· 

De Feminismus – e Virus vun der Vernonft

Symptomer: Froen stellen, Carrière maachen

D'Daliah Scholl kontert mat Stil – an enger Flütt voll Ironie.

Wéi den DP-Dokter de Feminismus als Pandemie bezeechent huet, war et nëmmen eng Fro vun der Zäit, bis eng diploméiert Flüttistin vun derselwechter politescher Bluttgrupp mat engem satirësche Solo reagéiert. D'Daliah Scholl spillt hei net op der Flütt, mee op der dramaturgescher Klaviatur vun der Ironie. Hiren Text ass eng Impfung géint d'Angschtrhetorik vum Här Dokter awer mat gerengen Niewewierkungen: liicht Brennen am Ego, heiansdo Féiwer bei Muechtverloscht.

Hei ass dem Daliah Scholl säin Text a Videoclip, deen aktuell op de soziale Netzwierker zirkuléiert a fir mindestens sou vill Reaktioune suergt, wéi dem Här Dokter säin Text am Wort, deen een hei noliese kann.


Der léif Alleguerten,

mer schwetzen haut iwert eng néi Pandemie 

Net COVID, 

Net d’OCHSEGRIPPE

NEE!

de FEMINISMUS

 

A wee keint sech am beschten dovun horrofizeieren ewei e Virologue.

E Mann , dee sai Liewe lang geleiert huet, onsichtbar Bedrohungen ze erkennen —

an elo steet hien engem geigeniwer, dee net ennert dem Mikroskop ze fannen as,

sondern a Chefetagen, Wahlleschten, am Parlament a Gemengeréit.

Aisen héichgeschätzten Politiker erklärt ais besuergt dass den heutege Feminismus « agressiv » wier

Tatsächlech Herr Doktor —

en as ustiechend.

 

E verbreed sech iwer Bildung, Empathie an dei onerklärlech Fähegkeet vu Fraen sech net mei alles gefaalen ze loossen

D’Inkubationszeit dauert ongefeier e  Joerzengt —

no der zweeter  Universitéitsreform oder dem dretten Equal-Pay-Bericht

briechen  d’ Symptomer aus:

Froen stellen, widerspriechen, Carrière machen.

 

Natierlech  fillt sech  daat  bedrohlech un!

Fréier duerften d’Fraen  nolauschteren , an haut ziteieren sie Studien.

Fréier  hun  d’ Assistentinnen  de Kaffee bruecht haut brengen se de Peer Review Artikel

an e fängt mat de Wierder un:

Aer Hypothèse war leider statistesch net signifikant.

 

Awer leiwen  Herr Doktor,

der braucht keng Angscht ze hun.

Keen well iech eppes ewechhuelen-

net aeren Titel,

net aer Positioun a ganz secher net aer Box!

Mer schneiden naischt ewech, 

mer schneiden juste aal 

Denkmusteren raus.

Douce, mat Fangergefill minimalinvasiv.

Ouni Narkose awer mat Stil.

 

Well wesst der, de Feminismus as kee Virus, deen de Mann schwächt —

en as en Impfstoff geint Arroganz.

Mat gerengen Niewewierkungen:

ein liicht  Brennen am Ego,

monchmol  Feiwer  bei Muechtverloscht 

 

Also, Herr Doktor, eiert der nees vunGefoer warnt, denkt drun,

Wann Fraen endlech gleich Rechter kreien an Recht zur Selbstbestemmung fuederen as daat keng Pandemie

sondern ganz einfach:

GESONDHEET FIR D’GESELLSCHAFT

 

A  falls der trotzdem ziddert , as dest vielleicht net d’Angscht sondern vielleicht einfach d’Wierkung vun der Wouerrecht.

DE FEMINISMUS - e Virus vun der Vernonft, 

Daliah Scholl


Luxembourg Jungle seet Merci – an impft mat!

Mir recommandéieren dem Dr. Schockmel eng kuerz Kur: 3 Dosen Daliah, 2 Peer-Review Artikelen an 1 feministesche Spaziergang duerch d’Verfassung. Fir all déi, déi nach zécken: D’Wouerrecht ass net ustiechend – mee heiansdo e bësse penetrant. Gutt esou.



Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0