Choc pour le passe-temps favori des Luxembourgeois: partir en vacances avec Luxair, et en plus de manière climatiquement neutre. Après tout, c’est compensé. Mon œil ! Cette illusion touche à sa fin. La Commission européenne et 21 compagnies aériennes, dont Luxair, ont décidé de mettre fin à cette supercherie.
Schock fir dem Lëtzebuerger seng Lieblingsbeschäftegung: mat der Luxair an d’Vakanz fléien – an dat souguer klimaneutral. Schliisslech gëtt jo kompenséiert. Moie Misch! Mat dëser Illusioun ass et elo Schluss. D’EU-Kommissioun an 21 Fluchgesellschaften, dorënner d’Luxair, hunn decidéiert, mat dëser Mogelpackung opzehalen.
Firwat sech mat alldeeglechen Transportmëttelen ewéi Zich oder Elektroautoen erëmschloen, wann een déi 200 Kilometer vu Bréissel op Lëtzebuerg och gemittlech am luxuriéise Privatjet zréckleeë kann? D'Queen Ursula von der Leyen beweist op eng beandrockend Manéier, datt nohalteg Politik am beschte vun enger komfortabeler Liederbänk iwwert de Wolléken aus méiglech ass.