· 

#Satir | Naturschutz à la luxembourgeoise

Méi séier bauen an d’Natur stäerken

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Natur net geschützt, erhalen oder geschount, si gëtt och net gefleegt oder respektéiert – neen! Si gëtt gestäerkt! Si brauch virun allem mol staark Nerven fir dat alles auszehalen, wat eis Regierung mat hir wëlles huet.

"Mir wëllen méi séier bauen an d'Natur stäerken“, huet den Emweltminister Serge Wilmes erkläert. Ee Widersproch? A wouhier! D’Natur muss gestäerkt ginn – mat Beton! Wéi soll se soss déi sëlleche geplangte Schongkëschtenhaiser, Appartementsbléck, Parkingen, Bürosgebaier, Konsumtempelen a Contournementen packen, wann se net stabiliséiert gëtt?

Ma wat versteet den Ëmweltminister konkret ënnert der Iddi, d’ "Natur stäerken“? "Luxembourg Jungle“ huet sech mam Minister Serge Wilmes ënnerhalen.

Luxembourg Jungle: Här Wilmes, wéi soll d’Natur gestäerkt ginn?

Serge Wilmes: All ëmgeseete Bamstomp gëtt en Deel vum Fundament vun eiser Natur a stäerkt se virun der Laascht déi uewen op hir läit. Och Beton hëlleft, eiser Natur déi néideg Stabilitéit ze ginn. Dat gesäit een am Moment ganz gutt beim Bau vum Housener Contournement. Fir dass d’Natur net kollabéiert, gëtt se mat Beton, Eisen a Plastiksfolien gestäerkt. Beem a Sträisser, déi stoe bleiwen, kréien ee spezielle Proteinshake agesprëtzt – fir se ze stäerken a resistent ze maachen.

▲Bau vum Housener Contournement, Augsut 2024: d'Natur gëtt gestäerkt, mat Beton, Eisen a Plastik - fir datt se net kollabéiert.
▲Bau vum Housener Contournement, Augsut 2024: d'Natur gëtt gestäerkt, mat Beton, Eisen a Plastik - fir datt se net kollabéiert.

Luxembourg Jungle: Dir wëllt méi a méi séier bauen a gläichzäiteg d’Natur stäerken. Wat fir eng Moossnahmen si virgesinn fir all déi zerstéiert Natur ze kompenséieren?

S.W.: E gudden Deel vun de Beem wäert an Zukunft vu sougenannte City Trees ersat ginn. Ech verweisen op déi positiv Resultater aus der Gemeng Déifferdeng, wou grad eng Testphas mat City Trees am Gaang ass. Beim City Tree handelt et sech ëm eng zwee Meter héich hëlze Këscht mat Moos, Waasser an engem Ventilator bannendran. Eng sou eng Këscht ersetzt 81 richteg Beem. Op déi Manéier wäerte mir elo kompenséieren a maache gläichzäiteg eppes Gutts fir eis Klimabilanz. D’Fro, déi sech stellt, ass also net, wéi mer kompenséieren mee: Brauche mer iwwerhaapt nach richteg Beem? D’Äntwert dorop ass kloer Nee. Ech hat dat jo zu menger Zäit als Stater Ëmweltschäffen beim Aménagement vun der Paräiser Plaz virgemaach.


Och interessant:


Luxembourg Jungle: Et soll also méi séier gebaut ginn. Wat gëtt da gebaut?

S.W.: Wéi de Minister #Luc kuerz vrun de Walen mat den Haaptpromoteuren vu de Konzerner Felix Giorgetti a Besix Red an de Gourmetrestaurant op Monnerech iesse war, goufen d’Decisioune geholl. Dës Regierung wëllt 6.000 Wunnéngen pro Joer bauen fir dem Bevëlkerungswuestum vun 12.000 Leit pro Joer gerecht ze ginn. Dat bedeit natierlech och eng Upassung vun der Infrastruktur. D’Halschent vun de Wunnénge sollen erschwéngleche Wunnraum fir déi Dausende Bréifkëschtefirmen ginn, datt déi en Ënnerdaach hunn, de Rescht gi Luxuswunnéngen fir déi 85.000 Millionären an déi 280 Milliardären.

Luxembourg Jungle: Gëtt da mat där Politik de Wunnéngsproblem geléist?

S.W.: Nee, dat hunn ech jo och ni behaapt an dat ass och net d’Zil vun dëser Regierung. Den Ausseminister Bettel huet an deem Kontext och Portugal gewarnt, wéi hien den 11. an den 12. November um Web Summit zu Lissabon war. Hien huet de Portugiese klipp a kloer ze verstoe ginn, datt se sollen domat ophalen, op Lëtzebuerg ze kommen, well bei eis nach just räich Leit geduld ginn. An deem Sënn si mer och frou, datt mëttlerweilen méi wéi een Drëttel vun de Lëtzebuerger am Ausland wunnt, wéi de STATEC eis dat kierzlech confirméiert huet. Vun den 371 Dausend Lëtzebuerger wunnen der momentan 137 Dausend ausser Land. Tendez steigend. Dir gesitt: de Wunnéngsproblem ass am Gaang, sech a Loft opzeléisen. D’Regierung brauch sech nach just ëm de séieren Internet fir d’Entreprisen ze bekëmmeren.

Luxembourg Jungle: Här Minister Wilmes, Dir hutt ugekënnegt, verstäerkt op de Prinzip vun der „Natur auf Zeit“ ze setzen. Vill Leit si mat deem Begrëff net vertraut. Wat verstitt Der genee dorënner?

S.W.: Wësst Der, esou genee kann ech Iech dat och net soen. Ma mir liewen an enger Welt, wou alles temporär ass. Dat mécht och bei der Natur net halt. Huele mer de Bësch: Dee ka fir eng Saison als Bësch existéieren ier en dann duerch eppes méi Modernes, wéi zum Beispill ee Pop-Up-Parking oder een temporärt Akafszentrum ersat gëtt. D'Méiglechkeete sinn onbegrenzt. Natur op Zäit kann awer och bedeiten, datt den Hirsch an d’Réi beispillsweis vu Moies 9 bis Nomëttes 16 Auer Bëschzäit hunn, duerno gëtt de Bësch da preparéiert fir eng Raverparty. Zu Béiwen hate mer dat jo dëse Summer getest – an et huet wonnerbar geklappt. En anert Beispill ass de Stater Park. D’Kaweechelcher kréie Moies eng Stonn reservéiert fir hir Nëss ze verstoppen, duerno kënnt de Gemengenaarbechter mat der Méimaschinn. Alles ass just temporär. Mir brauche keng permanent Natur, mir verwalten a verdeelen se an handlechen, zäitlech begrenzte Portiounen. Schliisslech liewe mer an enger Zäit wou alles direkt verfügbar muss sinn a grad esou séier nees verschwënnt.

Luxembourg Jungle: Här Minister, mir soen Iech merci fir d’Gespréich.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0