Nei prioritéiten vu Lëtzebuerg: panzeren amplaz pensiounen
"Lëtzebuerg wëll d'Entscheedungen iwwer d'Verdeedegungsausgaben am Aklang mat den aneren 31 NATO-Memberstaaten treffen", sot de Luc Frieden op der Pressekonferenz nom Ministerrot vum 13. Juni 2025. Ma scho virum Sommet waren d'NATO-Memberstaaten sech eens, de Bäitrag op 5 Prozent vum PIB (Bruttoinlandsprodukt) ze erhéijen.
Wéinst der grousser Zuel vu Grenzgänger huet de fréiere Krichsminister, de Bausche Fränz, eng Extrawurscht fir Lëtzebuerg ausgehandelt: De Bäitrag vu Lëtzebuerg gëtt net um PIB, mä um BNE (Bruttonationalakommes, fréier och Bruttosozialprodukt genannt) berechent, wat liicht méi niddreg ass.
Well de neie Luc op kee Fall wollt, datt den US-President Trump rose mat him gëtt, huet hien déi geplangte 780 Milliounen Euro, déi am Budget stoungen, op 1,2 Milliarden Euro eropgesat - fir déi berühmt 2% z'erreechen. Eng einfach Regel de tri weist: Wann ee 5% wëllt an d'NATO abezuelen, da muss een 3 Milliarden Euro opdreiwen. Am Verglach: Dat ass véiermol méi wéi déi 780.000€ déi Lëtzebuerg bis elo abezuelt huet. Déi 5% stelle ganzer 10,5% vum lëtzebuergesche Staatsbudget duer! Wat kéint ee mat deem Geld net alles maachen? Schoulen renovéieren. Sozialwunnengen bauen, d'Aarmut bekämpfen oder d'Gesondheetsversuergung ausbauen.
D'5%-Regel gëllt natierlech net fir d'USA. Déi bleiwe gemittlech bei hiren 3% vum PIB. Ironie? Wuel kaum. Et ass éischter dat bekanntent Spill: Fuerderunge stellen, awer sech selwer net drun halen. "America first" – ëmmer virbäi, ausser wann et ëm d'Bezuele geet.
De Rutte mécht Drock
De Nato-Generalsekretär Mark Rutte huet et esou formuléiert: "Wann dir déi 5% net bezuele wëllt, kënnt Dir Är Pensiouns- a Gesondheetssystemer bäibehalen - awer da fängt u Russesch ze léieren." Asou, dann ass jo alles kloer. No der Logik vum Rutte muss een tëscht Pensiounssécherheet a Patriot-Prestige wielen – béides ass ze luxuriéis.
D'Bevëlkerung spiert et elo schonn: D'Pensiounsreform ass amgaang finaliséiert ze ginn; d'Salariéen mussen an Zukunft méi laang schaffe goen fir um Enn vun hirer Carrière manner erauszekréien. D'Cotisatiounsjore ginn no an no verlängert, an d'Mindestpensioun gëtt net erhéicht. Gläichzäiteg gëtt de private Pensiounssystem (drëtte Pilier) gestäerkt - also: spuert wann der kënnt, soss hat der Pech. Gläichzäiteg ginn eis Rentereserven awer geholl fir an d'Rüstung ze stiechen. Kléngt no engem fairen Deal. Virausgesat, et verkeeft een en op enger Waffefoire mat gratis Schnittercher.
De Fong, deen alles kann – ausser eis Pensiounen ofsécheren
Ufank Juni 2025 gouf bekannt, datt de lëtzebuergesche "Fonds de Compensation" (FDC), dee fir d'Pensiounsreserven zoustänneg ass, decidéiert huet, nees a Rüstungsfirmen wéi Rheinmetall ze investéieren – natierlech "no enger grëndlecher ethescher Iwwerpréiwung", wéi betount gouf. Rheinmetall war virdru op der "rouder Lëscht", gouf awer nees erofgeholl, nodeems d'Firma anscheinend opgehalen huet, ëmweltschiedlech Phosphorwaffen ze produzéieren. "Mir hunn d'Garantie kritt, datt de Fonds keng allgemeng Oprëschtungspolitik verfollegt", sot d'Djuna Bernard (déi Gréng) iwwer d'Re-investitioun a Rheinmetall. Dat ass berouegend.
Lëtzebuerg soll "net méi domm sinn wéi déi aner an och kucken, dass mer e Retour kréien", sot den Ausseminister Xavier Bettel (DP) de 16. Juni géintiwwer RTL, um Rand vum "Salon international de l'aéronautique et de l'espace" um Paräisser Fluchhafen Le Bourget. Mee anscheinend ass mam Investissement a Rakéiten awer kee Profit ze maachen, wéi eis dat versprach gouf.
Trotz NATO-Sommet an den Oprëschtungsfantasien vun vun eise Spëtzepolitiker, sinn d'Aktie vun der Rheinmetall zënter Juni 2025 am fräie Fall. No engem Rekordhéich vun iwwer 1.900 Euro ass de Cours vun den Aktien op 1.670 Euro gefall, mat engem weideren prognostikéierte Réckgang op 1.500 Euro. D'Grënn: Asäckle vum Gewënner, geopolitesch Onsécherheeten an d'Erkenntnis, datt Panzeren awer keng nohalteg Profiter garantéieren.
Mee Pensiounsfongen, déi a Rüstungsaktien investéieren, déi permanent u Wäert verléieren, weisen zumindest Courage a Risikobereetschaft. Genau déi Dugenden, déi a Krichszäiten gebraucht ginn. Also, wou ass de Problem?
Rüstung ass keng Investitioun, mee eng deier Einwegverpackung
„Dëse Plang ass eng Investitioun an eis Défense an an eis Sécherheet“, sot d'Krichsministesch Yuriko Backes der Press den 12. Juni 2024. Wierklech? E Panzer, deen irgendwann verrascht, ass also eng Investitioun? Ökonomesch gesinn handelt et sech Konsumausgaben – keng Plus value, kee Profit, just e Budgetslach, dat sech fëllt … mat Feier an Damp.
Fir e bessert Verständnis – ganz einfach erkläert:
🟩 Investitioun: Et keeft een en Haus. Et bleift stoen an de Wäert klëmmt. Et kann een dran wunnen oder et verlounen. Et huet een e Gewënn.
🟩 Konsumausgaben: Et schéisst een e Freedefeier an d'Luucht – et ass schéin, awer no zéng Minutten ass just Damp do, an d'Sue si fort.
🟩 Militärausgaben: De Staat keeft eng Rakéit, vun där en hofft, datt en se ni benotze muss. Wann dach, ass dono alles fort: d'Suen, d'Rakéit – an iergendeen aneren. Wann d'Wick bis brennt, kritt ee näischt zréck.
Gräifen d'Russen eréischt 2035 un?
Laut de Stratege vun der NATO an den europäesche Spëtzepolitiker stinn "d'Russen" scho virun der Dier a wäerten Europa bis spéitstens an dräi, véier Joer, also 2028 oder 2029, attackéieren. Et géifen Hiweiser, Absichten an Zeechen aus der Kristallkugel – mir mussen elo oprëschten.
Awer: Firwat dann bis 2035 waarden, wéi et um NATO-Sommet beschloss gouf? Huet de Putin éiren ugeruff? "Hallo NATO? Hei ass de Putin. Kee Stress, ech gräifen iech eréischt 2035 un, wann dir opgerëscht sidd. Loost iech also roueg Zäit mat de Panzeren. Dat wier jo soss net fair, gell?"
Oder huet de Kreml en Doodle un d'NATO-Membere geschéckt, wou se sech fir de passenden Ugrëffsdatum umelle kënnen? Et kéint sinn, datt dënschdes kee gudden Dag ass, well Rumänien nach keng Munitioun huet. Donneschdeg klappt et, awer nëmme, wa Lëtzebuerg d'Ersatzdeeler fir säin A400M Transportfliger geliwwert kritt huet.
Deen, deen also un d'Mäerchen gleeft, datt d'Russen spéidstens 2028/2029 ugräifen, deem ass net ze hëllefen. Datt d'NATO-Staaten awer bis 2035 Zäit hunn, fir sech drop virzebereeden, gleeft warscheinlech och just deen, deen der Meenung ass, de Putin géif mat sengem angeeblechen Ugrëff waarden, bis all Waffekontrakter korrekt ausgeschriwwen, op méiglech Auswierkungen op d'Ëmwelt iwwerpréift a schlussendlech geneemegt goufen.
De Friddensnobelpräis fir de Mann mat der rouder cravatte
Wat feelt lo nach? Richteg: den Héichpunkt vum ganzen Zirkus. Um Enn vum Sommet decidéiert d'NATO eestëmmeg a mat kräftegem Applaus, dem Donald Trump de Friddensnobelpräis ze verginn. Net well hie nominéiert gouf, mee: "D'NATO huet decidéiert. Punkt."
Mir vu Luxembourg Jungle sinn der Meenung: hien huet e verdéngt. Well schonn den 20. Januar 2025 huet den Donald Trump a senger Untrëttsried am Capitol gesot: "Mäi Vermächtnis, op dat ech am houferegsten sinn, wäert dat vun engem Friddensstëfter a Versöner sinn. Dat ass wat ech wëll sinn, e Friddensstëfter a Versöhner."
Kommentar schreiben