaner wéi de René Stoll oder den Aloyse Kayser, inspiréiert sech de republikanesche Modell, deen ech am beschte fannen, um Schwäizer Modell. Dëse Modell baséiert um Prinzip vun der direkter Demokratie a staarker Biergerbedeelegung. De Schwäizer Modell baséiert ob den Ideen vum franséischen Opklärer a President vun der Assemblée Nationale, dem Marquis de Condorcet. An deem Modell gëtt et guer keen eenzelt Staatsoberhaupt, mee dës Funktioun iwwerhëllt d‘ganz Regierung - de Bundesrat - mat gewielte Ministerinnen a Ministeren. All Joers gëtt rotéiert, an een anere Regierungsmember gëtt designéiert fir d’Land no baussen ze representéieren, ouni dofir méi Muecht ze hu wei een anere Member vum Bundesrat.
Luxembourg Jungle: De Geescht vun der Republik vun 1918/1919 schéngt, allen Ëmfroen zum Trotz, nach ëmmer am Hannergrond ze schwiewen. Wéi kéint een dëse Geescht haut nees erwächen – mat engem Buch wéi Vive d’Republik!, engem Manifest, engem Protest, oder am Endeffekt awer just mat engem TikTok-Video? Ginn et Beispiller oder historesch Parallellen, déi als Modell fir Lëtzebuerg dénge kéinten?
Claude Frentz: Der 1919 asbl, an där ech Member si, geet et dorëms, datt dëse wichtege Moment an der Lëtzebuerger Geschicht dee Stellewäert kritt, deen e verdéngt. Mir hunn dowéinst zu Esch zwou gutt besichte Konferenzen organiséiert, déi och online ze lauschtere sinn (Link fir Konferenz 1; Link Konferenz 2)
Mäi Buch ass ee weidere Projet vun der 1919 asbl. Ech si frou, datt et eis scho gelongen ass, jonk Historiker ze motivéieren, weider historesch Recherchen iwwert de Republikanismus zu Lëtzebuerg ze maachen. 1919 wor net de wierklechen Ufank nach de Schluss vun der Lëtzebuerger Republik an de republikanesche Beweegungen. Allerdéngs ass et d’Joer gewiescht, wou et déi éischt Lëtzebuerger Republik gouf. Dohier stäipt sech d’1919 asbl an hirem Numm op dëst explizitt Joer, a verfollegt d’republikanesch Beweegungen an d’Lëtzebuerger Republik vun hiren Ufäng bis an déi haiteg Zäit. D’Associatioun beschäftegt sech deemno mat der historesch neutraler an objektiver Opschaffung vun de republikanesche Beweegungen, der Lëtzebuerger Republik an de verbonnene Biographien.
Vu datt mer ganz wéineg Moyenen hunn, sinn eis Méiglechkeeten, no baussen eis Informatiounen ze verbreede, staark limitéiert. Dowinnst sinn esou Geleeënheete wei dësen Interview esou wichteg.
Luxembourg Jungle: Zum Schluss: Ass d’Monarchie zu Lëtzebuerg net éischter wéi eng Netflix-Serie, déi scho vill ze laang leeft? Déi meescht Leit kucken se nach, well se sech dru gewinnt hunn – mee eigentlech géif jidderee gär eng nei Staffel mat enger anerer Handlung gesinn.

Claude Frentz: Et gi sécher Leit, déi oppe genuch si fir eppes Neies auszeprobéieren. Ob där anerer Säit seenen sech der och vill no enger gudder aler Zäit, déi et vläicht esou guer net ginn ass. Sie verbannen des Nostalgie no der heiler Welt mat der Monarchie. Och wann d’Wierklechkeet, wei gesot, eng ganz aner ass. Ee gutt Beispill liwweren déi zockerséiss Sisi-Filmer mam Romy Schneider aus de 50er Jore vum 20. Joerhonnert. Datt d’Kaiserin Elisabeth awer a Wierklechkeet guer net esou mat hirer Roll zefridde war, kënnt villen net an de Sënn. Kuerz no hirer Hochzäit mam Kaiser Franz Joseph I., deen si spéider mat anere Frae bedrunn huet, huet si follgend Gedicht geschriwwen:
Ich bin erwacht in einem Kerker,
Und Fesseln sind an meiner Hand.
Und meiner Sehnsucht immer stärker -
Und Freiheit! Du, mir abgewandt!
D‘Sisi huet kee Blat virun de Mond geholl, an souwuel d‘eisterräichesch Monarchie wei och d‘kathoulesch Kierch kritiséiert.
Et ass ebe mei einfach u Saachen ze gleewe wéi se kritesch z’hannerfroen. Mee wéi sot den däitsche Philosoph Friedrich Nietzsche scho méi: “Der denkende Mensch ändert seine Meinung.“
Luxembourg Jungle: Claude Frentz, villmools merci fir dësen interessanten Austausch.
D'Buch "Vive d'Republik!" kafen:
Ween fir d'Feierdeeg sech selwer oder engem aneren eng Freed wëllt maachen –
d’Buch Vive d’Republik! ass ze kréien iwwert d’Websäit vun der a.s.b.l. 1919,
bei den Éditions Phi,
oder an de Bicherbutteker vum Ernster.
Präis: 30 € bei der a.s.b.l. 1919 (5€ ginn als Don un d'Vereinegung), 25€ am Handel.
ISBN / ISSN : 978-2-919818-71-6
Sprooch: Däitsch
320 Säiten
Och interessant:












Kommentar schreiben