Den CSV-Modell
Wat war dat ee Gejäiz wéi d'CSV annoncéiert hat, datt dem Woltermischi seng Fra géif d'Successioun um Buergermeeschterstull zu Käerjeng iwwerhuelen. Dobäi vergiesse vill Leit: Mir brauche méi Familljeclanen an der Politik!

Ouni kloer strukturéiert Politikerdynastien missten mer jo soss Politiker wielen, déi och wierklech Talent hunn. Mee, wee wëll da schonn eng Chamber voller Deputéierten, déi hir Riede selwer schreiwen? Familljeclanen brénge Stabilitéit an déi politesch Aarbecht. Si sinn d'Urform vun eiser Demokratie. Si sinn Deel vum Lëtzebuerger System, an ouni si stierzt de System of. Dofir brauch zu Lëtzebuerg eigentlech net gewielt ze ginn, well et gëtt jo familljerechtlech zougedeelt.
1– Ob Krautmaart oder Märei,
d'Muecht bleift ëmm’r an der Partei.
Preferenz ass fir d‘Famill,
an d'Spill ass manner volatil.
De Stammbam, ass wat wierklech zielt.
Da gëtt ‘n ee Liewe laang gewielt.
2 – De Mann ass Chamberspresident,
d'Fra am Europaparlament.
Heinansdo mol een Disput.
Soss geet et engem awer gutt.
A gëtt mol een seng Demissioun,
Stinn se scho prett fir d’Successioun
3 – De Freier am Ministerrot,
an d’Freiesch am Verwaltungsrot.
Wat heescht scho Qualifikatioun?
Dat wichtegst ass dach d’Relatioun.
Wat heescht hei Heimlichtuerei?!
Et mécht een ‘t schliesslech fir d’Partei.
4 – A geet de Mischi an d'Pensioun
suergt hie fir Continuatioun.
Rapidos, ouni Blabla,
geet de Posten u seng Fra.
Kënnt et dann och zum Skandal,
Et ass dach alles sch*** legal.
5 – Ee fromme Wonsch vum neie Luc
ass de Poste vum Grand-Duc.
Ma hie stellt fest an ass entsat,
Den Troun ass éiweg scho besat.
Hie päift op dësen Hongerloun,
verzicht beleidegt op den Troun.
6 – D’Mandater ginn dach hei d’office
Ewéi gewinnt, de père en fils.
Un d’Fra, de Mann an d’Concubine.
Mir brauchen mol keng Walkabinn,
Mir hale wéinstens nach Famill.
A fëll’n esou vakante Still.

Och interessant:






Kommentar schreiben