Si stoung do. Zanter 250 Joer. Roueg a steenhaart. Ma se stoung am Wee. De Konsdrefer "Programme d’action local" gesäit eng Verbesserung vun der "Openthaltsqualitéit“ am Duerfkär vir. Ouni Maison Lauer. Gebraucht gi Parkplazen. D'Geschicht? Déi stéiert beim Parken.
Zu Biermereng gëtt net nëmme gegruewen, neen. Et gëtt och direkt nees begruewen, zougeschott. Dat nennt sech "präventiv Archäologie" – d’Wëssenschaft vum Verhënneren. D’Konscht, d’Geschicht ze retten, fir se net retten ze mussen. Net d’Geschicht gëtt gerett, mee de Baustopp. D'Archéologie préventive: mir gruewen op an aus, fotograféieren, klasséieren an triéieren – an da schëppen mer nees zou. D'Geschicht gëtt begruewen, well se stéiert. Schliesslech sollen op där Plaz 13 Haiser entstoen.