Geschicht stéiert beim Parken
Si stoung do. Zanter 250 Joer. Roueg a steenhaart. Ma se stoung am Wee. De Konsdrefer "Programme d’action local" - kuerz PAL - gesäit eng Verbesserung vun der "Openthaltsqualitéit“ am Duerfkär vir. Ouni Maison Lauer. Gebraucht gi Parkplazen. D'Geschicht? Déi stéiert beim Parken.
An hiren 250 Joer huet si vill gesinn: Branntewäin, Geld, Gromperen. Zum Schluss war si eng Épicerie. D’Maison Lauer war net einfach nëmmen e Gebai. Si war en Zäitzeien. Ee Regal voller Geschichten. En Haus voller Erënnerungen. Mee fir de Schäfferot war si en Dar am A.
"Openthaltsqualitéit" ass d’Schlagwuert. Wéi soll d’Zukunft gestalt ginn, wann d’Vergaangenheet nach do steet? D’Awunnerzuel huet sech verduebelt. D’Zuel vun den Autoen verféierfacht. D’Erënnerung? Net op der Agenda.
"Kee Plang? Natierlech hu mir e Plang. Mir brauchen Autoen. Mir brauchen Openthaltsqualitéit. Wat mir net brauche si Bauruinen an Nostalgiker. Geschicht gehéiert an de Musée, net an den Duerfkär", sot de grousse Visionär vun der Duerfplaz – de Buergermeeschter Marco Bermesco, deen d’COPAC-Étude als "architektonesch Poesie" bezeechent huet – an direkt de Bagger bestallt huet.
Wat fir d’Expertekommissioun en erhalenswäert Kulturierwen war, war fir de Schäfferot eng verstoppte Parkplaz. Mam Accord vum Kulturminister Thillminator gouf d’Maison Lauer aus dem Gediechtnis gebaggert.
D’Bierger hu geschriwwen. Flyeren verdeelt. Postkaarten geschéckt.
De Schäfferot huet reagéiert: "D’Gemeng huet näischt mat där Aktioun ze dinn."
Op d’Postkaarten: "Mir behandelen se wéi all anere Courrier."
Dat heescht: Gelies. Klasséiert. Ignoréiert.
D’Maison Lauer war eng Épicerie, elo ass se fort – wéi wann se ni do gewiescht wier.
Op de Virworf, zu Konsdref géif d’Geschicht zerstéiert ginn, sot de Buergermeeschter: "Klibbert mech! D’Openthaltskultur fänkt mam Macadam un. Den Donald Trump rappt den historeschen Ostfligel vum Wäissen Haus of fir en Danzsall do opzeriichten. Zu Konsdref gëtt scho gemeckert, wann eng al, verkomme Maison Lauer fällt fir e Parking."
Op d’historescht Bewosstsäin ugeschwat, sot eis de Buergermeeschter Bermesco: "Oh, dach, d’Geschicht läit mer um Häerz." Ëmmerhin huet de Schäfferot eng Plaquette geplangt – nieft dem Parkautomat. Drop steet: "Hei stoung d’Maison Lauer. 1770 – 2025. Merci fir déi gewonnen Openthaltsqualitéit.“
Och interessant:







Kommentar schreiben