· 

Dackelmania an der Politik

Wie brauch nach Programmer?

Zu Lëtzebuerg ginn et nei Richtlinnen an der politescher Kommunikatioun: Kee Politiker däerf méi ouni Dackel an d'Ëffentlechkeet. Normal: Wann d'Argumenter knapps ginn, kommen d'Déieren un den Tour.

Fotomontage mat dräi Biller: lénks den Ausseminister Bettel mat sengem Dackel Aspro, Mëtt d'LSAP-Deputéiert Bofferding mat hirem Dackel Newton, a riets de Premier Frieden mat sengem elektreschen Dackel. Titel: Dackelmania an der Politik - Programm?
▲ Jidderengem säin Dackel.

Den Ausseminister Bettel huet et längst begraff. Säin Dackel Aspro, mëttlerweil bekannt ewéi de geblummelegten Hond, mécht dat, wat kee Wahlprospekt fäerdeg bréngt: hien trëppelt duerch d'Stad, kuckt mat grousse brongen Aen an d'Welt, a léisst d'Häerzer vun de Rolatordammen an Nullkommanix schmëlzen. Woumat eng nei politesch Realitéit gebuer ass: an der Dackel-Diplomatie ginn net nëmmen d'Wieler op den Aarm geholl — mee och d'Dackelen.

D'Oppositioun huet d'Lektioun séier geléiert. D'Taina Bofferding vun der LSAP huet sech — oh Wonner! — déiselwecht Dackelart ugeschaaft. Fir d'Gläichstellung, wéi si seet. A Wierklechkeet awer, sou gëtt gemunkelt, wëllt si gär mat de groussen Hënn pisse goen. Op de soziale Medien ass hire Newton omnipräsent: mol mat hir, mol ouni si, mol mat engem Fotosfilter, deen dem Dackel méi Likes bréngt wéi der Partei.

Den neie Luc, manner en Déierefrënd, wollt och een, an huet sech fir d'High-Tech-Variant entscheet: en elektreschen Dackel, mat USB-C-Opluedung an engem Schwanz, deen och dann nach wackelt, wann d'Ëmfroewäerter am Keller sinn. De Virdeel: e brauch kee Veterinär, huet keng Meenung, leeft net fort, a kann einfach ausgeschalt ginn, wann e grad net gebraucht gëtt.

D'Land ass an enger neier Ära: d'Dackelen erueweren d'Häerzer, d'Politiker droen si spazéieren, an d'Wieler froen sech, wien hei wien op den Aarm hëlt.

Déi wichtegst Qualifikatioun fir e Ministersposten?

Aspro, du hues d'Wuert.


Dëse satireschen Text ass entstanen opgrond vun de sëllege Posten a Kommentaren iwwer d'Politiker-Dackelen an de soziale Medien. Als Beispill hei de Post vum Henri Juda vum 28. Abrëll 2025 op Facebook:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0