· 

VIP-Express

Manner Emissioune fir d'Leit, méi Privatjeten fir d'Elite!

Firwat sech mat alldeeglechen Transportmëttelen ewéi Zich oder Elektroautoen erëmschloen, wann een déi 200 Kilometer vu Bréissel op Lëtzebuerg och gemittlech am luxuriéise Privatjet zréckleeë kann? D'Queen Ursula von der Leyen beweist op eng beandrockend Manéier, datt nohalteg Politik am beschte vun enger komfortabeler Liederbänk iwwert de Wolléken aus méiglech ass.


Ma net nëmmen d'Ursula von der Leyen, mee och de Rotspresident Antonio Costa an d'Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola koumen den 9. Mee extra am Privatjet op Lëtzebuerg geflunn fir mam neie Luc den Europadag zu Lëtzebuerg ze feieren, bericht d'Wort.

Awer keng Panik! Den Trajet ass natierlech klimaneutral – et brauche just 10 Milliounen EU-Bierger d'Heizung erofzesetzen an zu Fouss oder mam Vëllo op d'Aarbecht ze goen - dann ass dee Fluch kompenséiert.

Vläicht ass dat déi nei EU-Ëmweltpolitik: "Luxus fir déi eng, Abstinenz fir déi aner" – kléngt no engem fairen Deal? Nohaltegkeet ass eben eng schéin Theorie, soulaang se net um eegenen, gewinnte Standard kraazt.

Den Trajet am Privatjet vu Bréissel op Lëtzebuerg war duerchaus berechtegt, wéi een EU-Spriecher matgedeelt huet. De Fluch war "däitlech méi kuerz" wéi d'Autorees. Ob d'Zäit, déi agespuert gouf, allerdéngs méi wéi 10 Minutte war, bleift e Staatsgeheimnis.

Déi nei Regel schéngt kloer: Den Zuch fir d'Vollék – de Privatjet fir d'EU-Klimapresidentin. Ökologescht Denken an Handelen? Nëmmen wann et net stéiert! Nohaltegkeet bedeit: fir d'éischt fléien, duerno rechtfertegen!

Wat kënnt als nächst? Den éischte klimaneutrale Privatjet, ugedriwwer vu guddem Wëllen, schéine Wierder an eidele Verspriechen? Dat ass, wéi wann ee säi Steak als "vegan" verklickert, nëmme well ee beim Grillen un d'Ëmwelt geduecht huet. 

EU-Klimastrategie 2030: CO₂-Kompensatioun duerch waarm Loft!

De Privatjet-Express Bréissel-Lëtzebuerg ass natierlech klimaneutral – dank der revolutionärer "EU-Greenwashing-Formel"!

Sou funktionéiert et: 

Schrëtt 1: Fir d'éischt bequem mam Privatjet fléien, duerno d'Emissiounen ganz kreativ an enger Statistik "optimiséieren".

Schrëtt 2: Nohaltegkeet beweisen - net andeems ee manner CO₂-Emissiounen an d'Loft bléist, mee mat dichtege Wierder via d'Press.

Schrëtt 3: Wann dat nach net duergeet, gëtt eng PowerPoint-Presentatioun mat engem grénge Blat drop präparéiert. D'Blat symboliséiert: 100% nohalteg! Domat iwwerzeegt een dee leschte Skeptiker.

A well Klimaschutz eng gemeinsam Aufgab ass, soll gefällegst jiddereen hëllefen, de Privatjet klimaneutral ze maachen. Fir all Minutt am Jet, sollen d'Bierger einfach d'Heizung erofdréinen, manner duschen an op waarm Molzechte verzichten - e klengen Effort fir eise Planéit, dee mir alleguer gär maachen.

Wee weess, vläicht kënnt geschwënn d' "EU-Kompensatiounsabonnement" fir Spëtzepolitiker: Onbegrenzt Flich am Privatjet, gratis CO₂-Kompensatioun vun de Bierger a VIP-Zougang zum Greenwashing-Simulator.

D'Zukunft ass do – an si flitt an der éischter Klass!

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Wéi d'Réimer scho woussten (Mittwoch, 14 Mai 2025 03:15)

    Quod licet Jovi non licet bovi.