Artikel mit dem Tag "Kulturierwen Lëtzebuerg"



300 Joer
Patrimoine · 15. Dezember 2025
Haut gouf mat den Ofrappaarbechten vum denkmalgeschützte Bauerenhaff zu Äischer (Enscherange, Gemeng Kiischpelt) ugefaangen. Den 300 Joer alen Haff ass den 2. November 2025 zum groussen Deel an de Koup gefall, well de Proprietär, deen en 1989 kaaft huet, e vergammele gelooss huet. Dobei kéint dësen Haff esouvill erziele, wann e (nach) kéint.

D’Maison Lauer stoung am Wee
Patrimoine · 28. Oktober 2025
Si stoung do. Zanter 250 Joer. Roueg a steenhaart. Ma se stoung am Wee. De Konsdrefer "Programme d’action local" gesäit eng Verbesserung vun der "Openthaltsqualitéit“ am Duerfkär vir. Ouni Maison Lauer. Gebraucht gi Parkplazen. D'Geschicht? Déi stéiert beim Parken.

Baartgeier vs. Profitgeier
Patrimoine · 21. Oktober 2025
Hu Geiere méi Sënn fir Kultur wéi mir? Eng Lieserin vu Luxembourg Jungle huet dës Fro opgeworf, nodeems si am Online-Magazin Slate en Artikel iwwert Relikter aus vergaangenen Zäiten, déi an den Näschter vu Baartgeieren am Süde vu Spuenie fonnt goufen. Och wann dës Fro wuel éischter als Provokatioun gemengt ass, kann een der Lieserin nëmme Recht ginn.

Mam Bagger begruewen
Patrimoine · 17. Oktober 2025
Zu Biermereng gëtt net nëmme gegruewen, neen. Et gëtt och direkt nees begruewen, zougeschott. Dat nennt sech "präventiv Archäologie" – d’Wëssenschaft vum Verhënneren. D’Konscht, d’Geschicht ze retten, fir se net retten ze mussen. Net d’Geschicht gëtt gerett, mee de Baustopp. D'Archéologie préventive: mir gruewen op an aus, fotograféieren, klasséieren an triéieren – an da schëppen mer nees zou. D'Geschicht gëtt begruewen, well se stéiert. Schliesslech sollen op där Plaz 13 Haiser entstoen.